Search

You may also like

money
De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens
International Neiegkeeten

De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens

Beim Fonds du Logement ass laang villes schif gelaf: een

Belsch Haaptstad am Covid19-Stress
International Neiegkeeten

Belsch Haaptstad am Covid19-Stress

An de Mëttegstonn de 7. Oktober, huet de Bréisseler Ministerpresident

Wiener Terroraffer erhëlt sech
International Neiegkeeten

Wiener Terroraffer erhëlt sech

De Lëtzebuerger Student, deen de Méindeg 2. November zu Wien

OGBL/FriSol: Opruff zum Ouschtermarsch fir de Fridden!

OGBL/FriSol: Opruff zum Ouschtermarsch fir de Fridden!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform (FriSol) an den Onofhängege Gewerkschaftsbond vu Lëtzebuerg (OGBL) ruffen zesummen zum Ouschtermarsch fir de Fridden um 6. Abrëll 2019 op.

D’Traditioun vun den Ouschtermärsch fir de Fridden a géint Krich, Oprëschtung a Militariséierung nees anzeféieren, war nach ni esou noutwenneg, wéi elo. Den INF-Vertrag vun 1987, den d’Verbuet vun nukleare Mëttelstreckensystemer virgesäit, ass vun de Vereenegte Staaten a Russland gekënnegt ginn. Weltwäit leeft eng reegelrecht Oprëschtungsspiral.

Och d’Staate vun der EU rëschten op a koordinéieren hir Verdeedegungsustrengungen an enger gemeinsamer europäescher Arméi. D’Sécherheetsarchitektur, déi Lëtzebuerg an de leschten 20 Joer de Fridde geséchert huet, ass elo a Fro gestallt. Mir mussen eis dëse Gefore stellen, fir déi aktuell Verdeedegungspolitik op friddenspolitesch Féiss ze stellen.

Den OGBL a FriSol triede fir ee friddenspolitesche Wandel an – fir Fridden, Demokratie, sozial a global Gerechtegkeet. Fir eng Politik, déi gerecht Handelsbezéiungen ustrieft, amplaz Krich, Gewalt, Honger a wirtschaftlech Ausbeutung. Géint d’Militariséierung vun Europa a géint d’NATO-Ziel vun enger Erhéijung vun de Rëschtungsausgabenvun de Bündnispartner op 2% vun de Wirtschaftsleeschtungen.

All BiergerInnen, all Organisatiounen a Verbänn, déi sech an dësen Zieler erëm fannen, an déi fir de Fridden a géint de Krich antrieden, sinn häerzlech invitéiert, sech um 6. Abrëll 2019 um Ouschtermarsch an der Stad Lëtzebuerg ze bedeelegen. Treffpunkt ass um 14:30 Auer um Glacis (Lampertsbierg). De Marsch fänkt um 15:00 Auer un, déi genau Route gëtt nach matgedeelt.

Related topics Fridden, FriSol, INF-Vertrag, Ofrëschtung, OGBL, Oprëschtung, Ouschtermarsch
Next post Previous post