Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?
Meenung Neiegkeeten

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?

Eigentlech sollten ab dem 1. Abrëll d‘Leit, déi an Éisträich

surprise
D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren
Meenung Neiegkeeten

D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren

Et ergeet dem EU-Kommissär fir d‘Sécherheet an der Unioun, Julian

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?
Meenung Neiegkeeten

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?

Säit enger gefillten Éiwegkeet gëtt am Land gefuerdert, datt et

Den OGBL zur nächster Etapp vum Deconfinement

De Congé aus aussergewéinleche familiäre Grënn an de partielle Chômage musse bäibehale ginn

Den OGBL zur nächster Etapp vum Deconfinement

Den OGBL begréisst déi nächst Etapp vum Deconfinement, déi d’Regierung e Méindeg annoncéiert huet. Et stëmmt een der virsiichteger Approche zum progressive Retour an ee méi oder manner normaalt Liewen zou. Et ass och wichteg, datt d’Regierung weiderhin vun noem d’Evolutioun um sanitäre Plang am Bléck hält, an am Eeschtfall d’Strategie upasst.

Elo mussen all noutwenneg Sécherheetsmesuren ëmgesat ginn, fir d’Aktivitéiten an zuelräiche Secteuren nees ouni gesondheetlech Gefore fir d’Salariéen ophuelen ze kënnen. Den OGBL biet drëms bei dëse Preparatiounen enk mat agebonnen ze ginn, sou wéi och d’Personaldelegatiounen, déi eng essentiell Roll am Kader vun de Mesure vun den Entreprise spillen.

Den OGBL widderhëlt seng Fuerderung fir bei den Diskussioune ronderëm d’Exit-Strategie vun der Regierung a bei de Moossnamen zum Relancement vun der nationaler Wirtschaft mat abezunn ze ginn.

An dësem Kader réit den OGBL, datt een prioritär zwou Moossname vun der Regierung muss bäibehalen, déi dozou bäigedroen hunn, datt d’Covid-19-Kris net och nach zu enger sozialer Kris oder Schlëmmeres gëtt.

Op der enger Säit muss de Congé aus aussergewéinleche familiäre Grënn momentan bäibehale ginn, sou den OGBL. Et wonnert ee sech dofir iwwert d’Aussoen an der Press vum Educatiounsminister, datt dëse Congé ab dem 25. Mee, wann d’Coursen am Fondamental nees uginn, verfalen, mat enger Ausnam fir vulnerabel Persounen.

Fir den OGBL soll ee sech net eleng op vulnerabel Persoune limitéieren, wann ee weess, datt och eng grouss Zuel un anere Persounen net de Moyen hunn, fir d’Garde vun hirem Kand an den Encadrement fir Hausaufgaben ze maachen séchere kënnen.

Et schéngt schwéier virstellbar, datt d’Halschent vun de Schoulkanner eleng an de Maisons Relais encadréiert kéint ginn. Et si weder genuch Moyenen, nach dat noutwennegt Personal do, fir dës Tâch komplett ze erfëllen. Donieft sollt een net vergiessen, datt vill Kanner ni eng Maisons Relais oder eng Crèche besicht hunn, wat eng grouss Ëmstellung fir hiert alldeeglecht Liewen, virun allem no de Woche vum Confinement bedeit.

Zum Schluss sollt een net vergiessen, datt zuelräich Salariéen Grenzgänger sinn an een dofir och d’Moossnamen an eisen Nopeschlänner am Aen hale muss. An der Belsch gouf beispillsweis beschloss, datt bis Enn Juni den Enseignement op ee bis zwee Deeg d’Woch limitéiert ass, ouni forcement d’Strukture fir den Accueil fir déi aner Deeg disponibel ze hunn.

Aus all dëse Grënn fuerdert den OGBL, datt d’Méiglechkeet fir op de Congé aus aussergewéinleche familiäre Grënn zeréckzegräifen, weiderhi bestoe bleift bis mir eis nees an enger normaler Situatioun befannen.

Duerch déi grouss Ongewëssheet, déi nach ëmmer op der Wirtschaft laascht, mengt den OGBL datt och d’Méiglechkeet, fir am Fall vun héijer Gewalt op de Chômage Partiel zeréckzegräifen nom Enn vun de Moossnamen zur Schléissung vu verschiddene Commercen a Servicer bestoe muss. Et ass ze befierchten, datt et an zuelräiche Secteuren wärend de Méint no der Kris net zu enger normaler Aktivitéit kënnt.

Den OGBL fuerdert dofir d’Verlängerung vun dëse Moossnamen.

Zu gudder Lescht mengt den OGBL, datt verschidde Moossnamen zum Nodeel vum Salarié ënnerbonne musse ginn. Heizou gehéiert virum allem d’Méiglechkeet, fir bis zu 12 Stonne pro Dag a 60 Stonne pro Woch schaffen ze dierfen. Den OGBL wiert sech géint d’Ausdeenung vun dëse Moossnamen fir d’Secteuren, déi gläich nees opmaachen dierfen. Dat groussherzoglecht Reglement muss an engem noen Delai opgehuewe ginn an de Retour an d’Normalitéit muss ugestrieft ginn fir Entreprisen, déi an de leschte Wochen no dësem Prinzip fonctionnéiert hunn, fir esou d’Iwwerlaaschtung vun de concernéierte Salariéen ze vermeiden an hinnen déi wuel verdéngten Erhuelung ze erméiglechen.

Matgedeelt vum OGBL

Opmaacherbild: © Sandy Millar / Unsplash

Ähnlech Sujeten Aabechtsstonnen, Chômage Partiel, Congé aus familiäre Grënn, Congé pour raisons familiales, Covid-19, Deconfinement, Exit-Strategie, Grenzgänger, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel