Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schutz vun den Ozeaner: Lëtzebuerg hëlleft, den Trump éischter net
International Neiegkeeten

Schutz vun den Ozeaner: Lëtzebuerg hëlleft, den Trump éischter net

Gëschter huet de Weltdag vun den Ozeaner stattfonnt – en

Drock op US-Waffelobby klëmmt
International Neiegkeeten

Drock op US-Waffelobby klëmmt

Am Februar vun dësem Joer war dem amerikanesche Senat e

Scooter a Bedrängness
International Neiegkeeten

Scooter a Bedrängness

Do denks de der näischt Schlechtes, an dann trëfft dech

De BoJo wëll senge Landsleit un de Speck goen

Iwwergewiicht ass eng vun de gréisste Gesondheetskrisen an déi britesch Regierung wëll et ugoen

De BoJo wëll senge Landsleit un de Speck goen

Beim Junk-Food soll et zukünfteg verbuede sinn „zwee zum Präis vun engem“ unzebidden an op der Tëlee wäert et keng Reklamme méi staark fett-, zocker- an/oder salzräich Iesswuere méi ginn. D‘Regierung wëll sech esou e weidert Mëttel ginn, fir de Coronavirus ze bekämpfen…

Um Méindeg huet déi brittesch Regierung e Moossnamepak beschloss, mat deem der Bevëlkerung solle gehollef ginn sech besser a méi ausgeglach ze ernieren. D‘Mënsche wieren iwwergewiichteg an esou potentiell Zäitbommen. Am Kontext vun der Covid19-Pandemie misst ee sech der Evidenz stellen, datt d‘Bevëlkerung misst fit a gesond ginn, esou de Message vum Gesondheetsministère.

Obesitéit

Et géif en Zesummenhang tëscht dem Iwwergewiicht an der Stierflechkeet vun de Patienten am Fall vun engem schwéiere Krankheetsverlaf bei enger Covid19-Infektioun, esou d‘Autoritéiten, an dësem Risk wéilt ee sech elo entgéintsetzen. Bei ronn 8% vun de Covid19-Patienten, déi hu missen op der Intensivstatioun behandelt ginn, war eng krankhaft Fettleiwegkeet festgestallt ginn.

Am Verglach mat der allgemenger Bevëlkerung, wou den Taux vu krankhafter Fettleiwegkeet ënner 3% geleeën ass, wier de Constat däitlech. Eng falsch an/oder schlecht Ernierung wier eng Gefor fir d‘Gesondheet, an am Kontext vun der Covid19-Pandemie – wou sech och a Groussbritannien op eng zweet Well virbereet gëtt – misst alles ënnerholl ginn, d‘Bevëlkerung besser ze schützen.

Méi Sport dreiwen, besser iessen

Elo riicht sech dës Campagne awer net spezifesch un déi krankhaft fettleiweg, mee méi generell un all d‘Britten déi mat Iwwergewiicht geplot sinn. De Premierminister Boris Johnson, dee selwer net dat ass wat een als „Athletesch“ kéint ëmschreiwen, wëll mam gudde Beispill virzegoen, an erhofft sech vu seng Landsleit matzemaachen. Mindestens 2 Kilo sollen déi iwwergewiichteg verléieren.

ObesitéitDatt dem BoJo säi Programm „Better health“ duerchaus sënnvoll ass, ergëtt sech bei engem Bléck op d‘Statistike vum Gesondheetsministère. A Groussbritannien wieren 63% vun allen Erwuessenen ze déck. Déi am stäerkste betraffen Altersklass, wieren d‘Senioren am Alter tëscht 55 a 74 Joer. Ganz ausgepräägt ass de Problem natierlech och an de sozial benodeelegte Communautéiten.

An dësem Kontext dierf nach drop higewise ginn, datt nieft dem positiven Effet op d‘Gesondheet vun all Eenzelem, dësen „Ofspeck-Programm“ och ganz allgemeng dem Gesondheetssecteur géif entgéint kommen. D‘Regierung erhofft sech iwwert dës Mesure, bis 100 Millioune Pond (iwwert déi nächst 5 Joer) zugonschte vum nationale Gesondheetsdéngscht (NHS) anzespueren.

Wéi gesäit et da bei eis aus?

Wann déi brittesch Campagne sécherlech och wäert genotzt ginn, fir nees de Spunnes mat der brittescher Regierung an dem Boris Johnson ze dreiwen, esou sollt een net iwwersinn, datt och Lëtzebuerg mam „Gewiicht“ vu senge Residenten en zolitte Problem huet. Bezunn op d‘Zuele vun 2016, wieren am Land 31,4% vun de Leit iwwergewiichteg, 15,6% esouguer krankhaft fettleiweg.

Obesitéit

Zu Lëtzebuerg gi wuel och reegelméisseg Campagnen zur Sensibiliséierung gemaach – de CHEM zu Esch-Uelzecht beispillsweis organiséiert en Dag vun der Preventioun – mee um politesche Courage, och der Liewensmëttelindustrie endlech op d‘Fanger ze klappen, feelt et leider och bei eis nach ëmmer. D‘Paulette Lenert (LSAP) hat eis fir Ouschteren den Nutriscore versprach, mee…

Gutt elo wëssen se och am Gesondheet- a Konsumenteschutzministère, datt Obesitéit zu Diabetis, Kriibs an Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge féiert, mee et gëtt sech alt nees op de Verstand an d‘Vernonft vun de Bierger verlooss. Wéi ziilféierend Recommandatioune sinn, huet eis den Deconfinement gewisen an den Nutriscore ass nach ëmmer net do. An deen eleng léisst bekanntlech de Problem net.

mat indymedia/lon

Illustratioun: Eng gesond Ernierung an de Bildungsariichtungen hu mir hikritt. Mee wat et notzt et wann et esouvill Reklamme gëtt, déi engem de Kapp verdréinen? Et wier de richtege Wee, esou wéi dat beim Tubak an Alkohol gemaach gëtt, sech och der Werbung zouzewennen, an hei d‘Reegelen ze verschäerfen. © AllGo / unsplash

Ähnlech Sujeten Adipositas, Better Health, Boris Johnson, Fettleiwegkeet, Iwwergewiicht, Obesitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel