Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gëtt et eng Präventioun géint de Suicide?
Money Neiegkeeten Stories

Gëtt et eng Präventioun géint de Suicide?

Sech d‘Liewen huelen ass éischter seelen eng geplangten Dot. Experten

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond
Money Neiegkeeten Stories

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Zanter dem 25 August, esou de Communiqué vun Dokteren ouni

Ee proppere Planéit fir eis all?
Money Neiegkeeten Stories

Ee proppere Planéit fir eis all?

D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg wäert

money

Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld

Wat de Finanzsecteur an déi europäesch Zentralbank sech fir 2020 alles esou gewënscht hunn

Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld

Am November wéi d‘ULC hire „Réckbléck“ gemaach huet, ass natierlech nees Rieds gaangen iwwert d‘Bankfraisen an d‘Schléissung vun de Postfilialen. Mee eise Finanzminister an eigentlech déi ganz Regierung gesäit hei wéineg Handlungsbedarf. Dat gëllt leider och fir déi ominéis negativ Zënsen. Zudeem ass och de Pierre Gramegna der Ofschafung vum Boergeld net ofgeneigt.

Et sollen nach Leit ginn, déi sech un Zäiten erënneren, wou de Finanzsecteur de Leit ofgeroden huet hiert Erspuertes „ënnert d‘Kappkëssen“ ze leeën. 2020 kéint awer dat Joer ginn, wou ee besser drun doe géif, säi Geld – wann och net ënnert dem Kappkëssen – anzwousch anescht a Sécherheet ze brénge wéi bei engem Finanzinstitut. Dat wëllen d‘Finanzinstituter mat alle Mëttel verhënneren.

Si hu jo schonn eppes méi laang alles dru gesat, fir de Leit dat „séchert“ Spuerbuch auszedreiwen. Hei gëtt net nëmme Bankfraisen, mee och erwisenermoossen en duerch d‘EZB ofgeseenten Déifstall a Form vun negativ Zënsen. De Finanzsecteur wëll iwwert dëse Wee erzwéngen, datt de Client aner Produiten, déi fir si (also d‘Banken) profitabel sinn an de Risk op de Client leeën.

A well den „einfache“ Mënsch beim Geld op eng Sécherheet besteet déi d‘Banken net méi bidde wëllen, kéint dësen nei Weeër goen. Zudeem steet hei och déi „bëlleg“ Geldpolitik vun der EZB dem Bierger béis am Wee, firwat et wierklech bal besser Wier, seng Mouk ënnert d‘Kappkëssen ze leeën. D‘Banken hirersäits hunn awer do eng Iddi, wéi si hir Scheewercher an d‘Dréchent bréngen.

Ofschafe vum Boergeld

Wann – wéi dat schon a Skandinavien deels de Fall ass – een d‘Boergeld géif ofschafen, esou wéi dat vum Secteur an der europäescher Zentralbank gewënscht ass, da géif dat nëmme Virdeeler mat sech bréngen. Et géif d‘Schwaarzgeld wäertlos maachen, d‘kriminell Geschäfter an d‘Finanzéierung vum Terror ënnerbannen. Dat zumindest déi offiziell avancéiert Argumenter.

Säitens der EU an der Regierung heescht et wuel, datt esou eppes net op der politescher Agenda steet, mee an der EU an op der EZB ass de Management gewiesselt ginn an eise Finanzminister mécht generell ëmmer emol fir d‘éischt dat, wat d‘Frënn aus dem Finanzsecteur esou vun him erwaarden. Schliisslech ass Minister en zäitlech begrenzte Job an et wëll ee jo nach gebraucht ginn.

Fir d‘Banke wier d‘Ofschafe vum Boergeld zudeem eng weider Méiglechkeet, seng Clienten nach weider iwwert de Leescht ze zéien, woubäi dat net deen eenzegen Interessi ass. Eng Kreditkaart ass ee nach bessere Spioun wéi den Handy mat Geolokalisatioun. Schonn haut ginn, jee nodeem wat ee bei senger Bank ufreet, dës Daten ausféierlech „studéiert“ fir e korrekte Profil vum Client ze hunn.

Si hu kee Vertrauen awer e grousst Wëssen

Schonn haut ass et esou, datt ofhängeg vum Montant deen ee wëll geléint kréien, d‘Beweegungen um Konto – a folglech och der Kreditkaart – gepréift ginn, fir ze klären op een mat sengem Geld och ëmzegoe weess. Dat ass alles éischter Iwwerflächlech an net wierklech de Problem. De kënnt wann ee richteg vill Geld brauch, beispillsweis fir sech eng Wunneng ze kafen.

Hei ginn d‘Finanzinstituter dann ee ganze Krack méi wäit. Et geet net nëmme méi drëms wéi vill Geld een ausgëtt an op ee regelméisseg iwwerzitt oder stänneg am grénge Beräich ass. E Kredit fir ee Logement leeft mëttlerweil scho bal „Generatiounsiwwergräifend“ firwat d‘Banken och eppes iwwert d‘Gewunneschte vun hiren Debiteure wëlle gewuer ginn. An de Client kritt et net emol mat.

Schonn haut kann ee Finanzinstitut e Profil erstellen, an deem ze erkennen ass ob een e groussen oder klenge Risk presentéiert. Mat der Ofschafung vum Boergeld, géifen d‘Banken dann awer all eenzele Schratt an eisem Alldag novollzéie kënnen. Natierlech bestreiden si esou eppes ze maachen, well illegal ass, mee et ass gewosst datt si et kënnen, a wa Banken eppes kënnen, maachen si et.

Muss een elo a Panik geroden?

Net wierklech. Zum enge weess d‘Politik wéi d‘Leit um Boergeld „hänken“ firwat op ville Plaze just de Montant, mat deem een eppes Boer bezuelen dierf, beschränkt ass. Et dierf ee jo och net mat enger onbegrenzter Zomm Boergeld areesen, respektiv aus der EU ausreesen. Mee déi zukünfteg Generatiounen, déi wéineg nodenken an oft nëmmen de praktesche Virdeel erkennen, kéinten dëse Wiessel mat initiéieren. Déi sinn zudeem och dem virtuelle Geld (Cryptocurrency) net ofgeneigt.

Et gëtt zudeem net generell „déif an den Dossier“ gekuckt, an et kann ee scho Versteesdemech hunn, datt och Bank sech wëll sécher sinn, datt de Prêt och honoréiert gëtt. Woubäi d‘Méiglechkeet besteet permanent an et ass net wéi mat de „geheime Fichiere“ vu Police a Justiz, datt sech d‘Politik amësche kann. D‘Date vum Client sinn jo an éischter Linn der Bank hir Daten.

Bis et zu Lëtzebuerg zur Ofschafung vum Boergeld kënnt, dierft et nach ee wäite Wee sinn, woubäi esou eng Mesure sécherlech nëmmen dann ëmzesetzen ass, wann dat an der ganzer Unioun géif ugewannt ginn. Et ass e bëssi dee selwechte Problem, wéi bei der Besteierung vun de groussen internationalen Internetkonzerner. Et wäert sech awer iergendwann gesellschaftlech duerchgesat kréien, firwat et haut schonn heescht ganz gutt Opzepasse mat wiem ee gewëllt ass ze schaffen.

Illustratioun: Democratic Underground

Ähnlech Sujeten Banken, Boergeld, EU, EZB, Finanzminister, Finanzsecteur, Kontroll, ULC, Zwang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel