Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!
International Neiegkeeten

D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!

Um Mëttwoch hunn sech déi „Alliéiert“ vum Irak am Kader

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen
International Neiegkeeten

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen

Mat iwwer 12.000 Logementer fir d‘Refugiéen an Asylante mécht Frankräich

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet
International Neiegkeeten

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet

Nodeems déi tschechesch EU-Kommissärin Vera Jourova hirer Iwwerzeegung, datt d‘Russen

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff

E Méindeg huet Google matgedeelt, datt si am Mäerz e Sécherheetslach entdeckt, an direkt gestoppt hunn. Betraff war d‘Sozialnetzwierk Google+ an hei sollen déi perséinlech Date vun enger hallwer Millioun Konten offe geluecht gi sinn.

No dësem Feeler am System, an der Feststellung dat et eng grouss Inaktivitéit vun den Notzer gëtt, huet den Internet-Ris entscheet, Privatpersounen den Zougang zum Sozialnetzwierk – an deen all Mënsch deen eng „gmail“ Adress huet automatesch ageschriwwe gëtt – zou ze maachen

De Numm vun dëser hallwer Millioun Mënschen, hir elektronesch Adress, Beruff, Genre an den Alter, sinn d‘Haaptinformatiounen déi konnten agesi ginn, verséchert Google op senger Internetsäit.

Date wéi: Messagen an Telefonsnummeren, wieren net zougänglech gewiescht, och Informatiounen zum Google-Account hätt e net kënne consultéieren, heescht vum Grupp vu Mountain View a Kalifornien. Si gestinn awer, net mat Sécherheet ze wëssen, wéi eng Cliente betraff sinn.

Och „Appe“ betraff

Ofgesi vu de 500.000 Konten, wiere vun dësem Sécherheetslach bis zu 438 Applikatioune betraff, ass d‘Feststellung no engem externen Audit. Google behaapt, datt d‘Entwéckler vun Applikatiounen net vun dësem Sécherheetslach woussten, also och net op déi Daten zougegraff hunn.

„Mir hu kee Beweis fonnt, datt d‘Date mëssbraucht gi wieren“, esou Google. Google+ dee Milliounen Notzer revendiquéiert, gëtt haaptsächlech vu Professionelle genotzt, déi sech u ganz spezifesche Sujeten interesséieren, an den Update vun hire Kontakter iwwer „Kreesser“ agesinn.

Dat sinn eigentlech Kontakt-Gruppen déi vum Notzer, no eegene Kritäre: Interessi, Clienten, Relatiounen an esou weider, zesummegestallt ginn. An deenen ass et da méiglech festzeleeën, wéi eng Inhalter gedeelt ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Dateschutz, Google, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel