Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vanitas – live fast, never digest
Neiegkeeten

Vanitas – live fast, never digest

D’Kulturfabrik luet an op een meditatiivt Theaterstéck, ganz am Zeeche

money
Massiv Entloossunge bei General Motors
Neiegkeeten

Massiv Entloossunge bei General Motors

General Motors (GM), de gréissten US-Autoconstructeur, huet e Méindeg annoncéiert,

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!
Neiegkeeten

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!

Dëst Fréijoer soll et esou wäit sinn: zwee Belugae gi

OGBL zum Coronavirus a Bildungswiesen: Kee Plang an Aussiicht

OGBL zum Coronavirus a Bildungswiesen: Kee Plang an Aussiicht

An der aktueller Corona-Kris schéngen déi ëffentlech Grondschoulen op eemol dem Gesondheetsministère ze ënnerstoen, verweist de Bildungsministère zur Zäit bei all Ufro nach konkret Informatiounen oder Prozeduren op d’Gesondheetsexperten. Mee och vun dëser Säit erhalen d’Grondschoule guer keng Opklärung zum Ëmgang mam Coronavirus.

Wärend a Schoulen zwee Mol am Joer eng Brandschutzübung stattfanne muss, gëtt et fir Corona offensichtlech kee Plang, just eenzel Direktere schénge Verständnis fir de Wonsch no konkrete Matdeelungen ze hunn a beweisen Eegeninitiativ (oder verlaangen dës souguer Zivilcourage?): Si halen hiert Personal op eege Fauscht no hire Méiglechkeeten um Lafenden.

Vun offizieller Säit heescht et just, datt beim Ustiechen d’Gesondheetsamt vu Fall zu Fall entscheede géif, wéi eng Moossnamen a wéi engem Ausmooss getraff wäerte mussen, wéi wann et onnëtz wier, et de Schoulen ze erméiglechen, sech preventiv op Schoulschléissungen virzebereeden. De Schoulmeeschteren ass et zur Zäit selwer onkloer, wéi an duerch wéi eng Kanäl si iwwert eng Schoulschléissung aus Grënn vum Infektiounsschutz a Kenntnis gesat ginn.

Fir Onrouen ze vermeiden, gëtt d’Beschoulung vu schutzbedierftegen,, wëll virerkrankter Schüler eenzeg an eleng der Verantwortung an de Méiglechkeete vun den Elteren iwwerlooss. De facto ass d’Schoulflicht offensichtlech scho vum Coronavirus ausser Kraaft gesetzt. Och entzitt sech de Bildungsministère senger Verantwortung géigeniwwer sengem Personal, gëtt et dach och hei schutzbedierfteg Persounen, déi weder iwwert zousätzlech Schutzmoossnamen informéiert ginn, nach vum Déngscht fräigestallt ginn.

Tëschenzäitlech notzt de Bildungsministère d’Gonscht vun der Stonn, fir Drock op d’Schoulmeeschteren auszeüben, fir datt si d’E-Mail-Adresse vun den Elteren asammelen an an der Schülerdatebank aktualiséieren. Op Nofro heescht et vun offizieller Säit, datt Elteren am Noutfall iwwert dës Adressen ugeschriwwe géife ginn, an dach wäerten d’Eltere selwer net doriwwer informéiert ginn, datt an zu wéi engem Zweck hir Adresse genotzt wäerte géifen. D’Fro no Transparenz an enger juristscher Basis vun dëser aktionistescher Moossnam steet am Raum.

Oppegeluecht Kommunikatiounsweeër, sou wéi déi direkt Informatioun vu Schlësselpersounen an den Eenzelschoule gehéieren zu engem adequaten nationalen Noutfallplang a suerge fir Panikvermeidung am Virfeld. Den OGBL-Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft (SEW/OGBL) fuerdert vum Bildungsministère kloer Uweisunge fir den Eeschtfall a virbeugend Schutzmoossname fir identifizéiert schutzbedierfteg Schüler a Léierpersonal.

Matgedeelt vum OGBL-Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft (SEW/OGBL) – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherfoto: © Feliphe Schiarolli /Unsplash

Ähnlech Sujeten Bildung, Coronavirus, Covid19, Educatiounsministère, Gesondheetsministère, Noutfall, Noutfallplang, SEW-OGBL, Transparenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel