Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-goderich-ontario/

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

not attracted to anyone online dating
single parents mingle dating site
Kultur Neiegkeeten

Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?

De spuenesche Regierungschef huet um Méindeg déi katalanesch Independantiste gewarnt,

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt
Kultur Neiegkeeten

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu

Sensibiliséierungscampagne: Offall kann déidlech sinn!

Gehei näischt an d'Natur

Sensibiliséierungscampagne: Offall kann déidlech sinn!

Vergaangene Samschdeg hunn den Ëmweltministère an d’Administratioun vun der Ëmwelt a Kollaboratioun mat Ëmweltberodung Lëtzebuerg Asbl an der Stad Déifferdeng eng multimedial Sensibiliséierungscampagne géint Offall an der Natur (Littering) virgestallt.

Och zu Lëtzebuerg ee massive Problem

All Joer ginn Tonnen un Offäll an d’Natur gehäit, an dat net nëmme laanscht d’Strooss an op den Trottoir, mee och an d’Parken an d’Spillplazen. Dobäi denken déi meescht net un déi uerg Konsequenzen, wa si beispillsweis hire Knätsch op de Buedem oder am Bësch hiren Zigarettestomp tëscht d’Beem oder och op engem Festival hire Becher op bei d’Féiss geheien.

Trauregerweis muss ee feststellen, datt oft eng Poubelle direkt an der Géigend war, an awer ass de Mënsch wuel ze faul gewiescht fir den ee Meter ze packen. Reschter vun Zigaretten, eidel Verpackunge vu Gedrénks an Iessen, sou wéi och Knätsch sinn am meeschten an der Natur ze fannen. De Phenomen vum Littering bezitt sech dobäi net nëmmen op eng bestëmmte Grupp mee generell op eis Gesellschaft, onofhängeg vum Alter, Geschlecht oder der privater Situatioun.

D’Konsequenze vum Littering

Et ass net nëmmen net schéin unzekucken eng verdrecksten Natur ze gesinn, mee och weider uerg Problemer entstinn heibäi:

  • Infektiounsgefor a Risk u Blessuren: zemools wa Glas gebrach ass kënne Kanner an Déieren sech immens wéi doen. Donieft besteet bei den Déieren nach de Risiko, datt si d’Schierbelen ofschlécken.
  • De Problem mam Mikroplastik: Plastiksoffäll zersetzen sech mat der Zäit zu Mikroplastik (<5mm), deen sech am Kierper vu Liewewiese festsetzt an d’Gesondheet befält. Och d’Flëss an d’Mierer sinn heivunner betraff.
  • Verknascht Mierer: 100 bis 142 Milliounen Tonnen Offall schwamme schätzungsweis am Ozean. 80% dovunner staamt vu ländleche Géigenden, an deenen d’Flëss den Offall viru gedriwwen hunn.
  • Feiergefor: Glasschierbelen an net anstänneg ausgemeeten Zigarette kënnen ee Feier provozéieren.
  • Schuedstoffer an der Natur: Toxesch Stoffer, wéi ee se beispillsweis an den Zigarettestëmp fënnt, ginn an eis Ëmwelt iwwer.
  • Käschte vun 1,2 Milliounen Euro pro Joer: 90% vun dëse Käschte fir eis Ëmwelt propper ze hale ginn un d’Personal. Iwwert d’Steiere gëtt d’Milliounenzomm erabruecht – Suen, déi een och spuere kéint.
  • Indirekt Käschten: Duerch den Offall gi beispillsweis verschidden touristesch Etablissementer devaloriséiert.
  • Unzéie vu Raten

Een illegalen Akt

D’Aktioun, fir Dreck einfach an d’Natur ze geheien ass illegal a gëtt mat Strofen tëscht 49€ an 250€ berechent. Ufanks 2019 huet d’Police, zesumme mat der ADA ganzer 227 Avertissementer verginn, wouduerch si op eng Gesamtzomm vun 32.916€ komm sinn. Dobäi ass et dach esou einfach, seng Zigaretten an engem Äschebecher ze entsuergen an aneren Offall an de Poubellen. Donieft hëlleft et och, onnéideg Verpackungen ze vermeiden an der Gemeng, respektiv der Regierung, seng Verbesserungsvirschléi matzedeelen.

Sollt een esou een illegalen Akt beobachten, kann ee sech bei der Police mellen oder bei der Ëmweltadministratioun mat engem spezielle Formular.

D’Campagne

Wärend dem ganze Mount Abrëll wäert een d’Campagne géint de Littering souwuel am Kino, wéi och op der Tele an de soziale Medie fannen. Donieft ass extra folgende Video erstallt ginn:

Mat 4 spezielle Plakater soll op dat schiedlecht Verhale vum Mënsch higewise ginn. Ze gesi sinn hei ee Villchen, deen un Knätsch an Zigarettefiltere gestuerwen ass; Kéi, déi Glas, Plastik a weideren Offall giess hunn; d’Hënn, déi sech u Glasstécker wéi gedoen hunn; Fësch, déi de Mo voll mat Plastik a Mikroplastik hunn.

Ähnlech Sujeten Déieren, Ëmwelt, Littering, Natur, Offall kann déidlech sinn, Sensibiliséierungscampagne
Nächsten Artikel Virrechten Artikel