Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen
Neiegkeeten

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller

ADEM: D’Zuel vun den Aarbechtssichende geet erof
Neiegkeeten

ADEM: D’Zuel vun den Aarbechtssichende geet erof

D’Zuel vun den Demandeurs d’Emploi, déi bei der ADEM ageschriwwe

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik
Neiegkeeten

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik

Nodeems déi gréng sech déi lescht Woch fir de Wunnengsbau

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung

Nodeems sech den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker e Freideg fir d‘Ofschafe vun der Zäitëmstellung ausgeschwat hat, huet et politesch Reaktioune ginn. Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz, huet dëse Virschlag begréisst.

Déi gréng erënneren dann och drun, datt d‘Zäitëmstellung an der Pëtrolskris agefouert ginn ass. Zil war et Stroum ze spueren. Studien heizou hunn awer erginn, datt dëst Zil ni erreecht ginn ass. De Géigendeel wier de Fall. Esou gëtt et Etüden déi beleeën, datt d‘Zäitëmstellung e gesondheetleche Risk fir Mënsch an Déier mat sech bréngt. Et soll esouguer an der éischter Woch vun der Ëmstellung zu 30% méi Accidenter kommen, an et wier zudeem eng onwirtschaftlech Moossnam.

Un der ëffentlecher Consultatioun, déi d‘EU-Kommissioun lancéiert hat, hunn sech 4,6 Millioune Mënschen an der EU bedeelegt. Déi grouss Majoritéit huet sech hei géint d‘Zäitëmstellung ausgedréckt, an d‘Bäibehale vun der Summerzäit agefuerdert.

Dozou d‘Tilly Metz: „Op e neits weist sech, datt Biergerbedeelegung wierkt. Ech soen all deene Millioune Mënschen zu Lëtzebuerg an a ganz Europa, déi un der Consultatioun zur Zäitëmstellung deel geholl hunn, Merci. Biergerbedeelegung an en zentraalt an opdrénglecht Prinzip vun der europäescher Unioun, an ech sinn erfreet, datt de Kommissiounspresident an dësem Fall der Meenung vun de Leit Rechnung dréit“.

„D‘Zäitëmstellung ass e Relikt aus de 70 er an 80er Joren, deem säin Zil, Energie anzespueren, ni erreecht ginn ass. Ech fuerderen elo d‘EU-Kommissioun op, séier e Gesetzprojet virzeleeën, an déi Lëtzebuerger Regierung, dëse Virschlag ze ënnerstëtzen. Mir brauchen eng gesamteuropäesch Reegelung, déi Schluss mat den negativen Auswierkungen op Mënsch an Déier mécht“, esou d‘Tilly Metz.

Ähnlech Sujeten EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, Tilly Metz, Zäitëmstellung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel