Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
Neiegkeeten

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?
Neiegkeeten

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?

No dräi Joer Gestreits, ëm déi laut dem Gesetz vun

Macron schléit Le Pen
Neiegkeeten

Macron schléit Le Pen

Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet

OGBL: D‘Wahlprogrammer am direkte Verglach

OGBL: D‘Wahlprogrammer am direkte Verglach

No der Reunioun vum OGBL-Nationalcomité huet de Gewerkschaftspresident André Roeltgen de Medien eng Iwwersiicht ginn. Am Mëttelpunkt stoung awer de Verglach vun de Wahlprogrammer, déi d‘Parteie fir d‘Chamberwahlen am Oktober virgeluecht hunn.

Den OGBL, dee wéi déi meeschten Organisatiounen, am Virfeld de Parteien hir Fuerderungen a Wënsch ënnerbreet huet, konnt dann och bei deem engen an anere feststellen, datt een dat alles behäerzegt huet. Am Allgemenge kommen déi politesch „lénks“ orientéiert Parteien (d‘LSAP, d‘KPL an déi lénk) eppes besser ewech. Vun der CSV an déi gréng gëtt Kloertext gefuerdert an d‘DP fält op der ganzer Linn duerch.

Den André Roeltgen mécht allerdéngs kloer, datt hir Wahlprogrammanalys keng „Empfeelung“ ass, mee dem Wieler als Orientéierungshëllef dénge soll. Woubäi hien drop opmierksam mécht, datt de Salariée gutt beroden, sech déi eenzel Programmer gutt unzekucken, an déi sozial Komponent net aus den Ae verléiert. Iwwerhaapt rifft den OGBL-President d‘Wieler derzou op, d‘Wahlen eescht ze huelen, besonnesch ugesiichts dem opkommende Populismus a Rietsextremismus an Europa.

OGBL

„Wa mir nei Technologien entwéckelen, déi de Weltklima schützen, schaaft dat och Aarbechtsplazen a Wuesstem“, esou den André Roeltgen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Beim OGBL gëtt sech fir e staarke Sozialstaat agesat, an et gëtt vun der Politik gefuerdert, déi ëffentlech Servicer ze verbesseren an auszebauen. Si sinn sech der onmoosseger Privatiséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen iwwerdrësseg, a bieden och hei d‘Wieler uecht ze doen, wiem se et zoutrauen eng Politik fir d‘Bierger ze maachen, an net d‘Politik vum Patronat ëmzesetzen.

Mindestloun, Aarbechtszäit, Soziales…

Dat de Mindestloun net méi dem Benefice vun der Produktivitéit am Land ugepasst ass, ka kengem entgaange sinn, ausser vläicht der DP an der CSV. Den OGBL verlaangt hei däitlech vun der Politik dofir Suerg ze droen, datt de Salarié och vun dëser Produktivitéit profitéiert. Et wier net akzeptabel datt e Mënsch deen all Dag schaffe geet, net dezent vu sengem Loun liewe kann.

Bei der „Neigestaltung“ vun der Aarbechtszäit (Flexibiliséierung, Temps Partiell…) sinn et och déi Konservativ an d‘Demokraten, déi d‘Interesse vum Patronat virun déi vum Salariat setzen. Esou géif déi vun der CSV an der DP ugestriefte Politik, d‘Kollektivvertragswiesen a Fro gestallt ginn. Béid Parteie wieren tatsächlech der Usiicht, datt d‘Aarbechter direkt mam Patron sollten eens ginn.

OGBL

E gudde Rot: „Loost d‘Patte vun den ëffentleche Sozialleeschtungen!“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat d‘Steiere betrëfft, esou bestätegt den André Roeltgen, datt si villes vun der Steierreform guttheeschen. Déi versprache „Steiergerechtegkeet“ hätt een hei awer nach net erreecht. Wou d‘Gewerkschaft kee Versteesdemech huet, ass bei de Proposen, déi fir manner Betribssteiere schwätzen. Et kéint ee kee Sozialstaat oprecht erhalen, wann een sech d‘Geld net do hëlt wou et ass.

Den OGBL betount nach, datt ee sech net géint d‘Fortschrëtter, weder technologesch, nach Digital stellt, et awer misst kloer sinn, datt mir de Wee an eng Gesellschaft musse virbereeden, déi méi suergfälteg mat de Ressourcen ëmgeet. Recht huet hien, wëll sollte mir eis net fir eng „Low-Carbon“ Gesellschaft asetzen, gëtt et an e puer Joer näischt méi firwat et sech streide lount.

Foto: Den André Roeltgen ass och d‘Problemer am Bausecteur agaangen. Et kënnt ee mam Patronat net op e gréngen Zweig, an et stinn deenen elo gewerkschaftlech Aktiounen an d‘Haus. Nach ass net rieds vu Streik, an den OGBL-President betount op e neits, datt een deen och net erausfuerdert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, OGBL, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel