Wëssenschaftler zerstridden iwwer den erlaabten Ofschoss vum Wollef

Wann een den Ofschoss vum Wollef zouléisst, ermontert dat de Braconnage? Eng Fro déi d‘Wëssenschaftler am Frankräich zu ënnerschiddleche Positiounen animéiert. Dat och nach grad zu engem Moment, wou d‘Regierung ee neie „Plan Wollef“ fir 2018-23 virbereet. An deem soll och d‘Zuel vun de Wëllef festgeluecht ginn, déi sollen dierfen ofgeschoss ginn.

Säit Joerzéngten erlaben d‘Autoritéiten an Europa wéi an den USA, de kontrolléierten Ofschoss vun de Wëllef. Dat mat der Hoffnung e bessert zesummeliewen tëscht, eben dem Wollef an dem Mënsch, méiglech ze maachen. Eng Meenung déi bei de Wëssenschaftler esou net jiddereen iwwerzeegt.

Eng Etüd vun dëser Praxis am Minnesota an am Wisconsin, déi iwwer 15 Joer gefouert gouf, hat 2016 fir zolidd Kaméidi gesuergt. Déi hat d‘Schlussfolgerung op den Dësch geluecht, datt den Ofschoss vum Wollef, fir dem Braconnage ze begéinen, eigentlech déi illegal Juegd encouragéiert.

Laut den Auteure vun der Etüd, dem Guillaume Chapron (Schwedesch Universitéit fir Agrar-Wëssenschaften) an den Adrian Treves (Universitéit vum Wisconsin), ëmmer wann den Ofschoss vum Wollef erlaabt ginn ass, ass de Wuesstem vun der Populatioun, duerch de Braconnage ëm 25% zréckgaangen.

Conclusiounen déi vun engem Fuerscher vum Norwegeschen Institut fir Naturforschung, dem Audun Stien kontestéiert ginn. An engem Artikel, deen an der britescher Revue „Proceedings B“ verëffentlecht ginn ass, werft de Stien der Etüd vir, vill Lacune ze hunn. D‘Wëssenschaftler géifen sech zum deel op zweiwelhaft a veraalten Etüde baséieren an benotzen zudeem en onbrauchbare statistesche Modell.

Den Audun Stien vermësst an hirer Etüd dann och eng Evaluatioun vun de Variatioune vum Reproduktioun-Taux déi sech awer op hir Conclusiounen néierschloen. Ze behaapten, datt de Braconnage mam erlaabten Ofschoss zouhëlt entbiert allen empiresche Beweis.

Eng Kritik déi de Chris Darimont, vun der Universitéit vu Victoria (Kanada), e Spezialist an der Matière, net iwwerzeegt. „Wann de Stien noweist, datt d‘Reproduktioun zréckgeet wann den Ofschoss iwwer eng länger Period am Joer erlaabt ass, bestätegt hien eigentlech d‘Conclusioune vu Chapron an Treves“.

Den Darimont fënnt et zudeem interessant, datt wa Wëssenschaftler d‘Konzeptioun vun der Gestioun am natierlechen Ëmfeld, déi zudeem fundamental an längst unerkannt ass, a Fro stellen, hir Aarbecht op esou hefteg Aart a Weis kritiséiert gëtt. „De Status Quo erausfuerderen an drop hiweisen, datt bis ewell verfollegt Strategien eventuell falsch sinn, gëtt net gäre gesinn, a scho guer net gären héieren“.

De Kanadier ënnersträicht dann och nach, datt „wann e mächtege Lobby, d‘Jeeër, bedreet gëtt, da sollt ee wëssen datt déi d‘Mëttel hunn hirer „Kritik“ gehéier ze verschaffen.

Am Frankräich ass tëscht dem 1. Juli 2017 an dem 30. Juni 2018 den Ofschoss vu 40 Wëllef erlaabt ginn. Zum Enn vum Summer waren 22 Wëllef geschoss ginn.

Et sinn dann och haaptsächlech d‘Ziichter déi de Wollef net gäre gesinn, a sech fir den Ofschoss asetzen. De Wollef war am Frankräich säit den 30er Joren ausgestuerwen, haut sinn d‘Wëllef um ganzen Territoire, Schätzungen no, zu hirer 360.

mat AFP