Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alzeng: Liicht getéitscht awer déck zefridden
Neiegkeeten

Alzeng: Liicht getéitscht awer déck zefridden

E Sonndeg ass zu Alzeng virun enger beandrockender Zuschauerkuliss d‘Championnat

G20-Sommet – E Scheitere verhënnert, mee eens ass ee sech och net
Neiegkeeten

G20-Sommet – E Scheitere verhënnert, mee eens ass ee sech och net

Datt de G20-Sommet vun Osaka net zum Debakel verkomm ass,

Kommt all an de Mariendall
Neiegkeeten

Kommt all an de Mariendall

E Sonndeg de 15. September mécht de Jugendzentrum am Mariendall

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“

Untersuchungsriichter mécht mat der Inculpatioun vun néng „Verdächtegen“ op sech opmierksam

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“

D‘Land kënnt einfach net an d‘Summerpaus: do déi ominéis Affäre mat den Datebanke vu Police a Justiz, déi zwee grénge Minister d‘Laun an den gudden Toun versaut. Dann d‘Gestreits mat der Verfassungsreform, déi wéi et ausgesäit am Hiecht elo awer net wäert zu Diskussioun stoen. An elo suergt och nach de „Bommeleeër“ fir eppes Gespréich…

Fir déi eng ass d‘Joerhonnertaffär, fir all déi aner déi lëtzebuergesch Äntwert op déi „onendlech Geschicht“ vum Michael Ende. Wéi och ëmmer, de Prozess, deen Enn Februar 2013 géint déi fréier Gendaarme vun der mobiller Brigad, Jos Wilmes a Marc Scheer, opgeholl gouf, fir Ufank Juli 2014 „suspendéiert“ ze ginn, kritt fënnef Joer méi spéit e neien Elan. An hei dat, ëm wat et geet.

Aus dem Communiqué vum Parquet geet ervir, dat tëscht dem 17. Mee an dem 12. Juli vun dësem Joer, 10 „verdächteg“ Persounen zum Entretien beim Untersuchungsriichter Ernest Nilles ageluede waren. Dat wat déi ze erzielen haten (och eben och net) huet de Riichter awer net iwwerzeegt an dësen huet dann elo och entscheet, néng vun den zéng „Gespréichspartner“ ënner Uklo ze stellen.

Sechs dovunner waren als Zeien an de Prozess agebonne ginn, woubäi sengerzäit de Procureur Georges Oswald – no der 176. Audienz (25 Juni 2014) – dës Komeroden och scho wollt ënner Uklo stellen. Et handelt sech bei dëse „Verdächtegen“ ëm: Charel Bourg, Aloyse Harpes, Pierre Reuland, Armand Schockweiler, Guy Stebens a Marcel Weydert. De Bernard Geiben ass net inculpéiert ginn.

Déi Häre Bourg, Harpes, Reuland, Schockweiler a Stebens – fréier ganz héich Beamte vun der zanterhier opgeléister Gendarmerie – mussen sech elo op eppes gefaast maachen. Hinne wërft den Untersuchungsriichter fir sech u folgenden Uschléi bedeelegt ze hunn:

  • déi zwee Ugrëff op de Fluchhafen den 9. an 10. November 1985;
  • de Sprengstoffattentat géint e Mast vun der Cegedel zu Heeschdref, den 30 November1985;
  • d‘Attack géint den EU-Sommet, den 2. Dezember 1985;
  • den Uschlag géint d‘Haus vum Notaire Camille Hellinckx, de 16. Februar 1986;
  • an den Uschlag géint d‘Haus vum Colonel Jean-Pierre Wagner, de 25. Mäerz 1986.

Am Kontext vum Ugrëff op de Justiz-Palais (19. Oktober 1985) huet de Parquet keng Bedeelegung zréckbehalen. Wat déi „Participatioun“ am spezielle betrëfft, esou ass net rieds dovunner, datt déi Beschëllegt sech aktiv un der Dot bedeelegt hätten. Et géif sech awer esou verhalen, datt d‘Uschléi nëmmen dank hirer „Berodung a Uweisung“ méiglech waren. A si hätten och d‘Auteure geschützt.

Geet d‘Uklo duerch, gëtt et sauer

Fir déi elo Ugekloten, déi sech 24 Joer méi spéit un nach „manner erënneren“ dierfte wéi zum Zäitpunkt wou se just „Zeie“ waren, ass et eng batter Pëll déi si do ze schlécken hunn. D‘Lëscht vun den Infraktiounen déi hinnen zur Laascht geluecht ginn, schéngt dann och keen Enn ze fannen.

Et ass awer och vun allem eppes derbäi: dat geet vu versichtem Mord, iwwer Gewaltuwennung zur Falschausso a Brandstëftung, fir der e puer ze ernimmen. Dat hat esou sengerzäit och de Procureur (zumindest am Usaz) erkannt, deen hei eng Verbindung zu den Ermëttlunge géint de Ben Geiben hiergestallt hat. Hir Deklaratiounen am Kontext vun der Bomm beim Geriicht hate Froen opgeworf.

Am beschten ewech kënnt de Marcel Weydert. Dee muss sech – esou zumindest den aktuelle Stand – nach just wéinst Falschausso veräntwerten. Hie war an d‘Zännrad vun der Justiz geroden, well seng Aussoen am Kontext vum Uschlag op d‘Kasematten (5. Juli 1985) net esou ganz der Wourecht entsprach hunn. De fréiere Chef vun der „Sûreté“ Armand Schockweiler huet déi Chance net.

Wenne mir eis dann de dräi weideren Ugekloten zou. Dat sinn alles Befeelsempfänger vum Armand Schockweiler, schliisslech waren si als Ermëttler bei der Sûreté täteg. De Guillaume Büchler, Paul Haan an de Lucien Linden mussen sech wéinst „Falschausso am Kontext vun der Observatioun vum Ben Geiben“ rechtfäerdegen. Hien ass och deen eenzegen, deen net vum Riichter ugeklot gëtt.

Wéi et elo weider geet ass schwéier ze bestëmmen. Et muss d‘Enn vun der Instruktioun ofgewaart ginn an da geet de ganzen Dossier emol fir unzefänken zréck un de Parquet. Dee muss datt dann och weiderleeden an zwar un „d‘Chambre du Conseil“ déi schlussendlech d‘Decisioun huele muss, ob d‘Affaire engem Prozess ënnerzu gëtt, oder et zu engem „Non-Lieu“ vun de Poursuitte kënnt.

Illustratioun: Thomas Staub

Ähnlech Sujeten Aloyse Harpes, Armand Schockweiler, Bernard Geiben, Bommeleeër, Charel Bourg, Guillaume Büchler, Guy Stebens, Lucien Linden, Marcel Weydert, Paul Haan, Pierre Reuland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel