Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Akerbauschoul zitt vun Ettelbréck op Gilsdref. Mee wat geschitt mam Patrimoine, deen do ze fannen ass?
Neiegkeeten

D’Akerbauschoul zitt vun Ettelbréck op Gilsdref. Mee wat geschitt mam Patrimoine, deen do ze fannen ass?

Bis 2020 soll d’Akerbauschoul op Gilsdref plënneren. An hirer laanger

D’Taina Bofferding zu Genf – D’Risike vu Katastrophe reduzéieren!
Neiegkeeten

D’Taina Bofferding zu Genf – D’Risike vu Katastrophe reduzéieren!

Um vergaangenen Dënschdeg a Mëttwoch huet d’Inneministesch Taina Bofferding bei

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen
Neiegkeeten

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen

D’Mënscherechtsbeobachterin vun der Rettungsorganisatioun Sea-Eye huet zwee Iwwerliewender interviewt, déi

Elo hu mir och e Recht drop „Vergiess“ ze ginn

Lëtzebuerg ass datt drëtt Land an Europa, wou een „al Geschichte roue loosse“ kann

Elo hu mir och e Recht drop „Vergiess“ ze ginn

No eise belschen a franséischen Noperen, hunn och mir Lëtzebuerger d‘Recht op d‘Vergiessen ugeholl. Zukünfteg muss een net méi seng ganz Krankegeschicht duerleeë wann een e Prêt op der Bank maache wëll (oder muss). Dat gëllt dann awer och nëmme fir d‘Krankegeschicht.

Et ass sécher e Fortschrëtt, wann ab dem 1. Januar 2020, Mënschen déi eng schwéier Pathologie iwwerstanen hunn, déi – nodeems si säit enger Rei Joren als „geheelt“ ugesi ginn – net méi mussen uginn. Bis ewell war et esou, datt „Krank“ Mënschen entweder guer kee Prêt kritt hunn, oder sech hu misse mat Wucherzënsen averstanen erklären. Idem bei den Assurancen, wou d‘Primme schonn emol ëm 200% méi deier gi sinn. Banken an Assurance behalen awer de längeren Hiewel am Grapp.

Trotz allem ass déi Konventioun, déi gëschter vum Gesondheetsminister Etienne Schneider (LSAP) an dem President vum Assuranceverband (ACA) Christian Strasser ënnerschriwwe ginn ass, eppes wéi e Fortschrëtt. Aacht Assurance si vun dëser Konventioun betraff, an et heescht datt Mënschen déi emol schwéier Krank „waren“ elo och nees sollten d‘Méiglechkeet erhalen, e Prêt ze maachen, an dat ënnert „akzeptabelen an raisonnabele Konditiounen“. Dat kléngt net no Gläichstellung…

Fallbeispill

Et muss een zudeem dës Konventioun, mat där sech déi aacht bedeelegt Assurance an éischter Linn e sozialen Touch – net awer sozial Verantwortung – ginn, awer zolidd relativiséieren. Esou heescht et, datt am Fall vun enger Persoun, déi u Kriibs erkrankt a behandelt ginn ass, an déi laut therapeuteschem Protokoll geheelt ass, dës Persoun no 10 Joer net méi gehalen ass hir Pathologie unzeginn.

Fir jonk Mënschen déi Kriibs virum 18 Liewensjoer haten an als geheelt gëllen, soll den Delai esouguer op fënnef Joer verkierzt ginn. Bei der Fondatioun „Cancer“ ass d‘Noriicht begréisst ginn. Déi huet schonn 2016 d‘Recht op Vergiessen agefuerdert. De Gesondheetsminister ass och mat dëser Konventioun zefridden, well et derzou féiert, datt Mënschen déi eng schwéier Krankheet iwwerstanen hunn, elo och méi „gläich“ behandelt ginn.

Sozial verantwortlech Assurancen?

„Ugesiichts den therapeutesche Fortschrëtter, erlaabt dës Konventioun eng korrekt Appreciatioun vun de Risike bei der Souscriptioun vun enger Assurance“, esou den Etienne Schneider. Woubäi et eng „schwammeg“ Konventioun ass. Et ginn esou 10 spezifesch Kriibserkrankungen an d‘Hepatite C déi nach ëmmer mussen deklaréiert ginn, wann een eng Assurance „solde restant dû“ beim Kaf vun enger Immobilie soll ofgeschloss ginn. Et dierft awer net méi géint de Client benotzt ginn…

Dat selwecht soll fir Cliente gëllen déi Aids hunn an a Behandlung sinn. Déi mussen och weiderhin hir Krankheet deklaréieren an d‘Assurancen dierfen se net méi ausschléissen, mee awer d‘Primm ëm maximal 100% erhéijen. Datt dat och agehale gëtt, dofir soll e Comité, bestoend aus Vertrieder vun de verschiddene Parteien, suergen. De Christian Strasser gesäit a senger Ënnerschrëft de beweis an de Wëlle vun den Assurancen hirer sozialer Verantwortung gerecht ze ginn.

Foto: Zwee déi mat sech dierften zefridde sinn. De Christian Strasser (l) President vun der ACA an den Etienne Schneider no der Signature vun der Konventioun tëscht dem Ministère an der ACA. © MSAN

Ähnlech Sujeten ACA, Christian Strasser, Droit à l'Oubli, Etienne Schneider, Gesondheetsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel