Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Italien huet seng politesch Kris
International Neiegkeeten

Italien huet seng politesch Kris

Eigentlech wollt den italieneschen Inneminister Matteo Salvini scho gëschter d‘Regierung

Taifun iwwer Japan
International Neiegkeeten

Taifun iwwer Japan

An Japan huet den Taifun „Hagibis“ schwéiert leed an a

HDZ gewënnt kroatesch Parlamentswahlen
International Neiegkeeten

HDZ gewënnt kroatesch Parlamentswahlen

D‘Partei vum regéierende Ministerpresident ass no der no der Auszielung

Obamacare: Republikaner ginn d’Gesetz einfach net lass

De Kampf géint Obamacare zitt sech an d'Längt

Obamacare: Republikaner ginn d’Gesetz einfach net lass

Am Kongress haten d‘Republikaner gëschter nach déi allerbeschte Laun an hu schonn eng signifikativ Victoire um Horizont gesinn. Mee et soll ee nu emol net dem Bier säi Pelz verkafe, wann deen nach net erleedegt ass. Well am Senat, wou si och d‘Majoritéit hunn, war et eriwwer mat der Freed. Obamacare kann net esou einfach ofgeschaaft ginn.

Dem fréiere President Barack Obama säi Konzept vun enger Krankekeess fir jidderee erweist sech als zéi. Mat 55 Stëmmen, vun deenen der 7 aus dem republikanesche Lager kommen, ass d‘Schleefe vun Obamacare verhënnert ginn. D‘Ofschafe vum Gesetz, ouni Ersatz, hätt Millioune vun Amerikaner ouni Gesondheetsversuergung gelooss.

Et war knapp

En Dënschdeg hat de Senat ganz knapp fir eng einfach Motioun gestëmmt, déi et erlaabt huet, d‘Debaten nees opzemaachen. Den Zweck dovunner war et, dës Woch ee Gesetzprojet unzehuelen, deen – op mannst partiell – Obamacare ausser Kraaft setzt.

Den Donald Trump hat sech natierlech gefreet an um Dënschdeg vum „Enn vum Albdram Obamacare“ geschwat. Elo kéint „een ee wierklech, wierklech herrleche Plang fir d‘amerikanescht Vollek op de Wee bréngen“, esou den US-President. Eng Freed, déi da vu kuerzer Dauer war. D‘Republikaner sinn sech bei der Fro vun der Gesondheetsversécherung einfach net eens.

Et war den entscheedende Vote vum Vizepresident Mike Pence, deen de Schachmatt gesate Senat (50-50) departagéiert huet. Néng republikanesch Senateuren haten sech do schonn der demokratescher Oppositioun ugeschloss, fir d‘Ofschafen an den totalen Ersatz vun Obamacare ze verhënneren.

Nach laang net eriwwer

D‘Versich vum Mitch McConnell, de Leader vun de Republikaner am Senat, Obamacare ouni Ersatz ofzeschafen, sinn also gescheitert. Et war allerdéngs ofzegesinn, well sech virum Vote republikanesch Senateuren ëffentlech géint déi virgeschloe Mesuren ausgeschwat haten.

Ech weess, datt Membere vu béide Parteie Virschléi anzebréngen hunn (…) stellt se zum Vote

Mitch McConnell, Leader vun de Republikaner am Senat

„Mir sinn awer entschloss alles ze maache fir Erfolleg ze hunn“, insistéiert de McConnell. Hie suggeréiert, datt dat neit Gesetz verschidde Forme kéint unhuelen. Als Ursaach gesäit hien do d‘Fräiheet déi de Senateure ginn ass Amendementer anzebréngen. „Ech weess, datt Membere vu béide Parteie Virschléi anzebréngen hunn (…) stellt se zum Vote“.

Domadder ass awer ersiichtlech, datt och bei de Republikaner Obamacare beschtefalls an Deeler verännert wäert ginn. Ofgeschaaft gëtt dat Gesetz dann elo awer net méi.

Debat iwwer Optiounen

Esou wéi et den éischten Entworf vun enger méiglecher Reform virgesäit, soll d‘Obligatioun fir den eenzelen eng Gesondheetsversécherung ofzeschléissen, ewechfalen. Gläiches betrëfft d‘Oplag fir Entreprisen, hire Salariéen eng Ofdeckung unzebidden. Dës mini-Reform hätt dann och zur Folleg, datt d‘Taxen op d‘Hiersteller vu medezineschen Apparater géif ewech falen.

D‘Leader vun de Republikaner wëllen dann och aus dem Projet keen eegent Gesetz maachen. Villméi gedenken si dat als Verhandlungsbasis bei den „Aller-Retouren“ mat der Representantekummer ze benotzen. Eng Approche déi bei den Demokraten op heftege Widderstand stéisst. D‘Verännerunge bei Obamacare géife grouss Aschneidunge bei Medicaid mat sech bréngen. (Medicaid ass de Gesondheetsversécherungsprogramm fir déi Äermst an Behënnert – NvdR) Mat deene vun de Republikaner virgeschloe Reformen, géifen och déi räichst vu Steiererliichterunge profitéieren. Fir Mënsche mat Virerkrankungen géifen dogéint d‘Primme staark an d‘Luucht goen.

En trojanescht Päerd

Fir de Chef vun den Demokraten am Senat, den Chuck Schumer, ass de Virschlag vun de Republikaner: „en trojanescht Päerd, geduecht fir de Senat an d‘Kummer zesummenzebréngen, wou de rietse Fligel vun de Republikaner, de ‚Freedom Caucus‘, d‘Ofschafung, oder eppes Ähnleches, wäert fuerderen“. Hie füügt bäi: „Et gëtt keng gutt Sortie“.

D‘Kummer hat jo och schonn am Mee d‘Ofschafe vun Obamacare beschloss an eng nei Reform ugeholl. Dee Projet war gläichfalls am Senat gescheitert. Déi vum Senat selwer ausgeschaffte Reform huet et dunn allerdéngs och net gepackt.

An d‘Schwieregkeet besteet zu gudder Läscht doranner, datt déi zwou Kummere mussen een identescht Gesetz unhuelen, iert dat vum President kann ënnerschriwwe ginn. Elo sinn sech d‘Republikaner awer an dëser Fro net eens. Dofir dierf een Zweiwel hunn, datt de Kongress enger Reform vum amerikanesche Gesondheetssystem kann Zoustëmmen.

mam Michael Mathes /AFP

Foto: Nach en Dënschdeg war de Protest géint de republikanesche Gesetzprojet zu Washington opgebléit. Deen ass elo am Senat gescheitert, wat awer net bedeit, datt d‘Republikaner dem Trump säi Wahlverspriechen, Obamacare ofzeschafe, elo géife vergiessen‘(© Drew Angerer/Getty Images/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Obamacare, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel