Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi zweet Editioun vun „Alkohol? Wéineger ass besser!“
Neiegkeeten

Déi zweet Editioun vun „Alkohol? Wéineger ass besser!“

Vum 18. bis de 26. Mee fënnt zu Lëtzebuerg scho

money
China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert
Neiegkeeten

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden
Neiegkeeten

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden

Zum Ofschloss vum meteorologesche Wanter 2019-2020 huet de staatleche Wiederdéngscht

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?

Onnéideg Aarbechtszäiterhéijung an Absence vun all Form vu Valorisatioun

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?

Esou wéi dat am groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020 definéiert ginn ass, gehéiert de Gardiennage zu den „essentielle Secteuren“, mee den OGBL muss feststellen, datt dës privat Sécherheetsbeamten och zu deene gehéieren, déi an dëser Kris iwwersi ginn. Zanter de Covid19 dat ganzt Land am Wiergegrëff huet, schaffen si Dag fir Dag fir eis Sécherheet ze erhalen.

Den OGBL stellt zudeem fest, datt si bei all Wieder um Dill sinn, fir deng stänneg op de Been, fir anerer, verstoppt an engem Hannerzëmmer. Och si hunn Angscht virum Virus, a wat elo hir Paien ubelaangt, esou bezilt een domadder hei am Land och kee Loyer. E Merci, dee gëtt et net, et ass éischter de Contraire. Fir verschiddener heescht elo un d‘Grenze vum zoulässegen ze goen.

Zwou vun den am Secteur vum Gardiennage engagéiertsten Entreprisen, Brink‘s Security an Dussmann Security, fir se net ze ernimmen, notzen – et gouf hinnen och wierklech net schwéier gemaach – dëst groussherzoglecht Reglement a vollem Ëmfang aus, an hunn d‘Aarbechtszäit entspriechend erhéicht. Esou dierfen elo dës Leit Stonne knuppe bis se aus de Schong falen.

Net onëmstridden

Den Horaire ass op 12 Stonnen den Dag (maximal awer 60 Stonnen an der Woch) gehuewe ginn, firwat et elo säitens dem OGBL Schnëssstécker gëtt. D‘Gewerkschaft kontestéiert dës Decisioun, well et engersäits géif Alternative ginn, an anersäits dës Moossnam net noutwenneg ass, fir d‘Kontinuitéit vun dëse Prestatioune sécherzestellen. Hei géif eppes „ausgenotzt“ ginn…

Elo ass ee sech awer och beim OGBL bewosst, datt an dëser ni do gewieschte Kris, Polemik keng Léisung ass, och wann de Ruff vun dësen Entreprisen ongeféier um Niveau vun de Paie vun de Sécherheetsleit geleeën ass. Sech bei dësen ze beschwéiere bréngt näischt, si halen e Reglement héich, datt hinnen dës Fräiheete gëtt, a wiem et net passt, ka jo kucken datt en eng aner fënnt.

Esou huet d‘Gewerkschaft hir Kriticken an Doleance schrëftlech dem Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) ënnerbreet, dee jo den Ament och an de soziale Medien eppes vehement geschleeft gëtt. Eng Äntwert awer huet den OGBL nach net vum Aarbechtsministère erhalen, woubäi, wat sollten se och äntweren? Ass den Déngscht systemrelevant, da kann och d‘Reglement integral ëmgesat ginn.

An engem Communiqué huet d‘Gewerkschaft dann elo och hir Argumenter, firwat si sech géint dës vun de genannten Entreprisen ugewannte Mesurë wennt, nach emol erläutert:

  • wëll de Secteur vum Gardiennage vun der Kris Impaktéiert ginn ass, hu verschidden Entreprisen aus dem Secteur Kuerzaarbecht ufroe mussen. Déi betraffe Mataarbechter kréien esou nach 80% vun hirem Loun (woubäi de Mindestloun net dierf ënnerschratt ginn). Vill vun dësen Aarbechter géifen awer léiwer Schaffen, firwat den OGBL et géif normal, logesch an och als Solidaritéit betruechten, wann si géifen „ausgeléint“ ginn, eng Praxis déi jo esou och virgesi ginn ass;
  • wat dat net-anhale vun de maximale Schaffzäite bei de genannten Entreprise betrëfft, esou hunn si sech eng zolidd Renommée geschafen. Si respektéieren déi vum Aarbechtsrecht an dem bestoende Kollektivvertrag festgeluechten Aarbechtszäiten net. Dat ass net nei, dat war den Alldag scho laang et zur Kris mam Coronavirus komm ass. Béid Entreprisen hunn ëmmer schon hire Leit 12 (a méi) Stonnen opgezwongen. Si hunn zudeem een differenzéiert Verhältnis zu de Gewerkschaften.

Wann elo de Beholl vun zweiwelhaften awer systemrelevanten Entreprise Schoul mécht, an et gëtt kee Grond firwat sech aner Patronen aus „essentielle Secteuren“ deem net och sollten uschléissen, da si mir séier beim Mëssbrauch vun engem Reglement, datt sécher net an dësem Sënn ausgeschafft ginn ass. An Zäite wou Solidaritéit méi wei jee gefuerdert ass, sinn dat déi falsch Beispiller…

Dat eenzegt awer wat der Gewerkschaft ënnert de bestoender Rechtslag bleift, si Revendicatiounen:

  • et muss en adequate Schutz – op allen Aarbechtsposten – fir all déi Beschäftegt aus dem Secteur vum Gardiennage assuréiert ginn;
  • fir Direkt, fuerdert den OGBL d‘Ausbezuele vun enger eemoleger Primm. A während aktuell Versammlungen aller Aart verbueden, d‘Instanze vun der Conciliatioun suspendéiert goufen, war de gewerkschaftlechen Avis ee wichtegt Drockmëttel, besonnesch am Bezuch op d‘Aarbechtszäiten. Andeems an dësem Punkt de Sozialdialog net gefrot war, huet den Aarbechtsminister d‘Gewerkschaften nach eppes weider ecartéiert;
  • Mëttel- a Laangfrusteg fuerdert den OGBL eng echt Unerkennung vum Beruff als Sécherheetsagent mat entspriechende Gehaltserhéijungen a reell Carrière-Perspektiven;
  • den OGBL fuerdert ee legalen Encadrement vum Beruff (dat fir ze verhënneren, datt net ausgebilte Leit op sensibele Poste schaffen);
  • den OGBL fuerdert d‘Schafung vun enger initialer Formatioun zu Lëtzebuerg, mëttels engem CCP/DAP „Sécherheetsagent“. Wärend d‘Beruffskummeren dës Initiativ begréisst hunn, gëtt et säitens dem Educatiounsministère wéineg Mouvement;
  • verschidden ëffentlech a parastaatlech Institutiounen, déi den Outsourcing fir eng sozial gerecht Ausbeutung vu Lounofhängegen halen, ënnerstëtzen dëse System. Den OGBL ass awer der Usiicht, datt dës Leit et sech verdéngt hunn, direkt agestallt ze ginn, vu korrekten Aarbechtskonditiounen an engem uerdentleche Gehalt sollte profitéieren, deen hirer Verantwortung wéi och dem ausgesate Risk gerecht gëtt.

Illustratioun: © The Random Institute / unsplash

Ähnlech Sujeten Gardiennage, groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020, OGBL, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel