Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz
Neiegkeeten

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz

No der Nordea Bank kënnt elo mat Clearstream de gréisste

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf
Neiegkeeten

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Vun der ganzer Welt hierkomm oder op der Plaz rekrutéiert,

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?
Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?

Déi grouss Vakanz ass geschwënn eriwwer, d’Schoul geet nees un.

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)

Staatlech Institutioun als Marketing-Agence fir Personalvermëttlungsagenturen

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)

Mir sinn schonn a gewësse Moossen eng „Spaassgesellschaft“ mee et sollt een sech dann awer bewosst sinn, datt net alles wat gutt gemengt ass, och gutt gemaach gëtt. An esou kann een den Effort vun der ADEM, mat méiglechst wéineg Opwand villes bewierken och ëmschreiwen.

Fir e bessert Versteesdemech bezéie mir eis op den Jobday vun der ADEM, deen am Partenariat mat der „Federation for Recruitement, Search & Selection“ (FR2S) de leschten Donneschdeg (4. Abrëll) zu Waasserbëlleg organiséiert ginn ass. Hei konnte 600 vun der ADEM selektionéiert „Kandidaten“ sech direkt mat de sougenannten „Head Hunter“ ënnerhalen. Eng Formel déi erfollegräich wier.

Et ass nach wichteg drop hinzeweisen, datt hei an den ieweschten Tirang gegraff ginn ass, an ee schonn zolidd Referenzen huet misse virgewisen hunn, fir an de Genoss vum Privileg ze kommen. 14 Entreprisen aus dem Beräich vun der Personalvermëttlung, hunn zu Waasserbëlleg quasi hir „Wuer“ op engem Tablett presentéiert kritt. Am offizielle Sproochgebrauch heescht et allerdéngs:

„Während dem Dag dem Rekrutement dediéiert ass, konnten d‘Personalvermëttlungsagenture vill fräi Plaze virstellen, mee och déi Kandidaten, déi op der Sich no enger Schaff sinn, beroden. Et si spezialiséiert Atelieren ugebuede ginn, déi sech mat de Methode fir e gelongent Astellungsgespréich oder dem effizienten Ëmgang mat den digitale Moyenen, ausenanergesat hunn“.

Dubiéis Geschäftspraxis

Dëse Saz – wann ee gewëllt ass en ze verstoen – verréit villes. Esou kann een dorausser enthuelen, datt d‘ADEM net iwwert qualifizéiert Personal verfüügt, dat een op e Virstellungsgespréich ka virbereeden, keen do ass deen engem den „effizienten“ Ëmgang mat der Informatik bäibréngt, an et souwisou méi bequem ass, engem kommerziellen Operateur d‘Aarbecht ze iwwerloossen.

Eng „béis“ Behaaptung ass dat sécherlech, mee se gëtt vun der Federatioun (FR2S) net dementéiert. „Fir d‘Membere vun der FR2S ass d‘Objektiv vun dësem Evenement, eng gemeinsam Aktioun duerchzeféieren, fir engersäits der Hausse vun de qualifizéierte Kandidaten déi sech op der ADEM ageschriwwen hunn an anersäits dem Mangel u Beruffsprofiller, essentiellement am Beräich vun der Informatik, de Banken an der Finanz ze begéinen“, esou hiren offizielle Statement.

ADEM

Äre Succès ass hiert Geschäftsmodell. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat wier jo u sech alles net wierklech e Problem, well eigentlech geet et drëms de Mënschen eng Aarbecht unzebidden oder ze fannen, déi hirer Qualifikatioun entsprécht. Elo ass et jo dann awer nach ëmmer esou, datt een deen eng Aarbechtsplaz ze verginn huet, déi der ADEM melle misst oder zumindest soll. An dat werft alt nees eng ganz Rei Froen op, déi eis natierlech kee beäntwerte wëll.

Subventionéiert Vermëttlung

Déi „spezialiséiert“ Personalvermëttlungsagenture schéngen awer dee besseren Drot zu den Entreprisen ze hunn wéi d‘ADEM, well si verfügen iwwert e wiesentlech méi „Plazen“ an ginn och direkt vun den Interesséierte geziilt op de benéidegte Profil ugesat. D‘Wirtschaft huet deemno net esou e grousst Vertrauen an d‘Equipp an d‘Mataarbechter vun der Direktesch Isabelle Schlesser.

Krass? Wann ee sech emol d‘Nimm vun de Membere vu FR2S eranzitt, muss ee keen am Detail kënne fir sech sécher ze sinn, dat wien deenen hir Servicer an Usproch hëlt, entspriechend bezuele muss. Elo ginn Entreprise fir hir Salariéeën net gäre Geld aus, firwat een unhuele muss, datt e Service dee „gratis“ ass, eigentlech déi éischt Wiel sollt sinn. Firwat notzen si d‘ADEM dann net?

Wann Entreprisen – an indirekt och d‘Demandeuren – musse Geld an de Grapp huelen, fir gëeegent Personal ze fannen, dann hu se op der ADEM e seriéise Problem mat der Kredibilitéit an et sollt ee sech froen, op iwwerhaapt qualifizéiert sinn hiren Optrag, also Leit an Aarbecht ze bréngen, esou ze erfëllen amstand sinn. Wien sech schonn emol mat der ADEM ze dinn hat, weess wat gemengt ass.

Eng aner Fro déi sech stellt: „Firwat mécht FR2S net säin eegene Jobday?“ D‘Äntwert ass eppes mä komplex wei ee unhuele kann. Woubäi ee populistesch virgoen a behaapte kéint, si hätten e gudden Domme fonnt deen hinnen d‘Organisatioun an d‘Käschte vum Evenement ofhëlt. Deem ass de facto net esou, well et war d‘ADEM déi u si erugetrueden ass. Eng Offer déi net ze refuséiere war.

Wiem et notzt

Elo dierf een bei aller Kritik net déi reell Opportunitéit vun esou engem Dag iwwergoen. Et ass wuel kee mat engem Aarbechtsvertrag heem gaangen, mee et ass Erfarung gesammelt a sech „vernetzt“ gi wéi et haut esou schéin heescht. Rekrutement op Management-Niveau oder fir ganz spezifesch Qualifikatiounen, gi schonn ëmmer an enger Parallelwelt realiséiert, dat ass net nei.

 

ADEM

Wann deng Zukunft hei ufänkt, solls de deng Vergaangenheet a Fro stellen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nei dogéint ass, datt et mat Steiergelder finanzéiert gëtt. Also och net wierklech nei, déi Praxis gëtt et eppes méi laang a betrëfft net eleng de sougenannten „Héichqualifizéierte-Beräich“. Dat léisst eis dann awer nees unhuelen, datt wann d‘ADEM oplëscht wéi vill Demandeure konnte vermëttelt ginn, dozou och all déi gezielt ginn, déi si u Personalvermëttlungsagenture weider gereecht hunn.

Um Enn ass awer jiddereen de Gewënner. De Demandeur deen elo weess, datt en sech mat senger Qualifikatioun besser direkt u Profie wenne soll. D‘Membere vu FR2S, déi mat geréngstem Opwand d‘Kandidate quasi virgefiltert zougedeelt kréien. An natierlech d‘ADEM, oder villméi all déi Placeuren a Conseilleren, déi sech léiwer mat grondsätzlechem beschäftegen…

Foto: Héichqualifizéiert? Da klick direkt bei FR2S op d‘Säit a sich de däi Vermëttler selwer aus, iert d‘ADEM dech weiderreecht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ADEM, Jobday, Personalvermëttlungsagenturen, Privatwirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel