Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Terror iwwer Sri Lanka
International Neiegkeeten

boy and girl dating games

Op Ouschtersonndeg ass et zu Sri Lanka bannent 30 Minutten

meetme dating apk
International Neiegkeeten

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

D’Zoë Beck, gebuer 1975, schreift, iwwersetzt a leet zesummen mam

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt
International Neiegkeeten

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt

Déi Lëtzebuerger Antidopping-Agentur (ALAD) huet um Méindeg d‘Virwërf géint den

Däitschland: Abschid vun der Steekuel

E staarkt Signal fir d‘ekologesch Transitioun?

Däitschland: Abschid vun der Steekuel

Um Freideg hunn eis däitsch Noperen sech vum Ofbau vu Steekuel getrennt. Fréier e wichtege Wuesstemsmoteur, ass d‘Steekuel am Kontext vum Klimawandel an der Äerderwiermung, an Diskredit geroden. Mat der Schléissung vun der leschter Grouf, ass e grousst Kapitel vun der däitscher Industriegeschicht ofgeschloss ginn.

Zum Enn vun der Schicht vun de leschten 1.500 Grouwenaarbechter aus dësem Secteur, si siwe Mineure mat engem Block Steekuel – dee si aus enger Déift vun 1.000 Meter matbruecht hunn – fir d‘Medien eng leschte Kéier mam Lift „ausgefuer“. Dëse Block Steekuel hu si symbolesch dem Bundespresident, Frank-Walter Steinmeier, iwwerreecht.

„Ass et e schwéieren Dag?“ huet de Bundespresident de Jürgen Jakubeit, deen iwwer dräi Joerzéngten an de Grouwe geschafft huet, gefrot. „Et ass e schwéieren Dag“, esou d‘Äntwert vum Mineur, dee de Helm um Kapp an d‘Gesiicht schwaarz vun der Kuel, den Tréinen no war. „Et ass méi wéi e Block Kuel, et ass ee Stéck Geschicht“, huet de Steinmeier dorops hi gemengt…

Virun den iwwer 500 exklusive Gäscht – dorënner de President vun der EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker – huet de Frank-Walter Steinmeier betount: „Ouni d‘Kuel an déi wou se aus dem Buedem geholl hunn, wier d‘Geschicht vun dësem Land eng aner“. Iert hien d‘Wuert weidergereecht huet, huet e Chouer d‘Steigerlidd, d‘Hymne vun de Mineuren, ugestëmmt.

D‘Bundeskanzlerin, Angela Merkel, gëtt vun hirem Spriecher zitéiert: „D‘Kuel huet dëser Regioun d‘Industrialisatioun bruecht an Däitschland wirtschaftlech staark gemaach“. Elo mussen dës Galerien, déi iwwer 150 Joer – dat si sechs Generatioune vu Grouwenaarbechter – gegruewe goufe verschloss ginn. Si wäerten an de nächste Méint a Joren iwwerschwemmt ginn.

Wat déi 1.500 Aarbechter vu der Grouf „Prosper-Haniel“ ubelaangt, esou wëssen déi schonn zanter 11 Joer dat d‘Enn beschloss ass. Hei sollt een sech drun erënneren, datt nom zweete Weltkrich, an de Grouwe vun der Ruhr, bis zu 600.000 Mineure geschafft hunn. Dat fir nach emol op déi immens wirtschaftlech Roll vun der Steekuel hinzeweisen. Elo ass et gedoen, d‘Transitioun ka kommen.

Vill Hommagen

Schonn um Donneschdeg huet et éischt feierlech Momenter ginn. An de Kierchen a Kathedralen si Massen ofgehale ginn, op de Fussballsterrainen hunn sech déi lokal Veräiner un hir Wuerzelen erënnert. Et ass jo och wouer, datt d‘Grouwen an d‘Héichuewen, déi hei opgeriicht goufen, wäitaus méi waren, wéi nëmmen eng Aarbechtsplaz oder Handwierksgeschir.

Hei huet eng maskulin Aarbechtsgesellschaft ginn, déi hir eege Sprooch, Solidaritéit an d‘Léift zum Fussball hat. Mee hannert dësem „Zesummenhalt“ an der „Frëndschaft“ huet et och d‘Risike ginn, déi mat dëser schwéierer Aarbecht verbonne waren. Risiken un déi de Virfall – en Donneschdeg – an enger tschechescher Minn erënnert huet, a wou 13 Mineuren hiert Liewe verluer hunn.

Elo geet et ëm den Ëmbau, déi nei Gestaltung vun der Regioun. Déi all industriell Standuerter hunn touristescht Potential an sollen och fir d‘Fräizäitaktivitéiten, sportlech an/oder kulturell, ëmgebaut ginn. Do wou gëschter nach Minière waren, solle scho muer nei wirtschaftlech Aktivitéiten entwéckelt ginn. Vill Raum fir Start-ups, nei Technologien a d‘Fuerschung ass hei disponibel.

Den Ofschid vun der Steekuel, bedeit allerdéngs net datt Däitschland sech generell vun der Kuel als fossille Brennstoff trennt. Ëmmerhin si 40% vum energetesche „Mix“ vun der Kuel ofhängeg. Hei gëtt elo op d‘Brongkuel (Lignite) gesat, déi als nach méi „knaschteg“ a schlecht fir d‘Ëmwelt bewäert gëtt. An eis Nopere sinn op d‘Kuel ugewisen, fir den Ausstig aus dem Atom ze packen.

mam Coralie Febvre an dem Bart Biesemans/AFP

Foto: Et war déi lescht Schicht an der Minière „Prosper-Haniel“ zu Bottrop. Elo ass et Schluss mam Ofbau vun der Steekuel, an déi energetesch Transitioun kann ugepaakt ginn. Leider gëtt sech den Ament nach op d‘Brongkuel fixéiert, an déi ass wäit méi ëmweltschiedlech. Et wier de Präis deen ee bezuele misst, fir den Ausstig aus der Atomkraaft ze bewältegen. © Patrik Stollarz/AFP

Ähnlech Sujeten Bottrop, Däitschland, Energetesch Transitioun, Frank-Wallter Steinmeier, Jean-Claude Juchem, Steekuel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel