Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?
Neiegkeeten

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

Zwee Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen hu ronn 500 Migranten aus dem

https://moien.lu/who-was-kylie-jenner-dating-before-travis-scott/
dating armin would include
Neiegkeeten

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn
Neiegkeeten

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn

Beim Kongress vun déi gréng, de leschte Samschdeg zu Jonglënster,

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech – eriwwer! Am Verglach zum leschte Joer sinn d’Resultater stabil bliwwen. Den Educatiounsminister Claude Meisch freet sech iwwert déi 78 % vun de Jonken, déi an dësem Joer zu Lëtzebuerg duerch hiert gutt Resultat een Diplom kréien.

Bei dësem Resultat kann een 2.667 Kandidate felicitéieren. De Minister wënscht de Schüler op hirer neier Etapp vill Succès. Am Ganzen haten sech 3.399 Schüler presentéiert, fir d’Ofschlossexamen am Lycée ze schreiwen. Am Verglach zu 2018 ass d’Reussite mat 78 % selwecht bliwwen. D’Zuel un Ajournementer beleeft sech op 15 % (16 % fir 2018), 7 % si refuséiert ginn (6 % fir 2018)

Resultater am Enseignement Classique

  • Reussiten: 84 % (85 % an 2018)
  • Ajournementer: 12 % (11 % an 2018)
  • Refusen: 4 % (selwecht wéi 2018)

Resultater am Enseignement General

  • Reussiten: 73 % (72 % an 2018)
  • Ajournementer: 17 % (20 % an 2018)
  • Refusen: 10 % (8% an 2018)

D’Analyse vun de Geschlechter

Generell ass festzestellen, datt d’Leeschtunge vun de Meedercher besser sinn, wéi vun de Jongen. Am Ganzen hunn 80 % vun de weibleche Kandidate bestanen, bei de männleche Kandidate leie mir bei 76 %. Am Enseignement Classique ass dat ee Sprong vu 6 Punkten, am Enseignement General sinn et 5 Punkten.

Ervir hiewe sollt een hei déi Schüler, déi mat enger Moyenne vun/iwwer 52 Punkten eng exzellent Mentioun kritt hunn. An dësem Joer konnte ganzer 114 Schüler (101 am Enseignement Classique, 13 am Enseignement General) dëst super Resultat erzilen.

Mir gratuléieren alle Schüler, déi dës Etapp – egal wéi ee Resultat – gepackt hunn a wënsche vill Courage a Succès am weidere Verlaf!

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Enseignement Classique, Enseignement General, Lycee, Ofschlossexamen 2019, Premiere
Nächsten Artikel Virrechten Artikel