Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Bichergeck – eng kleng Virstellung
Neiegkeeten

De Bichergeck – eng kleng Virstellung

Wann ech an engem Molbuch krozelen, molen ech iwwert de

Asaz vu chemesche Waffen an Syrien: Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot op Ufro vu Russland
Neiegkeeten

Asaz vu chemesche Waffen an Syrien: Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot op Ufro vu Russland

Fir haut huet Russland eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff. Et

D‘Lag vun der EU aus der Siicht vum Jott Zé Jott
Neiegkeeten

D‘Lag vun der EU aus der Siicht vum Jott Zé Jott

Ech si vläicht, awer och wierklech nëmme vläicht, ee vun

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A

Déi chinesesch „Legend Holdings corp.iwwerhëlt d‘BIL an den OGBL (Secteur Banken an Assurancen) huet dat zur Kenntnis geholl. Bei der Gewerkschaft huet een opmierksam verfollegt, wat bei dëser Transaktioun alles versprach ginn ass, an et wäert een net zécken de Verantwortlechen dat an Erënnerung ze halen.

Esou huet de CEO vu Legend Holdings, Liu Chuanzhi, betount, datt et sech bei dëser Acquisitioun ëm eng „laangfristeg strategesch Investitioun“ handele géif. Den Haaptaktionär huet dann och am Communiqué vun e Méindeg drop higewisen, datt een déi aktuell Gouvernance bäibehält, d‘Mark „BIL“ erhale wëll, an d‘Entwécklung vun der Bank an dem Personal investéiere wäert.

Den OGBL begréisst dann och déi „gesond Astellung“ vum neie chinesesche „Patron“, deen de Statut an de Wäert vun enger vun den eelste Banken zu Lëtzebuerg ze schätze versteet. Et dierf dann nach drun erënnert ginn, datt de Service „Banken an Assurancen“ vum OGBL, d‘lescht Joer Entrevuen ugefrot hat. E Wonsch deem am September entsprach gi war.

Vertrieder vun der Gewerkschaft hunn sech deemools mam Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an dem Luc Frieden, President vum BIL-Verwaltungsrot zesummegesat. Den OGBL hat hei eng ganz Rei Präzisiounen erhalen, déi mat der Transaktioun ze dinn haten. D‘Gewerkschaft huet och entspriechend Garantien erhalen, wat d‘Zukunft vun de Salariéeën an der Bank betrëfft.

Esou wéi et sech aktuell duerstellt, kann de Service „Banken an Assurancen“ vum OGBL déi positiv Réckmeldungen zur Iwwernam nëmme begréissen. Hei notamment de Fait datt sech de chineseschen Investisseur fir eng Kontinuitéit vun den Aktivitéiten ausgeschwat huet. Dat soll awer net verhënneren, datt een Opmierksam bleift, an d‘Entwécklung am A behale wäert.

Ähnlech Sujeten Bankesecteur, BIL, Legend Holding, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel