Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen
Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

„Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel

geek
Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen
Neiegkeeten

Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen

Am Kader vum Neijoerschdagspatt um Ministère fir Digitalisatioun, hunn um

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée
Neiegkeeten

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée

Ufangs der Woch ass am Pafendall eng nei “Bud” fir

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt

Um Freideg war d’Regierung zesummekomm, fir sech iwwert déi international an europäesch Politik ze ënnerhalen. Vill national Sujete sinn dann hei awer och net kuerz komm, an am Mëttelpunkt stoungen den nationale Plang fir d’Gestioun vum Offall, d’Legaliséierung vum Cannabis zu medezineschen Zwecker an d’Bedeelegung um Kaf vun engem A400M dee nach net flitt.

Dem Offall besser meeschter ginn

Wat d’Gestioun vum Offall ugeet, esou kënnt hei e neit Offallgesetz op eis duer. Den Detail heizou dierft deemnächst vun der Ëmweltministesch virgestallt ginn. Mee et ass elo awer scho gewosst, datt et hei ëm den nohaltegen Ëmgang mam Offall geet. Gefuerdert ass schonn eppes méi laang d’Aféiere vu Strategien déi Offall vermeiden an och beim Recycling ass nach vill Loft no uewen. D’Kreesslafwirtschaft ass dann och en zentraalt Element vun der Strategie.

Legal bekifft nëmme wann ee krank ass

Zanter 2015 dierfe Patiente mat multipeller Sklerose ënner bestëmmte Konditiounen a géint d’optriede vu Verkrampfunge schonn op Cannabis-Präparater zréckgräifen. Eng weider Legaliséierung zu medezineschen Zwecker ass op Virschlag vun der Gesondheetsministesch ugeholl ginn.

Wéi gutt déi Noriicht bei deenen ukënnt déi et wierklech brauche steet dann awer nach op engem anere Blat. Dat läit dann dorunner, datt an enger éischter Phas déi entspriechend Präparater nëmme Spidol-Apdikten dierfen erausginn. A verschriwwen dierfen déi „Medikamenter“ och just vun Onkologen, Neurologen an Interniste ginn.

Déi Lëtzebuerger Loftwaff nach ëmmer ouni Fliger

Un der finanzieller Bedeelegung vun engem militäreschen Transportfliger vum Typ A400M gëtt och weiderhi festgehalen. Dee sollt allerdéngs scho viru Jore geliwwert gi sinn, mee do schéngt een nach eppes Gedold mussen ze hunn. Wéi deen ausgesäit weess een da schonn awer, just dat e geflu wier huet nach kee gesinn.

Well deen awer bestëmmt iergendwann eng Kéier kënnt, ginn elo schonn emol sechs nei Plazen an der Arméi ausgewisen. Déi Zaldote sollen dann op dem Militärfluchhafen an der Belsch agesat ginn. Beim „15. Wing“ zu Malbroek ginn eis Zaldoten dann als „Loadmaster“ agesat. Am Ganze soll et mat de Piloten dräi Fliger-Besatzunge ginn.

mam SIP

Foto: Esou gesäit en aus den A400M vun Airbus. Mee ausser datt een en hätt op enger Show an de Luucht gesinn hätt, ass nach net vill geschitt. Eng Betriibserlabnes huet dat Dengen nämlech bis ewll nach net. © Johannes Eisele/AFP

Ähnlech Sujeten A400M, Cannabis, Ministerrot, Offall
Nächsten Artikel Virrechten Artikel