Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer
who is elena dating in vampire diaries fast meet dating app

matchmaking videogiochi

Fir d‘Femmes Socialistes schéngt d‘Welt vun Dag zu Dag besser

pettiest reason you stopped dating someone
who is elena dating in vampire diaries fast meet dating app

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass

Um 3. Februar fält an den USA ee Fliger erof.

Pipo Peng: Eng flott Moss
who is elena dating in vampire diaries fast meet dating app

Pipo Peng: Eng flott Moss

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

money

Nyuko Asbl geet nei Weeër

Nyuko Asbl geet nei Weeër

Nodeems d‘Nyuko Asbl am August hiren Direkter un de „Luxembourg-City Incubator“ verluer huet, ass et zu enger verständlecher Restrukturatioun komm, an den Ëmfang vun den Aktivitéiten ass nei definéiert ginn. Wéi dat ausgesäit, ass am Kader vun enger Konventionéierung mat der Spuerkeess erläutert ginn.

Esou steet fest, datt d‘Nyuko Asbl sech op seng Wuerzele berifft: d‘Fërderung vum Entreprenariat an d‘Schafe vun Entreprisen nees an de Mëttelpunkt vu sengen Aktivitéite stellt. Iwwert déi lescht Joren hat sech Nuyko virun allem duerch seng Ënnerstëtzung vun de Start-up Entreprisen ervirgedoen. Mat der Entwécklung vun den Inkubatoren an ähnleche Strukturen, wéi d‘House of Start-ups, wëll Nyuko sech nees op säin initiaalt Geschäftsfeld konzentréieren.

D‘Asbl huet sech entscheet nees op d‘Berodung an d‘Erausfuerderung vum Entreprenariat ze konzentréieren. D‘Mënsche sollen nees begeeschtert ginn eppes ze „ënnerhuelen“, an Nyuko versprécht jidderengem, deen eng Geschäftsiddi huet, oder eng Entreprise iwwerhuele wëll, an der Phas virun der Kreatioun oder der Iwwernam, eng gratis Begleedung. Egal a wéi engem Secteur.

Nyuko wier deen Ament komplementar zu enger helle Wull un Instrumenter, déi et scho gëtt, fir Entrepreneuren de Start vun der Entreprise ze erméiglechen. Stellt sech natierlech d‘Fro, wat Nyuko anescht oder besser maache wëll wéi de „one-stop-shop“ vum House of Entrepreneurship vun der Handelskummer, oder déi sëlleche Programmer déi vu Luxinnovation ugebuede ginn?

Wësse wou een den Hiewel muss usetzen

Fir de President vun der Nyuko Asbl, Robert Goeres, d‘Geleeënheet sech zum neie Positionnement vu sengem Veräin auszedrécken. „Säit Ufank Januar bidde mir den Entrepreneuren, déi am Begrëff sinn hire Business ze lancéieren, erfollegräich e gratis Service un. Also eng Berodung a Begleedung am Virfeld vun der Kreatioun. Et geet drëms d‘Iddien ze analyséieren, an eng méi breet opgestallten Iwwersiicht zu deem wat de Maart ze bidden huet, ze erhalen“.

Oft ass et jo och esou, datt ee vu senger Iddi euphoriséiert ass, Detailer „ausgeblend“ huet déi engem spéiderhi Kappzerbrieches maache kënnen. Et gëtt sech bei der Berodung a Begleedung also net nëmmen op de méigleche Succès vun enger Geschäftsiddi konzentréiert, mee och all deem ugeholl, wat Problemer schafe kann. Als „Generalist“ huet Nyuko vläicht net selwer op alles eng Äntwert, mee weess dofir ëmmer wien eng Äntwert parat huet, oder zur Léisung ka bäidroen.

Dat erkläert och, firwat d‘Nyuko Asbl sech um Kierchbierg am House of Entrepreneurship néiergelooss huet. Sinn d‘Weeër kuerz, ass et fir all implizéiert Parteien eppes méi einfach en Dossier zügeg a mat beduecht esou ze ficeléieren, datt dësen och reell Aussiichten op Erfolleg huet. Fir 2019 wëll Nyuko 350 Mënschen déi sech lancéiere wëlle begéinen, an dovunner sollten der wéinstens 25 bis zur Kreatioun begleet ginn. Dat ass en ambitiéist, mee realistescht Zil.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten BCEE, Entreprenariat, Handelskummer, Nyuko Asbl, Spuerkeess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel