Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?
hook up 98

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?

D’Notzdéier aus Peru gesäit net nëmmen immens léif aus, och

best dating sims of all time
hook up 98

radiometric dating isotopes used

Um Donneschdeg hat den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), eng éischt

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
hook up 98

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten

Vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport a de Froen déi et opwerft bei der Verdeedegung vum Kollektivcongé

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen, war de 27. Februar vum Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten, François Bausch (déi gréng), empfaange ginn. Zil vun der Entrevue, war et Gedankenaustausch zu den diverse Punkte vum Regierungsprogramm, esou wéi d‘Usprieche vun Dossieren déi dem OGBL wichteg sinn, an och an de Kompetenzberäich vum Minister fält.

Den OGBL huet dem Minister dann emol fir unzefänke matgedeelt, datt een d‘Propose vun der Regierung, d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport anzeféieren, ënnerstëtzt. Trotzdeem bréngt de Projet fir den OGBL eng Rei Erausfuerderunge mat sech. Ugefaange mat der Ënnerentwécklung vun den Infrastrukturen an de Servicer vum ëffentlechen Transport.

De Gewerkschaftspresident huet dem Minister bestätegt, datt een déi exzeptionell Investissementer, déi vun der Regierung virgesi sinn begréisst, esou wéi och mat Zefriddenheet festgestallt gëtt, datt sech de Weltklimaziler ugeholl gëtt an Ustrengunge gemaach ginn, d‘CO²-Emissiounen, besonnesch am Beräich vun der Mobilitéit, ze reduzéieren.

Eng aner grouss Erausfuerderung fi den OGBL, besteet an de berufflechen a soziale Perspektive vum Personal dat am ëffentlechen Transport schafft. Op Demande vum OGBL, huet sech de Minister an dësem Kontext engagéiert, d‘Gewerkschaft an d‘Ausschaffe vun neie Verträg fir den ëffentlechen Déngscht, déi mat de verschiddene Prestatairen (RGTR, LuxTram, CFL, …) am Kader vum gratis ëffentlechen Transport mussen ausgeschafft ginn, anzebannen.

Verträg déi fir den OGBL esou mussen erstallt ginn, datt se Aarbechtsplazgarantien enthalen, gutt Aarbechtskonditioune garantéieren, d‘Qualifikatioun sécherstellen, d‘Sécherheet an d‘Gesondheet vum Personal berécksiichtegt, an virun allem Hürden opstellt, déi eventuell Auslagerungen oder d‘Privatiséierunge vun den Aktivitéite vun de Prestatairë verhënnert.

Wat deem engen zousteet, muss deen aneren och kréien

Den OGBL huet de Minister och drop opmierksam gemaach, datt déi ronn 200.000 Grenzgänger, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, net am vollen Ëmfang vum gratis ëffentlechen Transport profitéieren, obwuel si dëse mat hire Steiere kofinanzéieren. D‘Gewerkschaft huet drop bestanen, datt ee keng Form vun Diskriminatioun géintiwwer de Grenzgänger wäert dulden.

Esou huet den OGBL dem Minister geroden d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport bis op déi éischt Gar hannert der Grenz ze erweideren. Eng Piste déi de Minister allerdéngs verworf huet.

Zudeem huet sech den OGBL dem Regierungsprojet entgéintgestallt, mat deem den Dispositif vun der Exoneratioun vun den Deplacementsfraisen – vun där haut all Salarié zu Lëtzebuerg profitéiert – soll fale gelooss ginn. An dat nach iert d‘Infrastrukturen, déi jidderengem géifen erlaben op den individuellen Transport ze verzichten, geschafe gi sinn.

Den OGBL erënnert an dësem Kontext drun, datt dësen Dispositif schonn ewell zweemol schwéier gelidden huet, dat am Kader vun der Austeritéitspolitik déi bis 2015 bedriwwe gouf.

Op dësem Punkt huet de Minister drop bestane richteg ze stellen, datt – am Géigesaz zu deem wat am Regierungsprogramm steet – d‘Reform vum Steierfräibetrag net a Relatioun mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport steet. De Minister huet an dësem Kontext preziséiert, datt d‘Absicht vun der Regierung net doranner besteet, den Dispositif ofzeschafen, mee en esou ze reforméieren, datt e sozial méi gerecht gëtt.

Luxtram: Entweder „Kollektivvertrag“ oder „Sozialkonflikt“

Des weideren huet den OGBL mam Minister de Sozialkonflikt ugeschwat, dee sech bei der Luxtram entwéckelt a mëttlerweil och de Mediateur beschäftegt. Hei huet den OGBL de Minister drun erënnert, datt d‘Regierung an d‘Stad Lëtzebuerg déi exklusiv Aktionäre vun dëser Entreprise sinn, an datt ënnert dësen Ëmstänn, d‘Luxtram als Betrib dee vum ëffentlechen Déngscht ofhängeg ass, muss ugesi ginn.

Leider muss festgestallt ginn, datt et grad déi vun der Direktioun ugewannte Gehälterpolitik ass, déi de Problem duerstellt, well si sech net un de gültege Standarden an der Fonction Publique orientéiert. An grad do läit d‘Kromm an der Heck.

De Minister huet ënnerstrach, datt hie sech net a Kollektivvertragsverhandlungen amëscht, mee versteet d‘Positioun vum OGBL, a bestätegt och, datt Luxtram eng Entreprise vum ëffentlechen Déngscht ass. A sengen Ae sollten d‘Verhandlungen dann och an dësem Kontext gehale ginn. Eng Ausso déi esou vum OGBL begréisst ginn ass.

Zu de weidere Sujeten, déi mam François Bausch diskutéiert goufen, gehéieren déi ëffentlech Ausschreiwungen an de Kollektivcongé am Bausecteur. Hei huet den OGBL de Minister drop higewisen, datt an de „Cahiers de Charge“ déi vun der Regierung fir verschidde Projeten ausgeschafft ginn, den Entreprisen onrealistesch Delaien a Schichtaarbecht opgezwonge ginn (deen esou net am Kollektivvertrag virgesinn ass).

Dat kéint een op kee Fall toleréieren, well et direkt Konsequenzen op d‘Aarbechtskonditioune vun de Salariéeën hätt. Esou géif hei mat der Gesondheet an der Aarbechtssécherheet vun den Aarbechter gespillt ginn.

Wat de Kollektivcongé betrëfft, esou huet den OGBL zolidd Kritik um Minister sengen Aussoe gehat, zumindest déi wou de Medien iwwerholl goufen, an laut deenen de François Bausch de Prinzip vum Kollektivcongé a Fro gestallt hätt.

Wat déi ëffentlech Ausschreiwunge betrëfft, huet de Minister verséchert, datt et an Zukunft net méi soll zu „kuerzen Delaie“ kommen, an och Schichtaarbecht net gefuerdert gëtt, wann se net sënnvoll ass. Ausname soll dann och nëmmen nach fir „sensibel“ Chantiere ginn, déi séier misste realiséiert ginn, well se soss den normale gesellschaftlechen Alldag ze vill perturbéieren.

Fir de Rescht kontestéiert de Minister, de Prinzip vum Kollektivcongé a Fro gestallt ze hunn. Hien huet verséchert, datt nëmmen déi Chantieren, déi als sensibel betruecht ginn, och fir eng Derogatioun a Fro kommen, woubäi déi bei der „ad hoc Kommissioun“ déi fir de Kollektivcongé zoustänneg ass, muss geneemegt ginn.

Dës Kommissioun ass paritéitesch zesummegestallt vu Vertrieder aus Patronat a Gewerkschaften, déi all Demande fir eng Derogatioun analyséiert, iert se dësen zoustëmmt, oder refuséiert, entspriechend den Dispositioune vum Kollektivvertrag. Wéi an der Vergaangenheet, wäert den OGBL gutt oppassen, a verhënneren datt et zu net-justifiéierten Autorisatioune kënnt.

Zum Enn vun der Entrevue huet den OGBL mam Minister vereenbaart, datt ee sech am Laf vun der Legislaturperiod regelméisseg wäert gesinn, fir esou zu engem strukturéierte Sozialdialog ze kommen. Den OGBL begréisst dann och, déi vum Minister abruechte Richtegstellungen.

Matgedeelt vum OGBL, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © OGBL

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, François Bausch, Gratis Ëffentlechen Transport, Kollektivcongé, LuxTram, OGBL, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel