Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Greta Thunberg zu Davos: „Ech wëll datt dir a Panik gerot“
Neiegkeeten

D‘Greta Thunberg zu Davos: „Ech wëll datt dir a Panik gerot“

Et wier un der Zäit fir eppes méi däitlech Wierder,

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling
Neiegkeeten

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling

Déi gréng a blo Tonn, wéi och déi blo Tut

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Besuch am Caritas Fairness Center
Neiegkeeten

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Besuch am Caritas Fairness Center

LL.AA.RR. den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie hu gëschter den

Kooperatiounsaccord tëscht dem OGBL an der ADESP

Kooperatiounsaccord tëscht dem OGBL an der ADESP

D‘Gewerkschaft OGBL an d‘Vereenegung vum Police-Personal mat engem Sekundarofschloss-Diplom vun der groussherzoglecher Police Asbl (ADESP) hunn haut e Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen, deen sech op d‘Zesummenaarbecht um Niveau vun der Verdeedegung vun den Interesse vum Personal mat engem Sekundarofschloss (oder equivalent) an der Police bezitt.

Den OGBL engagéiert sech d‘ADESP a senger representativer Missioun vum betraffene Personal ze ënnerstëtzen. Als Géigeleeschtung associéiert d‘ADESP den OGBL u sengen Aktivitéiten, ënnerstëtzt d‘Aarbecht vum Departement „Ëffentlech Déngschter“ vum OGBL an invitéiert seng Memberen sech dem OGBL unzeschléissen.

Den OGBL sengersäits associéiert d‘ADESP u sengen Aarbechten um Niveau vun den europäeschen an internationale Gewerkschaftsorganisatiounen aus dem ëffentlechen Déngscht.

An dësem Kontext ënnersträicht den OGBL, datt hie voll a ganz déi legitim Revendicatioune vum Personal dat innerhalb der ADESP vertrueden ass, betreffend d‘Unerkennung vun hirem Diplom, a bezunn op de Gläichheetsprinzip bei der Behandlung an esou och dem Accès vum betraffene Personal zur Carrière B1 vun der Fonction Publique.

Den OGBL huet bei dëser Geleeënheet affirméiert, datt och déi juristesch Demarche vun der ADESP – um Niveau vun den administrative Juridiktiounen – an der Hoffnung dat sech eng politesch Léisung vum Problem fanne léist. An dësem Kontext wäert den OGBL d‘Fuerderunge vun der ADESP an den zukünftegen Diskussioune mat de kompetente Ministeren (Fonction Publique a Bannesécherheet) Nodrock verléinen.

Matgedeelt vum OGBL an der ADESP, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © OGBL

Ähnlech Sujeten ADESP, Gewerkschaft, OGBL, Police, Revendicatiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel