Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“
dating sites in kiev

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“

Um haidegen Donneschdeg gëtt déi vum Poopst versprachen, a vum

best dating website free uk
dating sites in kiev

https://moien.lu/online-dating-on-mobile/

„Héich Zäit Alarm ze schloen! Wann Antibiotiquë bei Mënschen an

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech
dating sites in kiev

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech

E Mëttwoch, den 12. Juni sinn zu Dikrech dräi nei

Oekofestival statt Oekofoire

Oekofestival statt Oekofoire
Veräiner an Organisatiounen hunn sech e Freideg an e Samschdeg um Oekofestival virgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Am Asaz fir dat eegent Bild. Eng schéin Erënnerung un den Oekofestival. Konnts de der och op den T-Shirt drécken. © Martine de Lagardère/moien.lumoien.lu)
Oekofestival statt Oekofoire
De Mouvement Ecologique huet och e Gesiicht. Déi heiten si bekannt an haten all Hänn voll ze dinn. Esou en Oekofestival verlaangt ganzen Asaz. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Mir si Panesch. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Grinse wéi e Panesch ass och net verbueden, zemools wann ee weess, datt de nächsten "mäin" ass. Gedu? © Martine de Lagardère/moien.lumoien.lu)
Oekofestival statt Oekofoire
A firwat et sech gelount huet op de Panesch ze waarden, dat gesäit dann och hei. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Waarden op de Panesch war eng vun den Erausfuerderung fir Jonk an Al. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Veräiner an Organisatiounen hunn sech e Freideg an e Samschdeg um Oekofestival virgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Veräiner an Organisatiounen hunn sech e Freideg an e Samschdeg um Oekofestival virgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Veräiner an Organisatiounen hunn sech e Freideg an e Samschdeg um Oekofestival virgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu.lu)
Oekofestival statt Oekofoire
Veräiner an Organisatiounen hunn sech e Freideg an e Samschdeg um Oekofestival virgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Gesond ass wat gesond mécht. Dat wëssen och schonn déi jéngst. An dat et och geschmaacht huet dovunner hu mer eis selwer dierfen iwwerzeegen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Carsharing: wéi et geet, firwat et gutt a richteg ass, dat alles konnt een op dem Oekofestival gewuer ginn. © Martine de Lagardère/moien.lumoien.lu)
Oekofestival statt Oekofoire
Ouni: Eng reell Konsumalternativ déi een sollt bedenken. Vläicht nach net fir alles, mee fir ëmmer méi. An der Glesenerstrooss hunn si hiert Geschäft. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Keen Oekofestival ouni Greenpeace. De Raymond a seng Equipe hunn opgekläert an informéiert. Et ass och Didaktesches fir d'Kanner ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
E Grondakommes ouni Bedéngungen? Wéi et kann ëmgesat ginn an op et eng Chance fir Lëtzebuerg ass, dat gitt der op der Tableronde gewuer. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
An den Dësch gebass! De Georges Christen huet d'Madame net fale gelooss. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Wie gutt uecht deet, dee kann dem Georges Christen seng Tricken nomaachen. Also vläicht... © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
No der grousser Ustrengung, de groussen Honger. Vläicht fällt et engem op den éischte Bléck net op, mee et schéngt nawell ze schmaachen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
En Telefonsbuch ze zerrappen ass net jidderengem ginn. Fir de Georges Christen dat natierlechst vun der Welt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Iert een esou en Telefonsbuch zerrappt, muss ee sécher goen dat och nach all d'Säiten do sinn. D'Kanner hunn se dann och all eng no der aner gezielt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Am Schaf ass keng Plaz méi fir d'Pan? Ma de Georges Christen rullt se op, da passt de och an den Tirang. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
De Georges Christen war - zumindest fir d'Kanner - eng vun de Haaptattraktiounen um Samschdegnomëtten. Hei war de Public opgefuerdert ginn Neel ze béien. Déi "Grouss" hu versot, mee d'Knetzel war esou gutt, datt huet de Nol och erëm riicht gebéit. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Een, deem et sichtlech beim Luisa a senge Geschichte gutt gefall huet. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Ronderëm eng Téitaass: Mam Luisa Bevilaqua sinn d'Kanner op eng grouss Rees gaange, déi sech hannert den Téitase verstoppt huet. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Veräiner an Organisatiounen hunn sech e Freideg an e Samschdeg um Oekofestival virgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Eng Kënschtlerin bei der Aarbecht. Um Oekofestival konnt een emol gesinn wéi vill Zäit et brauch fir Konscht hierzestellen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Masken aus "Geknatem Pabeier" (Papier maché) hu gefale fonnt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
De Steemetzer schléit e Salamander aus dem Block. E flott Handwierk dat sech verléiert oder? © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Spillsaachen a vill Konscht konnt een um Oekofestival gesinn a kafen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Oekofestival statt Oekofoire
Bei der Wanderkächin si gesond "Smoothies" un en interesséierte Public verkaf ginn. Net geschenkt mee lecker. © Martine de Lagardère/moien.lu

Vum Kierchbierg an de Pafendall: no 29 Oekofoiren huet sech de Mouvement Ecologique an d’Intimitéit vum Beräich ronderëm den Oekozenter zréckgezunn. Zur Ouvertüre war, scho wéinst de Gemengewahlen, vill Prominenz aus der Politik ugereest.

An déi hunn sech bei der Ried vun der Presidentin Blanche Weber och deen en oder anere Virworf dierfen unhéieren. Et ass dann och haaptsächlech ëm d’Gestaltung vum Land gaangen. Well d’Gemengewahlen an d’Haus stinn, ass d’Fro vun der Gestaltung natierlech eng, déi primär op Gemengenniveau ze klären ass.

Hei wier et wou nohalteg Modeller entwéckelt a gelieft kéinte ginn, ënnersträicht d’Blanche Weber. Dat géif awer net ouni d’Bedeelegung vun de Bierger goen. Eng Feststellung déi dann och op nationalem Niveau zoutreffend ass.

Bedauert gëtt, datt Entscheedunge fir d’Zukunft an de Beräicher Wunnen oder Mobilitéit net mat der néideger Konsequenz getraff ginn. Während der Wahlcampagne géife wuel nees Versprieche gemaach, mee et wieren hei virun allem Absichtserklärungen. An esou zimlech all Partei huet sech an de Programm geschriwwen eppes géint déi dramatesch Situatioun vum Logement ze ënnerhuelen.

Froen a Fuerderungen

Et feelt awer u konkrete Virschléi. An hei huet d’Presidentin vum Mouvement Ecologique dann och eng Rei Froen opgeworf: Wéi gi mir an Zukunft mat de Proprietairë vun eidele Wunnengen an Haiser ëm? Wat ass mam broochleiende Bauland? Wëlle mir eng konsequent Landesplanung oder d’Rechter vu wéinegen eenzelen erhalen? Wéi wäit dierfe mir d’Wirtschaft beaflossen?

De bestännegen Ausbau vum Fluchhafen an de geplangte Bau vum Google-Datenzenter hannerfreet d’Ëmweltorganisatioun och kritesch. Ze begréisse wiere beschtefalls ee puer Akzenter, déi de Nohaltegkeetsministère gesat hätt. Waasserschutz an och den Tram sinn e gudden Ufank, mee d’Naturschutzgesetz misst endlech an der Chamber gestëmmt ginn.

D’Blanche Weber fuerdert dann och eng Verbesserung vum Biergerinformatiounsgesetz an e konsequenten Aktiounsplang bezüglech de Pestiziden. Al weider Fuerderung stinn de BIP vum Wuelfillen als Ausgläich zum Bruttosozialprodukt, mee néideg wier et och sech endlech zum „Congé associatif“ ze bekennen.

Wéineg konkretes

Den Infrastrukturminister François Bausch hat Äntwerte matbruecht, mee virun allem huet hien Diskussiounsronnen ugekënnegt. Déi solle Regional a National gefouert ginn. Se dierften dann och am Wahljoer 2018 eng gréisser Roll spillen. A véier regionalen an, an engem nationale Laboratoire sollen 200 Bierger an interesséiert ONG’en d’Zukunftsgestaltung vum Land diskutéieren.

Wat de Fluchhafen ugeet, soll méi restriktiv mat den Nuetsflich ëmgaange ginn. Wéi dat soll ausgesinn huet de Minister dann awer vergiess ze erklären. Interessant dogéint d’Ukënnegung vun enger grouss ugeluechter Käschten-Notzen Analys vun allen Transportmëttel.

Ähnlech Sujeten Blanche Weber, Ëmwelt, François Bausch, Naturschutz, Oekofestival
Nächsten Artikel Virrechten Artikel