Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Attentäter vu Stroossbuerg nach ëmmer op der Flucht
Neiegkeeten

Den Attentäter vu Stroossbuerg nach ëmmer op der Flucht

E Mëttwoch huet déi franséisch „Police Nationale“ en Zeienopruff gemaach,

Éisleker Schofsfest – Um Cornelyshaff huet et gemäht!
Neiegkeeten

Éisleker Schofsfest – Um Cornelyshaff huet et gemäht!

Um 15. September huet sech zu Hengescht um Cornelsyhaff alles

Demokratie op tierkech
Neiegkeeten

Demokratie op tierkech

Si ass déi regional Virsëtzend vun der gréisster Oppositiounspartei an

Tornado zu Käerjeng a Péiteng – Ofschloss vum Krisenzenter

Tornado zu Käerjeng a Péiteng – Ofschloss vum Krisenzenter

De Krisen Zentrum mat Helpline vun der Gemeng Käerjeng deen zanter dem Dag vum Tornado vun der Gemeng Käerjeng installéiert war, ass ab dem Mëttwoch, 21. August 17 Auer opgehuewen.

Ab deem Moment funktionéieren d’Gemengeservicer nees an hirem normale Rhythmus a ginn hiren eigentleche Missiounen nees no.

D’Gemeng Käerjeng ass nees op vun 8h00 – 11h30 an 13h30 – 16h00 a kann telefonesch kontaktéiert ginn um 500 552 1. Mail : info@kaerjeng.lu

Et gi keng speziell Raum-Aktiounen méi laanscht d’Stroossen vun de Gemengen- a Bëschaarbechter gemaach. Den ECO Center ass zu sengen üblechen Zäiten op : Dënschdeg: 13h00 – 17h30 ; Donneschdeg: 07h00 – 13h30 ; Freideg: 14h00 – 19h30 ; Samschdeg: 07h15 – 15h45).

De Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng soen alle Leit villmools Merci fir hiren Asaz während dëser Naturkatastroph.

D’Sportsinstallatiounen um Käerjenger Dribbel (Fussballsterrainen an Handballshal), souwéi de Käerjenger Treff bleiwe bis ob Weideres aus Sécherheetsgrënn gespaart.

matgedeelt vun der Gemeng Käerjeng

Ähnlech Sujeten Käerjeng, Käerjenger Treff, Krisenzenter, Péiteng, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel