Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem
International Neiegkeeten https://moien.lu/oxy-hookup/

dating cultural reddit

En amerikanesche Riichter huet um Méindeg eng Sammelklo (Class Action)

dislike
Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes
International Neiegkeeten https://moien.lu/oxy-hookup/

Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes

Elo ass en dann endlech gestart, dee faméisen Tour vu

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel
International Neiegkeeten https://moien.lu/oxy-hookup/

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel

D‘Mandat vum Jean-Claude Juncker als President vun der EU-Kommissioun geet

Wat eng Hëtzt – Ofkillung am Colruyter Frigo?

Wat eng Hëtzt – Ofkillung am Colruyter Frigo?

Et steet eis nees eng Hëtztwell virun der Dier – mat engem Fouss ass se schonns dobannen. Esou sollen Héchsttemperature vu 40 °C wuel net auszeschléisse sinn. Eng temporär Léisung kéint hei de Frigo vum Supermarché Colruyt bidden, esou emol déi intelligent Iddi vun engem Mann, deen heizou ee Facebook-Evenement erstallt huet!

Wat eng Afenhëtzt! Bis de Weekend soll keng Drëps Reen vum Himmel falen, d’Sonn wäert virun drécken an déi tropesch Nuechte suergen dofir, datt een och no enger gudder Dodo net wierklech erholl ass. Souwuel Lëften, wéi och kaalt Gedrénks a Ventilatoren hëllefe just deelweis. Majo wéi wier et dann emol, wann ee sech an de Frigo leet?

Natierlech ass den Openthalt an der killender Maschinn an der Kichen ze geféierlech, eppes méi Grousses muss hir: De Killraum vum Colruyt beispillsweis. Den Organisator beschreift seng Iddi mat de Wierder: „Dir fannt een kaalt an equipéiert Zëmmer mat Plaz fir 1000 verbrannte Käpp“- Rendez-Vous fir deelzehuelen ass muer um 14:00 Auer zu Saint-Trond.

Colruyt

© Colruyt

Mat Humor bei der Saach

Wien elo denkt, datt d’Ketten net besonnesch erfreet ass, deen huet sech geschnidden. D’Initiative gëtt vu Colruyt souguer begréisst: „Eng Soirée am Colruyt,, dat ass sympathesch! Esou Initiative vun der Säit vun eise Cliente begeeschteren eis.“ Esou schlecht ass d’Iddi also emol guer net. Schliisslech geet wuel keen Hëtzkapp, deen am Frigo no Ofkillung sicht, mat eidelen Hänn Heem, wat de Bedreiwer vum Supermarché natierlech ganz geleeën ass.

Et sollt een allerdéngs drun denken, datt no der Erfrëschung d’Hëtzt dobaussen ëmsou méi draknätscht. Vill méi sollt een an dëser summerlecher Zäit drun denken, vill ze drénken (mindestens 1,5 Liter Waasser), richteg ze lëften, keng ze ustrengend kierperlech Aktivitéiten auszeüüben an op d’Matmënschen opzepassen.

Ähnlech Sujeten Colruyt, Facebook, Frigo, Héchsttemperatur, Hëtztwell
Nächsten Artikel Virrechten Artikel