Search

You may also like

60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Neiegkeeten

60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!

Am Kader vu sengem 60. Gebuertsdag huet den ARC –

Éischt Pfizer/Biontech Impfstoffer am Land ukomm
Neiegkeeten

Éischt Pfizer/Biontech Impfstoffer am Land ukomm

Um Samschdeg ass déi éischt Livraisoun vun den Impfdosen zu

A lass: Äre Projet (m)am Naturpark!
Neiegkeeten

A lass: Äre Projet (m)am Naturpark!

Zesumme mam Ministère fir Landesplanung lancéieren déi dräi Naturparken Öewersauer,

Eng „zweet Well“ wier Ënnerwee…

D‘Aussiichten op en opflame vun der Pandemie ass beonrouegend an den OGBL net gewëllt dës Laascht dem Fleegepersonal ënnert de virechte Konditiounen zouzemudden

Eng „zweet Well“ wier Ënnerwee…

Beim OGBL ass een alt nees gezwongen d‘Alarmklacken ze lauden, wëll de Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg geet et laang net esou gutt, wéi engem d‘Regierung dat ëmmer esou wëll verkafen. Dobäi feelt et net u Léisungen, esou den OGBL de Salariéeën aus dem Fleegesecteur d‘Liewe méi einfach ze maachen a besonnesch hir Aarbechtskonditiounen entspriechend ze verbesseren.

Mee d‘Gewerkschaft ass net an der Regierung an och an der Chamber kënnen se den Ament net op d‘Réckendeckung vun der LSAP zielen. D‘Problemer vun de Gesondheetsberuffer loossen sech elo awer nëmme politesch léisen. An eigentlech hat den OGBL sech och virgeholl, op der Plëss virum Cercle – wou d‘Chamber jo den Ament siegéiert – ee Protestpiquet ze organiséieren.

Dës Maniff hu se dann awer missen ausfale loossen, d‘Zuele vun den Neiinfektioune mam Covid19 eegenen sech net fir esou eng gewerkschaftlech Aktioun. Eng Decisioun déi een dem OGBL roueg dierf gutt schreiwen, besonnesch dem Syndikat „Gesondheet, sozial an edukativ Déngschter“, wou d‘Memberen eng zimmlech gutt Iwwersiicht vun der Problematik hunn. Eng Meenung hu se awer.

Et ass sech also eppes ageschränkt ginn an et huet een et bei engem Rendez-vous mat de Medie belooss. An der Escher Zentral huet d‘Chantal Gantrel dann emol aleedend drop higewisen, datt sech d‘Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur grad emol vun der éischter Well erhuelen, a sech ënnert hinnen déi meescht d‘Fro stellen: „ A wat maache mir dann elo?“. Eng berechtegt Fro.

Och d‘Leit kéinten e Beitrag leeschten

Wann d‘Chantal Gantrel feststellt, datt jiddereen aus dem Secteur säi mënscheméiglecht leescht, fir datt all Patient mat der gréisster Suergfalt a vill Versteesdemech behandelt gëtt, esou sollt engem net entgoen, datt een et hei net mat Mënschen ze dinn huet, déi iwwert Superheldekräfte verfügen, mee wéi all anere schaffende Mënsch iergendwann midd ginn. An eng zweet Well ka kee gebrauchen.

Aus psychescher Siicht ass nach alles esouwäit an der Rei, mee physesch fänkt et un un d‘Substanz ze goen, firwat et verständlech ass, datt sech vill Leit aus dem Secteur froe wat dann elo nees op si duer kënnt. Wou sollen si esou séier nei Kraaft ervirhuelen? Et ass jo elo och net esou, wéi wann et Fleegepersonal am Iwwerfloss gëtt. Heescht dat datt een nees 12 Stonne Schichte knuppe muss?

Fir de Pitt Back, Generalsekretär vum Syndikat „Gesondheet, sozial an edukativ Déngschter“ muss d‘Regierung elo zäitno Äntwerten ofliwweren. Et ass jo kee Geheimnis méi, datt de vulnerabelste Patient de Gesondheetssecteur selwer ass. Et huet ëmmer méi Aarbecht an net genuch Hänn, datt et zudeem keng Einfach Aarbecht ass an een net alles mat Iwwerstonne regele kann ass bekannt.

An de Gewerkschaftler weist nach emol drop hin, datt aktuell 100% vun der Aarbecht mat engem 82% Effektiv muss geleescht ginn. Hie kritiséiert d‘Aarbechtszäitorganisatioun am Secteur, déi sech mëttlerweil och op aner Beruffsgruppen, wéi de Botzsecteur, d‘Sozialaarbechter an d‘Educateuren ausgewäit huet. An deenen hir Kollektivverträg si wäit méi schlecht wéi am Gesondheetssecteur.

Wat ze maache wier

Elo geet et dem Pitt Back an dem OGBL generell net drëms nëmme mam Fanger op d‘Problem ze weisen. D‘Gewerkschaft sicht ëmmer de konstruktiven Dialog, firwat dann och intern iwwer kuerz- a laangfristeg Léisungen nogeduecht huet. Als éischt misst elo zügeg d‘Dotatioun vun de Stellen am Gesondheetssecteur an am Sozialberäich ëm 10% ugehuewe ginn. Leit dofir gëtt et anscheinend.

Laut dem OGBL wiere Mënschen am Chômage, déi iwwert déi gesichte Qualifikatioune verfügen, firwat dës Moossnam – méi Leit ze beschäftegen – séier kéint ëmgesat ginn. Méi laangfristeg gesinn, muss awer un der Valorisatioun vun de Gesondheetsberuffer geschafft ginn. Wann de BTS-Santé net falsch ass, esou misst een hei eppes Wäitsiicht un den Dag leeën an no anere Piste kucken.

An esou wéi datt scho vun der Oppositioun an der Chamber gefuerdert ginn ass, verlaangt och de Pitt Back d‘Schafung vun engem Bachelor an Master fir d‘Gesondheetsberuffer. Zudeem misst een den Diplom vum Aide-soignant opwäerten. Als weidere Virschlag: d‘Harmoniséierung vun den Aarbechtskonditiounen, wann de Kollektivvertrag vun de Spideeler fir de ganze Secteur gëlle sollt.

Op dëse Message op der richteger Plaz mat der entspriechender Opmierksamkeet ukënnt? Besser wier et, well et ass net dovunner auszegoen, datt d‘Gewerkschaft hei ontäteg wäert nokucken. „Ouni eis leeft näischt“ ass de Slogan vum OGBL, an och wann et net de Moment ass fir grouss Demonstratiounen ze organiséieren, d‘Regierung dierf sécher sinn, datt et do Alternative gëtt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Chantal Gantrel, Fleegeberuffer, Gesondheetssystem, OGBL, Pitt Back, Syndikat Gesondheet sozial an edukativ Beruffer
Next post Previous post