Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20 Auteure fir 20 Joer SERVIOR
Meenung Neiegkeeten

20 Auteure fir 20 Joer SERVIOR

Passend zu der Editioun 2019 vun de “Journées du Livre

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!
Meenung Neiegkeeten

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!

Nodeems a leschter Zäit ëmmer nees d’Konzentratioun u Bloalge kritesch

Enquête: D‘Qualifikatioune vu Muer an der Industrie
Meenung Neiegkeeten

Enquête: D‘Qualifikatioune vu Muer an der Industrie

En Dënschdeg huet d‘FEDIL (Federatioun vun den Industriellen zu Lëtzebuerg)

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert

No der Interventioun vum OGBL huet d’Regierung sech um 15. Mee als Rot zesummefonnt, fir op en Neits dat groussherzoglecht Reglement vum 27. Mäerz 2020 ze änneren, dat et erméiglech d’Schaffzäit op 12 Stonnen den Dag a 60 Stonnen d’Woch ze erhéijen. D’Lëscht u concernéierte Secteuren ass elo op 13 Secteuren, déi als essentiell bewäert goufen, limitéiert ginn, a schléisst verschidde kommerziell an artisanal Aktivitéiten aus, déi op der ursprénglecher Lëscht vum 27. Mäerz an/oder op der erweiderter Lëscht vum 11. Mee ze fanne waren.

Heibäi huet et sech virun allem ëm de Beräich Konstruktioun, mee och ëm verschidden Typpen vum Handel a Service (Optiker, Botzaktivitéiten, Bastelbutteker, Gaardenaarbecht,…) gehandelt.

Och wann den OGBL d’Reduktioun vun den ausgewielte Secteure begréisst, esou freet ee sech nach ëmmer, wisou d’Regierung et fir noutwenneg empfënnt, dës Mesure virunzeféieren, amplaz se ausser Kraaft ze setzen.

Dat géif net nëmme juristesch Onsécherheete vermeiden. Et sollt een nämlech net ausser Aen verléieren, datt d’Salariée vun de concernéierten Entreprisen zënter Enn Mäerz mat erhéichter Kadenz a bis zur Erschëpfung schaffen, ouni déi noutwenneg Rouzäit notzen ze kënnen, déi hinnen eigentlech zousteet.

Mat der Verlängerung vun der Derogatioun vun de maximale Stonne bis zum Enn vum Krisestaat kann d’Situatioun vu Schaffzäite vu bis zu 60 Stonnen d’Woch wärend bal dräi Méint virubestoen. Et ass ze befierchten, datt dat och negativ Konsequenzen op d’Gesondheet an d’Sécherheet vun de concernéierte Salariéen huet.

Op mannst muss een awer begréissen, datt d’Regierung vun der Méiglechkeet Ofstand geholl huet, datt fir déi essentiell Secteuren de Congé ausser Kraaft trëtt a souguer schonn accordéierte Congé annuléiere muss ginn, entgéint de Fuerderunge vun de Patronatsvertrieder. D’Salariéen vun dëse Secteure kënnen also nees hire Congé no den normale Reegelen, déi am Code du Travail virgesi sinn, huelen.

Zu gudder Lescht huet d’Regierung och ee groussherzoglecht Reglement ugeholl, fir d’Méiglechkeet fir op Congé zur familiärer Ënnerstëtzung zeréckzegräifen (fir sech esou ëm ofhängeg oder handicapéiert Persounen ze këmmeren, wann d’Strukture wéinst Covid-19 zou hunn), andeems si eng Extensioun fir déi entspriechend Servicer vun anere Memberlänner vun der Europäescher Unioun virgesinn. Dat erméiglecht virun allem de Grenzgänger, fir vum aussergewéinleche Congé ze profitéieren. Den OGBL begréisst dës Decisioun.

Hei fannt Dir d’Lëscht un essentielle Secteuren:

  • Ëffentlech Servicer déi dem gudde Fonctionnement vum Staat déngen;
  • De Gesondheets- a Feelgesecteur, mat den Aktivitéiten an de Spideeler a Laboen abegraff;
  • D’Produktioun an d’Distributioun vun Elektresch a Petrol;
  • Den Ernierungssecteur;
  • D’Produktioun an d’Distributioun vu Waasser;
  • D’Kollekte an den Traitement vun Ofwaasser;
  • D’Entsuergen an d’Gestioun vun Offall;
  • Den ëffentlechen Transport;
  • Den Transport, d’Ëmlueden an d’Verschécke vu Wueren a Fruechten;
  • D’Servicer vun de Banken;
  • D’Servicer vun der Post an Telecommunikatioun;
  • D’Servicer vun der Bewaachung, der Sécherheet, dem Transport vu Fongen;
  • D’Botzservicer;
  • Essentiell Aktivitéiten déi un de Fonctionnement vum Finanzsecteur an Assurancesecteur gebonne sinn.

Matgedeelt vum OGBL

Opmaacherfoto: © OGBL (ogbl.lu)

Ähnlech Sujeten 60 Stonnen, Congé, Essentiell Servicer, Lëscht, OGBL, Regierung, Schaffzäit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel