Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En neit Gesetz fir d‘Fëmmerten, geet et mech eppes un?
Neiegkeeten

En neit Gesetz fir d‘Fëmmerten, geet et mech eppes un?

Wann ech mech u meng Kandheet erënneren, wou mer hannen

Fondatioun IDEA: „e bessere politeschen Dialog fërderen!“
Neiegkeeten

Fondatioun IDEA: „e bessere politeschen Dialog fërderen!“

Am Kontext vun de Chamberwahle gëtt et keng Vereenegung, Associatioun,

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter
Neiegkeeten

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter

Déi douce Temperature vun de leschte Woche sollten d’Automobilisten net

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt

Um Mëttwoch hat et eng Entrevue tëscht enger Delegatioun vum OGBL an dem Aarbechtsminister ginn, bei där et ëm d‘Revendicatiounen zur Reform vum Reklassement gaangen ass. E puer vun dëse Revendicatiounen si vum Minister Nicolas Schmit berécksiichtegt ginn, an elo erhofft sech d‘Gewerkschaft, datt d‘Reform nach virun de Chamberwahle gestëmmt ka ginn.

Et dierf an dësem Kontext awer net vergiess ginn, datt et den OGBL war, deen d‘Gesetz – dat den 1. Januar 2016 a Kraaft getrueden ass – zum beruffleche Reklassement heftegst kritiséiert hat. Verbesserunge ware gefuerdert ginn, an wéi ausgesäit, huet sech den OGBL op wichtege Punkten duerchgesat kritt. Gëschter huet de Carlos Pereira, Member vum Exekutiv-Büro, déi wichtegst Changementer erläutert.

D‘Fro vun der Kompetenz gekläert

Fir den OGBL läit dann och ee vun de gréisste Feeler vum Gesetz doranner, datt et sech op all d‘Dossieren, déi vun der „Commission Mixte“ behandelt ginn, néierschléit. Dat esouwuel iwwert de Wee vun der Aarbechtsmedezin, wéi och duerch de Kontrolldokter vun der Gesondheetskeess (CMSS). De Problem an dësem Kontext ass, datt d‘Roll vum Kontrolldokter sech dorop limitéiert, festzestellen, wéi den allgemenge Gesondheetszoustand vum Salarié ass.

Op der anerer Säit kuckt den Aarbechtsdokter sech déi „Reklasséiert“ mam Bléck op d‘Beschäftegung vum Salarié un. Hei ass et dann awer esou, datt den Aarbechtsdokter nëmme wéineg Befugnis huet, déi genannten „Commission Mixte“ ze saiséieren. E Punkt, deen iwwerschafft soll ginn, falls de Minister seng Engagementer hält. Laut dem Carlos Pereira, soll an Zukunft déi „Commission Mixte“ bei all Fall vu Reklassement – intern, wéi extern – kënne saiséiert ginn.

Domatter huet d‘Gewerkschaft eng immens wichteg Revendicatioun am Interessi vun de Salariéeën duerchgesat kritt. Bis ewell ass d‘Aarbechtsmedezin nëmmen da kompetent, wann et ëm den interne Reklassement geet, respektiv de Salarié méi wéi 10 Joer Anciennetéit an der Entreprise huet an eng geféierlech Aarbecht verriicht.

Mat den Ännerunge soll d‘Aarbechtsmedezin méi Kompetenzen erhalen, an Zukünfteg och fir den externe Reklassement zoustänneg sinn, während d‘Anciennetéit op 3 Joer gekierzt ginn ass, oder wann e Salarié seng éischt Visite (bei der Astellung) beim Aarbechtsdokter hannert sech huet. Den OGBL felicitéiert sech dann och, dem Aarbechtsminister hei déi richteg Argumenter geliwwert ze hunn, déi ee grousse Problem aus der Welt schafen.

D‘Reform vun der Kompenséierungsentschiedegung

Et muss dann och festgehale ginn, datt am aktuelle Gesetz den interne Reklassement preferéiert gëtt. Also wann en Salarié an der Entreprise eng aner, ugepassten Aarbecht zougewise kritt. Mat der Kompenséierungsentschiedegung, gëtt de Produktivitéitsverloscht oder d‘Aarbechtszäitverkierzung ouni Abousse fir de Salarié oder de Patron ausgeglach.

An hei huet d‘Gewerkschaft d‘Garantie erhalen, datt wann d‘Pai vum reklasséierte Salarié klëmmt, d‘Kompenséierungsentschiedegung, am Fall vun enger Aarbechtszäitverkierzung, onverännert bleift. Et ass e sech dann och eens ginn, datt d‘Reform vum Gesetz net réckwierkend gülteg ass. De Nicolas Schmit soll awer versprach hunn, datt an Zukunft d‘Berechnung vun der Kompensatioun, och d‘Lounerhéijung am Kader vum Kollektivvertrag wäert consideréieren.

Eng méi gerecht Entschiedegung fir d’Waardenzäit

Op engem weidere Sträitpunkt konnt sech d‘Gewerkschaft och duerchsetzen an huet vum Minister e „prinzipiellen Accord“ erhalen: et geet ëm d‘Entschiedegung an der Waardenzäit. Hei war et tëscht 2002 an 2016 esou, datt d‘Entschiedegung fir d‘Waardenzäit – déi der Invaliderent ugepasst ass, a vun der Pensiounskeess bezuelt gëtt – eréischt iwwerwise gouf, wann de Salarié net méi Usproch op de Chômage hat.

Dat huet zu ville Problemer bei de Betraffene gefouert, an d‘Situatioun ass onverännert fir déi, wou hir Demande virun 2016 agereecht hunn, well d‘Gesetz net réckwierkend gräift. Et gëtt, esou den OGBL, net jidderee gläich behandelt. Salariéeën, déi op eng „gemëschte Carrière“ zréckblécken, also eng Rei Joren am Ausland geschafft a beispillsweis fënnef Joer zu Lëtzebuerg geschafft hunn. D‘Entschiedegung vun der Waardenzäit bezitt sech op d‘Aarbechtsdauer hei am Land.

An et läit dorunner, datt et am Frankräich esou eng Entschiedegung net gëtt. Dofir ass Gesetz 2016 entspriechend verännert ginn, fir der Ongerechtegkeet en Enn ze bereeden. Et gouf déi sougenannte berufflech Waardenzäitentschiedegung (IPA) agefouert. Mat der IPA gëtt nom Usproch och Chômage, eng Entschiedegung bezuelt, déi dem Chômagegeld equivalent ass. D‘IPA gesäit awer eng Anciennetéit vun 10 Joer vir, an de Minister schéngt bereet d‘Konditioun op 5 Joer festzeleeën.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, Carlos Pereira, Nicolas Schmit, OGBL, Reklassement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel