Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!
Meenung Neiegkeeten

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!

Bei geneeër Betruechtung vun den Zuelen déi d‘UN elo virgeluecht

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement
Meenung Neiegkeeten

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement

No 9 Woche Confinement, kommen och eis belsch Nopere féiere

money
Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur
Meenung Neiegkeeten

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

Och Wierder kënne wéidoen!

Och Wierder kënne wéidoen!

Haislech Gewalt huet vill Gesiichter. Et ass net nëmme Gewalttätegkeet an Aggressivitéit, dacks sinn et Wierder oder Reaktiounen déi d’Affer uerg blesséieren an d’Selbstwäertgefill Stéck fir Stéck zerstéieren.

Stelle mir eis elo eng Famill vir, de Papp kënnt vun der Aarbecht heem, gesäit dass säin Teenager gutt am Haushalt gehollef huet. En ass houfreg a waart op e léift Wuert.

An, wat soll ech dann elo soen? Mäi Patron huet och keng Wieder fir mech iwwereg, wann ech meng Aarbecht gutt maachen. Winn dech drun!

Sollt seng Reaktioun kee Luef sinn? Wéi soll dat Kand da wëssen a spieren, dass et eppes Guddes gemaach huet? An deem Alter däerf een net denken, dass een näischt derwäert ass. Ass et net dem Papp seng Aufgab, dem Kand op sengem Wee zum gudden Erwuessenen ze hëllefen? E gutt Beispill sinn? Et ass dach en Ënnerscheed ob s de Papp oder de Patron bass!

Anert Zenario:

D’Fra gesäit hirem Mann of, dass en e schlechten Dag op der Aarbecht hat, si béckt him e Schockelaskuch – mat Pudderzocker gëtt nach en Häerz drop gemaach. Dat gutt un där Saach ass, de Kuch gëtt giess. Den negativen Effekt ass, dass de Mann sech iwwert d’Sauerei an der Kichen opreegt. Hätt en sech net kéinte freeën a Merci soen? Si Fra an Teenager do net och Affer, och wann se net geschloe ginn? Ginn dës Fäll genee esou Eescht geholl oder sinn et just Familljenstreidereien? Muss d’Fra wierklech mat engem Psycholog iwwert hier Gefiller an Ängschte schwätzen, well de Mann no der Aarbecht seng Rou wëll hunn? Wou muss d’Noutbrems gezu ginn?

D’Gedanke bei den Affer dréien sech stänneg ëm de Mann – wat hunn ech vergiess ze maachen, wat ass net gutt gemaach, wéi vill a wat däerf ech schwätzen a wéi ass seng Laun wann en heem kënnt …D’Lëscht ass onendlech!

An dësen zwee Beispiller war de Mann den Täter, ma et gëtt ze wéineg driwwer geschwat, dass och Männer d’Affer kënne sinn. D’Schimmt hält se dovunner of, iwwert dës Erliefnisser ze schwätzen. Ech fannen dat traureg!

Och bei dëse Problemer soll Mann, Fra oder Kand sech onbedéngt Hëllef sichen – well egal wéi grouss d’Léift zu deem aneren ass, eleng kënnt keen aus dësem Däiwelskrees.

Opmaacherbild: © Claudia Soraya / Unsplash

Ähnlech Sujeten Affer, Beleidegung, Familljenstreidereien, Gefiller, haislech Gewalt, Psycholog, Wieder
Nächsten Artikel Virrechten Artikel