Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Dossier Skripal: De Jean Asselborn stellt sech hannert d‘Theresa May
Neiegkeeten WTF

Dossier Skripal: De Jean Asselborn stellt sech hannert d‘Theresa May

An der däreger Affär ëm d‘Vergëftung vun engem fréiere russesche

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!
Neiegkeeten WTF

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!

Am Kader vun der Campagne D’Strooss ass keng Rennstreck, déi

Editorial: Eng nei „al“ Regierung
Neiegkeeten WTF

Editorial: Eng nei „al“ Regierung

Ech ginn net dervunner aus, datt et ee ginn huet,

surprise

OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“

OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“

Lëtzebuerg ass aktuell beméit sech der europäescher Direktiv 2016/279 unzehuelen, déi eis besser als GDPR bekannt ass. Mat dësem EU-Reglement soll den Dateschutz fir d‘Bierger gestäerkt ginn, an d‘Acteuren déi mat hiren Date schaffe mussen, zu méi Verantwortung gezwonge ginn.

An den OGBL begréisst dëst Reglement. Et wier tatsächlech héich Zäit ginn, den Dateschutz un d‘Verännerung an den Technologien unzepassen, besonnesch am Kontext vun der Digitalisatioun vun der Wirtschaft an der Gesellschaft. Mee et ass net alles Gold wat blénkt, an esou ass den OGBL mat der Transpositioun an nationaalt Recht net zefridden.

Fir de Salarié géif et éischter méi schlecht ewéi besser, an d‘Gewerkschaft erënnert drun, dat de Gros vun de Konsumenten a Bierger och Salariéeë sinn. D‘Gesetz zum Schutz vum Salariée géint d‘Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz, ass vum 2. August 2002. Déi entspriechen Ofsätz sinn an den Artikelen L.261-1 an L.261-2 enthalen.

Laut dësem Gesetz sollt et net esou einfach sinn, ouni gudde Grond den Aarbechter während senger Aarbechtszäit ze iwwerwaachen. Et sollt nëmmen erlaabt sinn, (1) wann et aus Sécherheets- a Gesondheetsgrënn noutwenneg ass, (2) d‘Gidder vun der Entreprise muss geschützt, an (3) de Produktiounsprozess vun der Maschinn muss kontrolléiert ginn.

D‘Iwwerwaachung kann och erlaabt ginn, wann (4) eng zäitweileg Produktiounskontroll, oder Prestatioune vum Salarié nëmmen iwwert dëse Moyen kënnen ofgerechent ginn. Schlussendlech dierf se och (5) am Kader vun der Aarbechtsorganisatioun mam Horaire Mobile agesat ginn.

Bei de Punkte 1, 4 a 5, kann d‘Entscheedung vun der Iwwerwaachung bei Entreprise vun +150 Salariéeën, nëmme gemeinsam tëscht Patron a Personaldelegatioun geholl ginn. No de sozial Walen 2019, muss d‘Entscheedung nom Artikel L.423-1 vum Aarbechtsrecht geholl ginn.

Dem Abus d‘Dieren opgemaach?

Am initiale Gesetzestext (7049) vun 2016, ware keng Ännerunge virgesinn. Allerdéngs huet de Projet eng Mesure enthalen, déi en anere Schutzmechanissem opgehuewen huet: d‘Ofschafe vun der prealabeler Autorisatioun vun der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz (CNPD). No villem Gejäiz virun der Chamber, huet d‘Regierung sech zu engem Kompromëss duerchgerongen.

Esou ass entscheet ginn, datt d‘Personaldelegatioun en „Avis prealable“ bei der CNPD ufroe kann, deen d‘Iwwerwaachungsmesuren op der Aarbechtsplaz ausser Kraaft setzt. An dat hätt den OGBL eigentlech begréisse kënnen, wann do net d‘Modifikatioun vum Artikel L.261-1 komm wier. Déi 5 „Ausnamen“ déi genannt goufen, ginn duerch e Renvoi op de GDPR ersat.

Dës Ännerung mécht all Form vun Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz d‘Dieren op, a geet wäit iwwert d‘Ausnamen ewech. Den OGBL kritiséiert, datt de GDPR vill Interpretatiounsspillraum bitt, déi géint d‘Interessen an d‘Recht op Privatsphär vun de Salariéeë verstéisst.

