Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen
Geek Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

„Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020
Geek Neiegkeeten

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020

De Lëtzebuerger Wanderverband FLMP deelt mat, datt bis den 13.

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel
Geek Neiegkeeten

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel

D‘UN-Generalversammlung huet e Mëttwoch e Resolutiounsprojet ugeholl, géint deen sech

geek

Bei der aktueller Hëtzt ass Ofkillen ugesot

Mir hunn hei ee puer Gadgete fonnt déi kéinten duerchaus dës Missioun iwwerhuelen

Bei der aktueller Hëtzt ass Ofkillen ugesot

Temperaturen iwwer 40°C schéngen zur Regel ze ginn, woubäi deene meeschte schonn ab +30°C de Schweess nëmmen esou vun der Stir drëpst, an dat ganz ouni sportlech Betätegung. Wie kann zitt sech an de Schied zréck oder spréngt direkt kappiwwer an d‘Waasser. Mee et gëtt jo nach déi wou bei dësem Wieder op der Schaff sinn, a fir all déi Leit hu mir eng Rei Gadgete fonnt déi hëllefen.

Quick Aid

OfkillenDe „Fresh Ice Towel“ vu Quick Aid ass en erfrëschend Mikrofaserduch, dat fir d‘Uwennung am medezinesche Beräich wéi bei Sportaktivitéiten entwéckelt ginn ass. Am dréchenen Zoustand ass dëst Mikrofaserduch extrem saugfäeg a schützt virun intensiver Sonnenastralung (UV). Mécht een d‘Duch fiicht wierkt et ofkillend a kann d‘Temperatur ëm bis zu 30% senken.

CoolDownDrink

Ofkillen

D‘Glas mat der Bezeechnung „CoolDownDrink“ ass an der Schwäiz de Renner an och eis däitsch Nopere fannen ëmmer méi gefalen un dësem Produkt. Wéi dat geet? Ma hannert deem ganze stécht eng am Glas enthale Flëssegkeet. D‘Glas selwer stellt ee fir eng Stonn an den Tiefkühler, a bei Bedarf léisst sech dann zimlech all Gedrénks bannent dräi Minutten ofkillen.

Mini-Frigo fir de Büro

OfkillenWie kennt dat net: et sëtzt een um Büro, vläicht ass e mam Auto um Tour an et géif ee no eppes Killem glëschten. Mat engem Mini-Frigo kann ee sech selwer hëllefen. Dëse klenge Gadget, dee jee no Versioun bis zu zwou Béchsen ophuele kann, gëtt iwwert den USB-Uschloss entweder iwwert de Computer oder soss en USB-kompatibele Chargeur (geet och mat enger Power-Bänk) bedriwwen. Ofhängeg vum Modell killt dëse Mini-Frigo bannent 5 bis 7 Minutten alles op 8,5°C erof.

FastSetPool

OfkillenKeng Loscht op de Stau oder déi oppe Schwämm, an awer géif ee gären am Waasser piddelen? Mam FastSetPool ass d‘Léisung séier fonnt. Dat eppes iwwer 3 Meter grousst Becke léisst sech bannent 30 Minutten am Gaart (et dierf och de Parking vum Büro sinn) opriichten a ka bei dësen Temperature fir richteg gutt Laun suergen.

WatermelonKeg

Ofkillen

E Krunn fir d‘Meloun ass méi wéi nëmmen e „coole“ Gadget. Domadder erfreet een d‘Famill an d‘Frënn gläichermoossen. De „must have to be seen at the party“ ass super praktesch, einfach ze gebrauchen a suergt garantéiert fir de „Wow-Effet“. Géint dëse Gadget huet keen Tetrapak op der Welt och nëmmen déi geréngste Chance.

Foto: Ulrike May / Pixabay

Ähnlech Sujeten Gadgeten, Hëtztwell, Ofkillen, Summer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel