Search

You may also like

Messerattack zu Den Haag, Täter op der Flucht
Neiegkeeten

Messerattack zu Den Haag, Täter op der Flucht

Am Zentrum vun Den Haag huet gëschter am Nomëtteg ass

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of
Neiegkeeten

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of

Wéi vun der syrescher Arméi um Mëttwoch matgedeelt, sollen sech

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten
Neiegkeeten

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten

Um Dënschdeg huet den Donald Trump den Dreamers-Programm vum Barack

Fir iwwer 3.500 Jonker gi muer d‘Examen un

Fir iwwer 3.500 Jonker gi muer d‘Examen un

Während muer Méindeg den éischte Grupp vu Butzen nees de Schoulwee an Ugrëff hëlt an et hei wuel éischter wäert drëms goen, dësen de richtegen Ëmgang mat den neie Reegele bäizebréngen, heescht et fir déi eeler Semester motivéiert an d‘Ofschlossexamen ze goen.

Laut dem Communiqué vum Educatiounsministère sinn 3.545 Ofschlossschüler fir d‘Examen am „Secondaire Classique“, dem „Secondaire Général“, an och an den Owescoursen ageschriwwen. Interessant hei, d‘Dammen si kloer Majoritär: Am „Classique“ si vun de 1.725 Schüler 974 jonk Fraen, am „Général“ sinn et der 1.054 vun 1.820 an esouguer an den Owescourse sinn et 11 vun insgesamt 20 Kandidaten. Dorausser ergëtt sech: 57,2% Damme géintiwwer 42,8% Männer.

Dat ganzt huet och en héije Personalopwand. Déi schrëftlech, mëndlech a praktesch Exame gi vun 1.353 Memberen aus 214 Examenskommissiounen evaluéiert. All dës Exame mussen ënnert dem strikte Respekt vun de Mesure-Barrière duerchgeholl ginn, well et och hei heescht, d‘Gesondheet vun der Schüler an dem Léierpersonal maximal ze schützen. Dat verlaangt vun allen Acteure vill Gedold a géigesäitege Respekt, mee et schéngt een all Eventualitéite virbereet ze sinn.

Fir sécherzestellen, datt all Kandidat déi selwecht Chancen huet, an net vun den aussergewéinleche Konditiounen, déi duerch déi vun der Covid19-Pandemie ausgeléiste sanitärer Kris entstane sinn, benodeelegt gëtt, sinn d‘Prozedure fir d‘Ofschlossexamen entspriechend adaptéiert ginn. Esou ginn am Examen ausschliisslech déi Matière behandelt, déi virum 13. Mäerz am Cours duerchgeholl goufen. Eng Rei Questionnaire enthalen esou och zousätzlech Froen oder Themen, déi de Schüler e gewësse Choix erlaben. Och d‘Auer vun den Epreuvë gëtt am Schnëtt ëm 20 Minutte verlängert.

D‘Redaktioun vu moien.lu wënscht alle Schüler a Studente vill Gléck a Courage fir hir Examen, déi jo ënnert besonnesche Konditioune stattfannen. Gitt äert Bescht an haalt iech un d‘Oplagen, déi aus gudde Grënn hu missen opgestallt ginn.

Illustratioun: © Matt Ragland / unsplas

 

Related topics Abiturient, Covid19, Educatiounsministère, Ofschlossexamen, Schoul
Next post Previous post