Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht
signs your falling for your hookup

dating reply

Der Famill oder de Frënn mëttels enger SMS zu Neijoerschdag

match up dating app apk
signs your falling for your hookup

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix

OGBL: Knapp derlaanscht ass och derlaanscht!
signs your falling for your hookup

OGBL: Knapp derlaanscht ass och derlaanscht!

Am Kontext vun de Sozialwahlen hat sech déi gréisst Lëtzebuerger

OGBL: 40 Joer jonk an keng Unzeeche vu Midlifecrisis

Déi gréisste Gewerkschaft vu Lëtzebuerg feiert Gebuertsdag

OGBL: 40 Joer jonk an keng Unzeeche vu Midlifecrisis

Et war richteg eng lass, gëschter Owend an der „Maison du Peuple“, wouhinner den OGBL zum 40 Gebuertsdag vun der éischter Lëtzebuerger Gewerkschaft agelueden hat. Nodeems am Nomëtteg an der Stad de Koalitiounsaccord deklaréiert gi war, konnten d‘Vertrieder vun de Regierungsparteien, och gutt Gelaunt un dësem denkwierdege Festakt deelhuelen.

Den OGBL-President, ass seng senger Usprooch op den Ursprong vum OGBL agaangen. Den 3. Dezember 1978 haten sech 263 Delegéierter um ausseruerdentleche Kongress vum LAV (Lëtzebuerger Aarbechter Verband) fir d‘Opléisung vun hirer Organisatioun ausgedréckt, an esou, engersäits dem wirtschaftlechen a beruffleche Strukturwandel Rechnung gedroen, an anersäits de Wee fräi gemaach fir eng Eenheetsgewerkschaft, onofhängeg vun de politesche Parteien ze grënnen.

Eng Gewerkschaft, déi all Aarbechtsstatut vertrëtt. E Gewerkschaftsbond gegliddert an eenzel Beruffssyndikater, déi autonom hir Tarifpolitik gestalte kënnen. En Daachverband mat engem nationale Kongress an Nationalvirstand, wou jidderee representéiert ass, an wou zesummen iwwert déi allgemeng Programmatik an Aktioun vun der Gewerkschaft demokratesch entscheet gëtt. De Wonsch vun der Eenheetsgewerkschaft konnt allerdéngs do nach net verwierklecht ginn.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg, konnt iwwerzeegen, an vill Membere vun der Privatbeamtegewerkschaft (FEP) wéi och vun der ALEBA, hunn sech ugeschloss. D‘FGIL ass als Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW-OGBL) dem OGBL bäigetrueden. Et war leider net méiglech se all vun der Iddi ze iwwerzeegen: beim neutralen Handwierkerverband an dem Landesverband gouf géint de bäitrëtt gestëmmt, den LCGB huet de Projet carrement boykottéiert.

Zesumme méi bewierken

Haut dierf e frou sinn, datt et d‘Grënnungsmemberen net dovunner ofgehalen huet d‘Fundament vun enger Eenheetsgewerkschaft ze géissen. Sengerzäit gouf festgehalen, datt sech den OGBL fir d‘Schafung vun enger eenzeger, staarker an autonomer Gewerkschaft géif asetzen. E Punkt deen esou och haut nach an de Statute steet. Déi „nei“ Gewerkschaft huet lues a lues gestalt ugeholl, hat et déi éischt Joren awer net liicht. Et hu vill Kämpf missen ausgedroe ginn, fir d‘Ziler ze erreechen.

Zu gudder Lescht awer ass den OGBL eng „success Story“ ginn. Un dëser hunn esou bedeitend Persoune wéi de John Castegnaro, dee 25 Joer laang als President un der Spëtzt vum OGBL gewierkt huet, matgeschriwwen. Erfollegräich och am direkte Verglach mat anere Gewerkschaften, well een et verstanen hat, dat ganzt Potential vun engem schlagkräftegen Daachverband geziilt anzesetzen. Hei huet den André Roeltgen dann op e puer memorabel Aktiounen erënnert.

OGBL

Den André Roeltgen (Mëtt-lénks) an gudder Gesellschaft mam Pierre Gramegna (DP) an dem Dan Kersch (LSAP). Och säi Virgänger, de Jean-Claude Reding, haut Chef vun der CSL, a vill aner Honoriatoren, waren der Aluedung zum 40. Gebuertsdag vum OGBL nokomm. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hei wier beispillsweis op déi markant Mobiliséierung am Stolsecteur am Joer 1984 hinzeweisen, wou zu Diddeleng géint d‘Schléissung vum Steckel manifestéiert ginn ass. Och d‘Streikbeweegung vun de Carreleuren (1984 an 1985) déi et am Virsummer 1985 zum längste Streik an der Geschicht vum OGBL bruecht haten. Méi rezent: de soziale Mouvement vun de Salariéeën aus dem Bausecteur, mat deem d‘Patronat konnt iwwerzeegt ginn e vernënftege Kollektivvertrag virzeleeën.

Et sinn nëmmen e puer Beispiller ënnert villen, déi awer beweisen, wéi staark een am Verbond ass. Wat een „zu méi ass“ wat e méi Gewiicht huet, wann ee sech am politesche Raum oder géintiwwer de Patrone muss duerchsetzen. Wat een dorënner ze verstoen huet, léisst sech um 16. Mee 2009 bildlech duerstellen: sengerzäit waren 30.000 Manifestanten op d‘Strooss gaangen, fir der Politik an dem Patronat kloer ze maachen, datt „si net bereet wieren, fir d‘Kris ze bezuelen“.

Déi „kritesch Mass“

Haut kann sech den OGBL op eng 70.000 Membere beruffen, vun deenen auszegoen ass, datt si och weiderhin ee fir deen aneren antrieden, wann et dann emol „brenzeleg“ gëtt. Gekämpft gëtt och weiderhi fir déi bescht méiglechst Aarbechtskonditiounen, dem Erhalt vum Index, oder den ënnerschiddleche Versécherungen, der Verbesserung vun de Renten oder de Schutz vun esou Institutioune wéi d‘Sozialversécherung an d‘Gesondheetskeess.

Den André Roeltgen ka mat Houfert behaapten, datt sech keng aner Gewerkschaft zu Lëtzebuerg esou gutt an de leschte 40 Joer entwéckelt huet. Verschiddener sinn einfach „verschwonnen“, aner hu sech ugeschloss, oder spille kee signifikative Rôle méi. De President schléit de Nol nach eppes méi déif an, wéi hie bemierkt, datt d‘Gewerkschafte LCGB an ALEBA vill vun hirer Notorietéit verluer hunn. Dofir widderhëlt den André Roeltgen säin Appell fir d‘Eenheet.

„All Dag a Mount, all Joer dat mir versträiche loossen, ouni eis zesummenzedoen, verréngert eisen Aktiounsradius. Zesumme wier et mat Sécherheet méi liicht sech zu Gonschte vum Salariat anzesetzen“, esou den OGBL-President. A wann et och en „historesche Feeler“ ass, sech net an engem Bond zesummenzedoen, esou dierften nach Jore vergoen iert et hei zu Verännerunge kënnt. Wéi och ëmmer, gëschter gouf zolidd gefeiert, an dat däerf och emol sinn…

Foto: De Festsall an der „Maison du Peuple“ war zur Éier vum 40. Gebuertsdag vun der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft, bis op déi leschte Plaz gefëllt. Den OGBL-President, André Roeltgen, hat sech en interessanten Exkurs an d‘Geschicht vu véier Joerzéngte Gewerkschaftskampf gegënnt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, Gebuertsdag, Gewerkschaft, Maison du Peuple, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel