Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kalifornien verbrennt
sheboygan hook up

Kalifornien verbrennt

En Dënschdeg, sechsten Dag vun enger Katastroph där hiert Ausmooss

how well online dating works according to someone who has been studying it for years
sheboygan hook up

OGBL-SEW: Et freet sech fir wien d‘Schoulrentrée am schwéierste gëtt

Datt den Educatiounsminister seng radikal Reformen ouni Récksiicht op d‘Awänn

Ab dem 1. Juli ginn d‘Servicer vum SAMU verstäerkt
sheboygan hook up

Ab dem 1. Juli ginn d‘Servicer vum SAMU verstäerkt

De SAMU (de Service fir urgent medezinesch Hëllef) gouf zu

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal

Laang a breet hunn et OGBL a LCGB ugekënnegt: „Mir loossen eis net fir domm verkafen!“

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal

Den OGBL ass de Majoritéitsvertrieder am Secteur vun der Siderurgie an domatter den éischten Uspriechpartner fir den indesch-lëtzebuergesche Konzern ArcelorMittal, dee leschten Donneschdeg d‘Detailer zur geplangter Restrukturatioun – genannt SCORE – bei enger Reunioun virgeluecht huet. De Gewerkschaftsvertrieder stounge séier d‘Hoer zu Bierg a si hunn de Sall verlooss…

Den OGBL-Sekretär fir de Beräich Siderurgie, Jean-Claude Bernardini, huet sech géintiwwer dem Quotidien fir dëse Schratt gerechtfäerdegt. Hie beschëllegt de Konzern d‘Gewerkschaften hannert d‘Liicht féieren ze wëllen. De Rapport zur „Restrukturatioun“ oder wéi et am ArcelorMittal Jargon heescht „Transformatioun“, ass 84 Säiten déck, mee virgeluecht gouf e Resumé vu just 2 Säiten.

Datt een an engem Resumé keng Detailer méi erëmfënnt ass logesch. „Dat kann een nëmmen als onseriö bezeechnen“, seet den OGBL-Sekretär. „E Plang zur Transformatioun a Reorganisatioun baséiert op prezisen Zuelen, déi awer ginn eis virenthalen. Ënnert dëse Konditiounen ass en Dialog onméiglech, firwat mir eis gehuewen hunn a gaange sinn“, esou de Jean-Claude Bernardini.

Tripartite?

Am Communiqué vum LCGB liest et sech ähnlech an hei gëtt op en Neits gefuerdert, datt den Accord „Tripartite-Siderurgie“ fir all déi Lëtzebuerger Standuerter bäibehale gëtt. Eng Iddi déi esou vun der Regierung net gedeelt gëtt. Vum LCGB muss et an der Tripartite zu engem neie Schutz-Kader fir déi Lounofhängeg am Stolsecteur kommen, dee beim Projet SCORE ugewannt gëtt.

Wann elo gewosst ass, datt de leschten Tripartite-Accord am Juni „ausgelaf“ ass, an dee vun der Konzernzentral op fënnef Joer ausgeluechte SCORE-Projet keng „Kris“ am eigentleche Sënn duerstellt, versteet sech bal vun eleng, firwat déi chrëschtlech-sozial Gewerkschaft an déi eigentlech sozialistesch ausgeriichte Gewerkschaft, eng differenzéiert Siicht op dee selwechte Problem hunn.

Fir den OGBL ass en „Tripartite-Accord“ en Instrument fir an enger Kris, déi schlëmmste Folgen ze entschäerfen. A laut dem Jean-Claude Bernardini ass een hei net enger Krisesituatioun. Also fuerdert den OGBL just datt déi bestoend Gesetzer ugewannt ginn, déi der Gewerkschaft d‘Mëttel ze handelen zur Verfügung stellt. Handele setzt allerdéngs nees den Dialog viraus…

Weltmaart

Op et dann elo derzou bäidréit, wann een Dieren hannert sech zouschléit, méi séier un déi allsäits gefuerdert Informatiounen, also engem detailléierte Plang zu: Investissementer, dem Ëmbau an de Garantie ze kommen, ass eng berechtegt Fro. Bis ewell ass vum „SCORE“ just mat Sécherheet gewosst, datt iwwert déi nächst fënnef Joer 216 Plazen „duerch natierlech Ofgäng“ ofgebaut ginn.

Et sollt een awer och déi fir dësen däregen Dossier zoustänneg LSAP-Minister, Etienne Schneider (Wirtschaft) an Dan Kersch (Aarbecht) net ausser Uecht loossen. Si hate schonn am Juli ganz däitlech drop higewisen, dësen Dossier ze verfollegen. Et war esou preziséiert ginn, datt déi vum Konzern geplangte Restrukturatioun net zu Schléissungen an/oder Aarbechtsplazverloscht féiert.

An zur Verdeedegung vun ArcelorMittal ass et noutwenneg unzeféieren, datt zanter dem Dissens tëscht den USA a China de Stolmaart zimlech a Matleedschaft gezu ginn ass. Déi esou fräigesaten Iwwercapacitéite mee och déi ominéis Karbontax hunn Auswierkungen a zwar keng gutt. Eleng fir ArcelorMittal heescht et datt et zu enger Reduktioun vu bis zu 3 Milliounen Tonne Stol/Joer kënnt.

Foto: Michel Gaida/Pixabay

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, LCGB, OGBL, Restrukturéierung, SCORE, Stolkris, Tripartite
Nächsten Artikel Virrechten Artikel