Search

You may also like

Nationalfeierdag doheem – D’Gemeng Käerjeng feiert mat lokale Produiten!
Meenung Neiegkeeten

Nationalfeierdag doheem – D’Gemeng Käerjeng feiert mat lokale Produiten!

D’Initiative „Nationalfeierdag doheem“, zu där de Schäfferot vun der Gemeng

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?
Meenung Neiegkeeten

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?

D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Lydia Mutsch (LSAP) huet kierzlech de Bilan

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht
Meenung Neiegkeeten

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht

Um Méindegmueren huet d‘Bundesregierung beschloss, datt d‘Leit déi aus Risikolänner

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch

Laangfristege Krisemanagement gesäit anescht aus!

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch

Duerch déi dramatesch steigend Unzuel u Covid-Fäll zu Lëtzebuerg an a ganz Europa huet d’Regierung e Gesetzesentworf virgeluecht, dee virgesäit, datt d’Aarbechtszäit vum Personal vum Gesondheets-, Fleege- a Sozialsecteur temporär nees op 12 Stonnen den Dag a 60 Stonnen d’Woch erhéicht kënne ginn.

De Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen vum OGBL ass alarméiert a warnt virun engem fahrlässegen Ëmgang mat der wichtegster Ressource, déi mir am Kampf géint d’Corona-Pandemie hunn, déi vum Gesondheets- a Fleegepersonal.

Et si genee dës Employéeën, déi zënter dem Ufank vun der Pandemie mat vollem Asaz eiser gesamter Gesellschaft de Réck fräigehalen hunn. Et sinn och si, déi scho säit Joren mat ganz intensiven Aarbechtsbedingungen an engem enormen Drock kämpfe mussen. Wärend de Rescht vun der Bevëlkerung am Summer, ugesiichts den niddregen Covid-Zuelen, eng Auszäit gegënnt war, ware si et, déi Iwwerstonne gemaach hunn fir déi ausgefale Betreiung vun den Net-Corona-Patienten opzeschaffen.

D’Politik huet dogéint am Summerlach verpasst seng Verantwortung ze iwwerhuelen an dem ufänglechen Applaus Dote folgen ze loossen. De Syndikat Gesondheets a Sozialwiese vum OGBL hat schonn am Juli ënnert dem Slogan „Ouni Eis Geet Näischt“ ob déi desolat Zoustänn an d’Noutwennegkeet, d’Employéeën vum Secteur ze schützen, opmierksam gemaach.

Och an den ulafende Kollektivvertragverhandlungen gouf de Schwéierpunkt vum OGBL op qualitativ Verbesserunge vun den Aarbechtsplazen a Méiglechkeeten fir d’Employéeën, sech vun der enorm intensiver Aarbecht ze erhuelen, geluecht. En Unhiewen vun de legale Grenzen vun der Aarbechtszäit ass sécherlech kee Schrëtt an déi richteg Richtung.

E laangfristege Krisemanagement gesäit anescht aus. Den OGBL bedauert, datt elo fir déi zweet Kéier esou Moossname getraff ginn, amplaz op de Sozialdialog am Secteur ze setzen. D’Problematik vun den Aarbechtszäiten hätt am Kader vun de Kollektivvertragverhandlunge gereegelt misse ginn, inklusiv entspriechenden Entschiedegungen fir d’Employéeën, déi elo esou net virgesi sinn.

60 Stonnen© Luis Melendez / Unsplash

Widderspréchlech ass och, datt d’Politik bis dato keng Ustrengunge gemaach huet, den Deelzäitemployéeën de Schrëtt zur Vollzäit ze erliichteren Dat kéint beispillsweis iwwert Moossnamen zu enger besserer Vereenbarung vu Privatliewen a Beruff erfollegen. Esou een Investment géif diplomatesch Zwéckmillen bei der Rekrutéierung an der Groussregioun vermeiden an doriwwer hinaus Zäit spueren, well dës Employéeën net an d’Krisenzäit ageschafft musse ginn.

An dësem Zesummenhang ass den OGBL awer schockéiert a mir wäerten net akzeptéieren, datt wéi ugeduecht, finanziell Mëttel zur Kannerbetreiung an de Spideeler, deenen hir Ëffnungszäiten un d’Aarbechtszäiten vun de Gesondheetsberuffer ugepasst sinn, kuerzerhand gestrach solle ginn. Den OGBL fuerdert an dësem Zesummenhang en direkt Ëmdenken an en Ausbau vun der Offer, fir datt d’Kannerbetreiung fir all Elteren, déi am Secteur schaffen, wärend hirer Aarbechtszäit garantéiert gëtt.

Doriwwer hinaus dierft beim Thema Personaldotatiounen an de Spideeler bei zukünfteg Budgetsgespréicher op kee Fall um sougenannte PRN-System festgehale ginn, dat de Spideeler just 82 % vum benéidegte Personal bewëllegt. Sollt hei keen Ëmdenken stattfannen wäert den akute Personalmangel systematesch an noweisbar iwwert déi nächst Joren konstant verstäerkt ginn. Eng Verbesserung vun den Dotatiounsmechanismen an dem gesamte Gesondheets-, Fleege- a Sozialsecteur ass längst iwwerfälleg.

Den OGBL warnt ganz kloer virun de Konsequenzen vun esou politeschen Entscheedungen, déi verstäerkt Iwwermiddung, Burnout, Krankheet a soumat onweigerlech zu enger qualitativer Verschlechterung am Kampf géint d’Corona-Pandemie an an der Fleeg insgesamt féiere wäerten.

Matgedeelt vum OGBL – Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen

Déi offiziell Matdeelung fannt Dir hei (PDF)

Related topics 12 Stonnen, 60 Stonne Woch, Aarbechtszäiten, Fleegepersonal, Fleegesecteur, Gesondheet, laangfristege Krisemanagement, OGBL, Ouni eis geet näischt, Schutz, Wierdegung, Zweet Well
Next post Previous post