Search

You may also like

Fält National Feierdag aus? Zwar net!
Neiegkeeten

Fält National Feierdag aus? Zwar net!

Gutt grouss Party an honnertdausende Mënsche wëll dëst Joer keen

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen
Neiegkeeten

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen

An der Suessemer Gemengerotssëtzung vum 2. Mäerz, haten déi lénk

money
De Lëtzebuerger Konsumenteschutz fuerdert eng zousätzlech Stäerkung vun der Kafkraaft
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz fuerdert eng zousätzlech Stäerkung vun der Kafkraaft

Wéi et kierzlech vun EUROSTAT bestätegt ginn ass, ass Lëtzebuerg

Staatsverträg déi fir Ierger suergen

Huet et Gemauschels a Faveure fir den Oeko-Service Lëtzebuerg SA ginn?

Staatsverträg déi fir Ierger suergen

Muer Mëttwoch den 23. Februar, mussen sech d‘Ëmweltministesch an de Wirtschaftsminister op Demande vun de politesche Sensibilitéite Piraten an ADR, zur „exzellenter Zesummenaarbecht an Optragsvergab“ mat der SuperDrecksKëscht® (SDK) – gehéiert zur Oeko-Service Lëtzebuerg SA – äusseren.

Nodeems d‘Kolleege vu reporter.lu eppes Recherche zu der gudder Bezéiung tëscht Oeko-Service Lëtzebuerg SA/SuperDrecksKëscht an der Regierung bedriwwen huet, dreet Ongemaach. Esou heescht et am Artikel vun der Onlineplattform, datt hei enger privater Entreprise mat Steiergelder eng Monopolstellung zougeschanzt gi wier. Den Oeko-Service Lëtzebuerg SA gehéiert 2 Bridder aus dem Saarland: dem Hans-Peter an dem Hermann Walter.

Entspriechend de „Revelatioune“ vu reporter.lu géif et eng „enk Bezéiung“ tëscht dem Direkter vun der Ëmweltverwaltung, Robert Schmit an dem Hans-Peter Walter. Dat bezitt sech op de Fait, datt de Beamten de Pätter vum Hans-Peter senger Duechter ass. Als weidere Fait gëtt drop higewisen, datt dem Beamte säi Bouf, en héije Verantwortungsposte bannent der Oeko-Service Lëtzebuerg SA fir sech erhale konnt. Do ka schonn emol vu Gemauschels rieds goen…

Legal, illegal, schäissegal?

An dësem Kontext ass wichteg drop hinzeweisen, datt déi ganz „Aktioun“ SuperDrecksKëscht® ënnert der Autoritéit vum Ëmweltministère koordinéiert gëtt an der ganz normaler Prozedur vun de Maartverfaren ënnerworf bleift. Also eigentlech… well wann een de Konkurrente vun de Bridder aus dem Saarland esou nolauschtert, dann hätt déi Lëtzebuerger Regierung sech ee Gesetz ginn, mat deem et hinnen onméiglech gemaach, op dësem Maart aktiv ze ginn.

Elo ass dësen „Deal“ awer schonn 30 Joer al, a weder d‘Carole Dieschbourg (déi gréng), nach de Franz Fayot (LSAP) hunn dëse verschëlt. Trotzdeem, esou zumindest d‘Duerstellung vu reporter.lu géifen d‘Bridder hei kloer bevirdeelegt. Oeko-Service Lëtzebuerg SA bezilt jo och all Joer ganz agreabel Dividenden aus. 2019 sollen sech béid Bridder annerhallef Millioun Euro gedeelt hunn. De Staat iwwerweist iwwregens 10 Milliounen d‘Joer, fir d‘Aktioun SDK.

Klärung erfuerderlech

Bei de Pirate wéi och der ADR, besteet no der Publikatioun vum investigativen Artikel elo awer Klärungsbedarf. Dat gesinn d‘Carole Dieschbourg an den Direkter vun der Ëmweltverwaltung natierlech eppes anescht. D‘Ministesch mengt et hätt een sech schonn dozou geäussert, zudeem wier d‘Ausschreiwung entspriechend dem bestoende Recht gemaach ginn. De Robert Schmit sengersäits, weist d‘Virwërf vun enger Monopolstellung zeréck.

Vum Wirtschaftsminister gëtt sech Äntwert op d‘Virwërf säitens den SDK-Konkurrenten, betreffend eng deloyal Konkurrenz, erwaart. Béid Ministere sinn an dësem konkrete Fall gutt beroden, sech hir Äntwerte gutt iwwerluecht virzebréngen. Den Deputéierte Sven Clement (Piraten), dee jo scho ganz erfollegräich Bewegung an d‘Affär Bettel/Bertelsmann/RTL bruecht huet, wäert alle bedeelegten Acteuren awer gehéiereg op den Zant fillen, wat Spannung versprécht.

Dat eegent Hiem ass engem am Nächsten

Fir de Sven Clement gëtt et am Dossier „SDK“ vläicht keng Irregularitéiten am juristesche Sënn, dofir awer zumindest gréisser „Bedenken“, well bei 10 Milliounen Euro d‘Joer eleng aus der Kees vun de Steierzueler, kéint de Staat jo och direkt Proprietär vum Buttek sinn. Interessant och déi treffend Remark, datt sech zumindest d‘Ëmweltverwaltung d‘Rechter vum Label „SDK“ hätt kënne sécheren. Den Direkter vun der Verwaltung behaapt dat géif net goen.

Dat gëtt um direkte Wee vum Deputéierte gekontert. De Sven Clement stellt fest, datt wann de Staat sech esou essentiell Label wéi „Lëtz make it happen“ an anerer kann appropriéieren, de Robert Schmit entweder richteg schlecht Informéiert ass, oder ganz bewosst litt. Den Deputéierte werft och op, datt de Staat an aneren Aktivitéitssecteuren Entreprise grënnt an deenen hien den Aktionär ass. Hei profitéieren awer 2 Bridder vun enger subventionéierter Aktivitéit.

Illustratioun: No de verschenkten Terrainen u Fage International SA, engem zweiwelhaften awer bestëmmt sënnvolle Konzessiounsvertrag mat engem däitsche Mediekonzern, dem Intermezzo „Chamberbliedchen“, diversen Immobilienagencen zu Paräis, déi erwisenermoosse Politiker a Gewerkschaftler gehéieren, sollt kloer sinn: dës Regierung ka gënnen. © George Pagan / unsplash

Related topics adr, Carole Dieschbourg, Ëmweltverwaltung, Franz Fayot, Oeko-Service Lëtzebuerg SA, Piraten, Robert Schmit, Staatsverträg, SuperDreckskëscht
Next post Previous post