An der iwwerschaffter Versioun vum 14. Mee gëtt wuel d‘Notioun vum aktuellen Aarbechtsrecht nees agefouert (datt d‘Zoustëmmung vun der betraffener Persoun keng Legitimatioun fir d‘Dateveraarbechtung duerch de Patron ass). Déi geet awer duerch de Passus „d‘office“ vervollstännegt, wat zu enger juristescher Onsécherheet féiert.

Eng aner, eppes méi subtil Modifikatioun: d‘Wuert „temporaire“ ass bei „Produktiounskontroll“ gestrach ginn. Datt kann d‘Gewerkschaft nëmme kontestéieren, wëll et enger permanenter an definitiver Iwwerwaachung d‘Dier opmécht.

An dann iergert een sech beim OGBL verständlecherweis och iwwert d‘Ausso vum Direkter vun der Handwierkerfederatioun (Editorial aus: D‘Handwierk 03/2018) datt en OGBL gewiescht wier, deen dës Amendementer initiéiert hätt. Dobäi hat den OGBL kloer an däitlech gesot, datt dës Amendementer hinne keng Satisfaktioun bréngen.

Et sollt ee sech un de GDPR halen

Sécher géifen d‘Amendementer dem Salarié erlaben eng Reklamatioun bei CNPD anzereechen. Den Text géif esouguer virgesinn, datt „esou eng Reklamatioun kee ‚motif grave‘ an och kee legitimme Grond ass fir eng Entloossung“. Dat géif awer net verhënneren, datt et sech negativ op de Verlaf vun Carrière ausüübt.

Esou gëtt dann och bedauert, datt d‘Regierung net d‘Méiglechkeet virgesinn huet, fir kollektiv Aktiounen anzeleeden, oder der Personaldelegatioun an der Gewerkschaft erlaabt eng Reklamatioun anzereechen. Dobäi wier dat laut GDPR duerchaus zoulässeg. An dofir versteet den OGBL och net, firwat sech net op den Artikel 88 vum GDPR bezu ginn ass.

Dësen erlaabt ausdrécklech méi spezifesch Moossnamen, fir d‘Rechter an d‘Fräiheete vum Salarié ze encadréieren, besonnesch wat den Traitement vun de perséinlechen Donnéeën ubelaangt. Esou wier et dann och méiglech gewiescht, sech op d‘Erhale vun de fënnef Ausnamen ze eenegen. Ouni déi, wier ze fäerten, datt déi Iwwerwaachungstechnologien, den aktuelle Schutz ganz ophiewen.

Bis ewell wier et jo nach esou, datt et Situatioune gëtt, déi eng prealabel Autorisatioun vun der CNPD verlaangen: Kameraen, Geolokalisatioun an de Gefierer, d‘Verfolgung vun den Aktivitéite vum Salarié mëttels engem Badge.

Muer awer scho kommen dat connectéiert Aarbechtsgeschir mam „Internet of Things“ an déi „intelligent Aarbechtskleedung“ dohier, an et kann nach besser kontrolléiert gi wat de Salarié „esou dreift“. Dat erméiglecht dem Patron déi total Iwwerwaachung, well all Geste, all Wee vum Aarbechter novollzéibar gëtt. Dat misst verhënnert ginn an dofir mécht sech den OGBL staark.

Den OGBL ass dann och der Meenung, datt egal op de GDPR den 25. Mee a Kraaft getrueden ass, et net ze spéit ass fir d‘Legislatioun bei der Transpositioun vun der EU-Direktive, déi jo nach net ofgeschloss wier, entspriechend an am Sënn vum Schutz fir de Salarié, d‘Gesetz entspriechend ze veränneren an/oder unzepassen.

Am Kader vun der Etüd „Third Industrial Revolutioun“ (och als Rifkin-Etüde bekannt), huet d‘Regierung d‘Digitaliséierung vun der Wirtschaft an der Gesellschaft, als eng Revolutioun am Interessi vun de Mënsche verkläert. Eng Degradatioun vum Dateschutz (perséinlech Donnéeë vum Salarié) géif dann awer an déi entgéintgesate Richtung goen.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Dateschutz, GDPR, Iwwerwaachung, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel