Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Douane mat engem erfreeleche Bilan
International Neiegkeeten

Douane mat engem erfreeleche Bilan

Zolidd Saisien, streng Kontrollen am Beräich vum Stroossentransport an am

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Neiegkeeten

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen
International Neiegkeeten

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Um Dënschdeg huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg e neien Accord mat

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!

Den Ouschtermarsch 2019 an der Stad Lëtzebuerg - Géint d'Militariséierung vun Europa!

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!

Fir Fridden, Demokratie, sozial a global Gerechtegkeet! Déi weltwäit Oprëschtungsspiral muss gestoppt ginn! Fluchtuersache musse bekämpft ginn, amplaz d’Flüchtlinge selwer. Eng zivil Konfliktléisung a gerecht Handelsbezéiunge gi gefuerdert, amplaz vu Krich, Gewalt, Honger a wirtschaftlech Ausbeutung!

Den INF-Vertrag ass vun de Vereenegte Staaten a Russland gekënnegt ginn. D’Staate vun der Europäescher Unioun rëschten op a koordinéieren hir Verdeedegungsustrengungen an enger gemeinsamer europäescher Arméi. D’Sécherheetsstruktur, déi Lëtzebuerg an de leschten 20 Joer de Fridde geséchert huet, ass soumat a Fro gestallt. Mir mussen eis de Gefore stellen, fir déi aktuel Verdeedegungspolitik op friddenspolitesch Féiss ze stellen.

D’Organisateure vum Ouschtermarsch 2019, den OGBL a FriSol, sou wéi déi ënnerzeechnend Organisatiounen a Vereenegunge fuerderen:

  • Géint d’NATO-Ziel eng Erhéijung vun de Rëschtungsausgabe vun hire Bündnispartner op 2% vun der Wirtschaftsleeschtung. D’Rëschtungsausgabe mussen am Géigendeel reduzéiert ginn, fir méi Sue fir Investitiounen an ëffentlech Déngschtleeschtungen, Infrastrukturen a Sozialsystemer ze stiechen.
  • Géint eng europäesch „Verdeedegungsunioun“ an eng eegestänneg EU-Arméi. Amplaz misst um Niveau vun der EU eng gemeinsam europäesch Strategie vun der friddenssécherender Konflikt- a Krisepreventioun an d’Weeër geleet ginn, woubäi de Schwéierpunkt op sozial an ökologesch Entwécklungs- a Klimaschutzprojete geluecht muss ginn. Déi Vereent Natioun, den Europarot an d’OSZE musse Mëttel a Muecht kréien, fir d’Sécherheetsarchitektur an d’Weeër ze leeden.
  • Si fuerderen ee staarken diplomateschen Engagement vun der Regierung fir den Erhalt an d’Anhale vum INF-Vertrag, déi d’Stationéierung vun atomare Mëttelstreckerakéiten an Europa verbitt. Nei international Initiative mussen ergraff ginn, fir d’Ofrëschtungszieler multilateral festzeleeën.
  • Déi politesch Entscheedunge mussen op eng méi gerecht Verdeelung vum weltwäite Räichtum hin ëmorientéiert ginn, fir nohalteg de Fridden ze sécheren.
  • Duerch déi global Flüchtlingsstréim, déi virun allem och eng Folleg vu Krich a militärescher Gewalt sinn, muss déi Genfer Flüchtlingskonventioun ouni Ofzich respektéiert ginn. Donieft musse Fluchtursaachen, wéi politesch Spannungen, Aarmut, Ënnerentwécklung, récksiichtslos Ausbeutung vu Buedemschätz a villes méi, méi staark bekämpft ginn.
  • Lëtzebuerg muss den Atomwaffeverbuetsvertrag vun der UNO ënnerschreiwen a ratifizéieren, wat bis ewell scho 70 aner Staate gemaach hunn.
  • Donieft muss eist Land sech fir ee weltwäit Verbuet vu letalen autonomen oder automatesche Waffesystemer asetzen.
  • Waffenexporter a Krisen- a Konfliktzone mussen ënnerbonne ginn. Weder de Findel, nach déi national Finanzplaz dierfen esou Geschäfter Plaz loossen.
  • Lëtzebuerg sollt net an d’Rëschtungsgeschäft asteigen. An der Hisiicht sinn d’Passage vum Regierungsprogramm, an deenen zum Beispill ee vereinfachten Zougang vu klengen a mëttleren Entreprisen a „Verdeedegungsmarchéen“, sou wéi insgesamt Fuerschung an Entwécklung an dësem Beräich gefuerdert sollte ginn, kloer ze refuséieren.
  • Keng ëffentlech Gelder fir Ënnerhuelungen, déi och fir militäresch Zwecker genotzt kënne ginn, wéi beispillsweis ee Militärsatellit.
  • D’Zäit vum Géintenee muss der Vergaangenheet ugehéieren. Fridde gëtt et just zesummen an ass soumat d’Viraussetzung, datt mir eis de groussen Erausfuerderunge vun der Zukunft stellen an eis noutwenneg sozioekologesch Transformatioune gelénge wäerten.

Déi ënnerzeechnend Organisatioune lueden Iech häerzlech op den Ouschtermarsch 2019 an. De 6. Abrëll ass heivir den Treffpunkt um Glacis (Lampertsbierg).

Ähnlech Sujeten Atomw, FriSol, INF-Vertrag, Militär, Ofrëschtung, OGBL, Oprëschtung, Ouschtermarsch 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel