Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Eng franséisch Wahlcampagne ?
Neiegkeeten

Editorial: Eng franséisch Wahlcampagne ?

Am Quotidien vum 11. August huet e Journalist eng Feststellung

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt
Neiegkeeten

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt

Leschte Mëttwoch ass um Krautmaart, wann een dem Landwirtschaftsminister Fernand

Migratioun: Italien dréit d‘Schrauwe bäi
Neiegkeeten

Migratioun: Italien dréit d‘Schrauwe bäi

Den italienesche Ministerrot huet e Méindeg en „Dekret-Gesetz“ ugeholl, mat

Iwwert Ëffnungszäite legiferéieren, bedeit iwwert d‘Liewensqualitéit vum Salariat ze legiferéieren

Entrevue tëscht OGBL a Mëttelstandsminister

Iwwert Ëffnungszäite legiferéieren, bedeit iwwert d‘Liewensqualitéit vum Salariat ze legiferéieren

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen, a bestoend aus de Vertrieder vu sengem Departement „Eenzelhandel“, ass kierzlech vum Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) empfaange ginn. Den OGBL hat dës Entrevue ugefrot, fir en éischten Echange am Kontext vun der Gesetzreform am Bezuch op d‘Ëffnungszäite vum Eenzelhandel, esou wei dat am Regierungsprogramm ugekënnegt gi war.

Hei huet den OGBL emol vir unzefänken drop higewise wei wichteg hinnen de Sujet ass, an datt mat gréisster Opmierksamkeet verfollegt gëtt, wéi den zukünftege legale Kader a seng méiglech Evolutiounen sech presentéieren. Esou huet den André Roeltgen de Minister drun erënnert, datt d‘Ëffnungszäiten am Handel, d‘Aarbechtszäite vum Salariat sinn. An der Konsequenz, huet all Verännerung vum legislative Kader fir d‘Ëffnungszäiten, en Impakt op d‘Aarbechtskonditiounen, a gläichzäiteg och e groussen Afloss op d‘Liewensqualitéit vun de Salariéeën aus dem Secteur.

Esou huet den OGBL dem Mëttelstandsminister och d‘Prioritéite vun dëser Regierung fir déi nächst fënnef Joer nach emol an Erënnerung geruff: „d‘Harmonisatioun vum Privat- mam Beruffsliewen“. E Gesetz zu den Ëffnungszäiten dierft dës Prioritéit net ignoréieren. Déi vum Patronatsverband (CLC) gefuerdert vollstänneg Liberaliséierung, widdersprécht dëser Maxime. Et ass zudeem erlaabt drop hinzeweisen, datt wa vu Verschlechterung vun der Liewensqualitéit rieds ass, an dësem Secteur virun allem d‘Frae betraff sinn. Den OGBL wäert enger Liberaliséierung net zoustëmmen.

Schluss mat den Ausnamen

Wat déi aktuell Gesetzgebung betrëfft, esou huet den OGBL géintiwwer dem Lex Delles nach emol seng Oppositioun zu den Derogatioune vum Minister zum Ausdrock bruecht. Den Ament ass et esou, datt e Geschäftsmann, oder e Grupp vu Geschäftsleit, beim Mëttelstandsminister eng Derogatioun zu den obligatoreschen Ëffnungszäiten ufroe kann. Dës Praxis gëtt vum OGBL schonn zanter Jore condamnéiert. Den (neien) Mëttelstandsminister huet ugedeit, dat hie selwer vum bestoe vun esou enger Prozedur iwwerrascht war, an eng Circulaire erausginn huet, mat där exigéiert gëtt, datt zukünfteg strikt Delaien anzehale sinn, fir esou eng Derogatioun iwwerhaapt ze erhalen.

Den OGBL huet de Minister och nach drop opmierksam gemaach, datt déi meeschten Tankstellen zu Lëtzebuerg, de gesetzleche Kader net respektéieren. D‘Gesetz leet fest, datt ausser Bensin an Diesel, dës Geschäfter och Liewensmëttel a Grondbedarfsmëttel, op enger maximaler Fläch vun 20 Quadratmeter verkafen dierfen. Wéi et d‘Gewerkschaft richteg erkannt huet, léisst sech och mam aktuelle lëtzebuergesche Bildungsniveau feststellen, datt dës Dispositioun net respektéiert gëtt.

Vun der Gewerkschaft huet de Minister dunn den innovative Modell exposéiert kritt, mat deem net nëmmen d‘Geschäftsleit méi Flexibilitéit erhale kënnen, mee séchergestallt gëtt, datt d‘Interessen an d‘Besoine vun de concernéierte Salariéeë berécksiichtegt ginn. Den OGBL setzt sech an fir e restriktive Kader vun den Ëffnungszäiten, an deem keng Derogatioune virgesi sinn. Domatter wier d‘Majoritéit vun de Salariéeë geschützt. Wou e Geschäftsmann eng spezifesch Upassung vun den Ëffnungszäite brauch, soll dat mat der Gewerkschaft am Kontext vun engem Kollektivvertrag oder interberufflechen Accorde verhandelt ginn. Dat dierft mam Patronat awer net ze maache sinn…

Ähnlech Sujeten CLC, Ëffnungszäiten, Lex Delles, Mëttelstandsminister, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel