Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut
Money Neiegkeeten

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut

Gutt 995.000 Persounen hunn 2016 d’Nationalitéit vun engem EU-Membersstaat ugeholl.

coollaughing
Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen
Money Neiegkeeten

Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen

Wéi s de bestëmmt scho matkrut hues, leeft grad de

coollove
E grousst amerikanescht Volleksfest
Money Neiegkeeten

E grousst amerikanescht Volleksfest

D‘Sonn zu Stadbriedemes war e Samschdeg nëmmen plazeweis ze gesinn.

money

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun der Regierung säi finanzielle Spillraum zu Gonschte vun der Sozialpolitik voll auszenotzen.

Ganz fäerdeg mat der Analys schéngen se zu Esch elo dann awer nach net ze sinn, wéi et aus hirem Communiqué ervirgeet. Generell gesäit sech den OGB-L trotz allem a senger Siicht vun der finanzieller, wirtschaftlecher a sozialer Situatioun vum Land bestätegt. Bedauert gëtt dann hei, datt an dësem Kontext et der Regierung u politescher Ambitioun feelt.

Dofir rifft den onofhängege Gewerkschaftsbond dës Regierung op endlech an ouni weider Verzögerung den zur Verfügung gestallte finanzielle Spillraum voll auszenotzen an déi néideg Sozialpolitik ëmzesetzen déi d‘Land brauch.

Am Géigesaz zu der Oppositioun an der Handelskummer, wëll den OGB-L festgestallt hunn, datt déi ëffentlech Finanzen „gesond“ sinn. Richteg ass, datt de Budget, esou wéi e virgeluecht ginn ass, bei der Administratioun e positive Sold an héicht vun 333 Milliounen Euro (+0,6% BIP) virgesäit. Bei der Gewerkschaft ass een dann och optimistesch, a gesäit bis 2021 eng méiglech Hausse bis op 1,1 Milliarden Euro (+1,7% BIP).

Stäipt een sech dann op déi vum OGB-L als vill ze vill restriktiv ageschate Budgetsreglementatioun vun der EU, déi en Defizit vun 0,5% vum BIP géif zouloossen, da wier ee jo hei voll a ganz am grénge Beräich. Finanziell Mëttel déi, esou d‘Gewerkschaft am soziale sollten ëm- an agesat ginn.

De Verloscht steet op enger anerer Säit

Datt am Budget „previsionnel“ fir d‘Zentralverwaltung ee „liichten“ Defizit vun 890 Milliounen Euro opgelëscht gëtt, tangéiert net de Standpunkt vun der Gewerkschaft. Si gesinn doranner beschtefalls en Argument dat vun de konservative politesche „Géigner“ genotzt gëtt, fir de Leit Angscht ze maachen. Dofir leet den OGB-L wäert drop, dës Zuelen ze relativiséieren.

Fir unzefänke wëll d‘Gewerkschaft drop hiweisen, datt sech den Defizit doduerch erkläert, datt de Niveau vun den ëffentlechen Investissementer am Budget bei 2,4 Milliarden Euro läit. Suen déi an d‘Zukunft vum Land gestach ginn, wat den OGB-L nëmme begréissen an ënnerstëtze kann. Also stellen déi Escher Budgetsspezialiste fest, datt wann een d‘Investissementer géif ausklamere, och de Budget fir d‘Zentralverwaltung iwwerschësseg wier.

An zweetens, esou den OGB-L, misst ee berécksiichtegen, datt esou wéi dat all Joer de Fall ass, beim ofschléissenden Decompte vum Budgetsexercice, den Defizit vun der Zentralverwaltung bei der Virlag vum Budget systematesch iwwerbewäert gëtt.

D‘Gewerkschaft huet dann awer net onrecht drop hinzeweisen, datt d‘Verscholdung vu Lëtzebuerg mat 22,5% vum BIP am gesamteuropäesche Kontext eng vun deenen niddregsten ass. Déi läit an der Moyenne bei 89,5% an der Eurozon. Den OGB-L wëll dann och wëssen, datt dësen Taux an de nächste Joer ëmmer weider soll erofgoen an deemno wäit ënnert deenen 30% leien déi sech d‘Regierung als Objektiv festgeluecht huet.

De Wuesstem mécht alles méiglech

A well dann alles zum beschte steet – besonnesch wou d‘Land mat engem Wuesstem vun 3% fir 2017 an nach emol 4,4% fir 2018 geseent ass – kann den OGB-L net anescht wéi e Mangel un Ambitioun vun der Regierung feststellen, wann et ëm Sozialpolitik geet.

Gutt, d‘Gewerkschaft begréisst natierlech d‘Erweiderung vum Pappecongé, och datt d‘Schoulbicher gratis sinn, an d‘Schoulkanner am Secondaire eng Tablett erhalen. Mee et wieren dat dann am Endeffekt éischter kleesper Moossnamen ugesicht de Käschte vun 28,5 Milliounen Euro. Déi géifen, esou den OGB-L, nach net emol e Fënneftel vun de Käschten duerstellen déi duerch de fiskalen Offall vun enger lächerlech déiwer Besteierung vun de „Stock-Options“ entsteet.

Hei berechent den OGB-L dann e Steierverloscht vun 180 Milliounen Euro. E Fait deen d‘Gewerkschaft notzt vir drun ze erënneren, datt de Verloscht deen d‘Bierger während de Krisejoren erlidden hunn, am Kader vun de sëlleche Spuermoossname bis ewell nëmme partiell kompenséiert kruten.

An der Konsequenz fuerdert d‘Gewerkschaft vun der Regierung, déi lescht 12 Méint vun hirem Mandat de ganze finanzielle Spillraum zu Gonschte vun der noutwenneger Sozialpolitik auszenotzen. Esou misst zwéngend eng Revalorisatioun vum „Gromperegeld“ (allocation vie chère) virgeholl ginn. Och eng Erhéijung vum Mindestloun (+10%) wier méi ewéi ubruecht. Am selwechte Sënn sollten och d‘Pensiounen iwwerduecht ginn, schonn eleng fir de Verloscht vun de leschte Jore gutt ze maachen, deen de Leit hei zougemutt gi wier.

Virun dräi Joer, esou den OGB-L, hätt d‘Regierung sech géintiwwer de Gewerkschaften engagéiert, e Mechanissem fir eng periodesch Upassung vun de Prestatiounen – baséiert op d‘Duerchschnëttsakommes – anzeriichten. Leider hätt ee bis ewell vun deem Gesetz weder eppes héieren nach gesinn.

Aus steierlecher Siicht, verlaangt den OGB-L dann och weiderhin eng fiskal Exemptioun fir d‘Salariat dat de Mindestloun verdéngt. Och gefuerdert, en automateschen Upassungsmechanissem vum Barème un d‘Inflatioun. Domatter soll eng erneit „kal“ Progressioun verhënnert ginn. Zudeem wier d‘Regierung gutt beroden, wann se dann endlech géif déi néideg Reformen op de Wee bréngen, wat d‘Legislatioun zu de Faillitten a Sozialpläng betrëfft.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten OGB-L, Reformen, Sozialpolitik, Staatsbudget
Nächsten Artikel Virrechten Artikel