Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn
https://moien.lu/mv-dating/

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn

De Chef vun der konservativer Regierung a Spuenien, Mariano Rajoy

https://moien.lu/happy-birthday-wishes-for-someone-you-are-dating/
https://moien.lu/mv-dating/

to hook up definition

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

Zwee wéi Pech a Schwiefel: Orban empfänkt Salvini
https://moien.lu/mv-dating/

Zwee wéi Pech a Schwiefel: Orban empfänkt Salvini

An dräi Woche sinn d‘EU-Wahlen, an den Interessi ass éischter

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur

Um 11. Februar huet sech d’Delegatioun vum OGBL, zesumme mam President André Roeltgen an de Vertrieder aus verschiddene ëffentleche Beräicher, sou wéi der Gild vun de Fluchlotse GLCCA, mam neie Minister vum Ëffentlechen Déngscht, dem Marc Hansen zesumme fonnt. Ziel vum Treffe war een éischten Austausch iwwert déi essentiell Froen, déi an den Zoustännegkeetsberäicher vum Minister falen.

Den OGBL ënnersträicht bei dëser Geleeënheet, datt si op kee Fall just am private Secteur déi stäerkste Kraaft sinn, mee och a villen ëffentleche Beräicher, wéi beispillsweis bei den Salariéë beim Staat an op de Gemengen, an de Kliniken, am Fleege- a Sozialberäich, an Héichschoulen an der Fuerschung. Trotzdeem bleift d’Gewerkschaft nach ëmmer aus de Paien-Verhandlunge vum Ëffentlechen Déngscht ausgeschloss.

A gewësser Weis stellt dëst eng Aschränkung vun der Tarifautonomie vum OGBL duer, well si fir Beräicher verhandelen, déi vun de Verhandlungsresultater beim Paienofkommes am Ëffentlechen Déngscht ofhängeg sinn. Dës Problematik ass virun allem akut bei de Verhandlunge vum Kollektivvertrag am Gesondheets- a Sozialwiesen (FHL an SAS), wou 2017 eréischt a leschter Minutt ee Streik verhënnert konnt ginn.

Aktuell stellt sech hei nees d’Fro vun der Ëmsetzung an der Berechnung vun de jéngste Resultater vun de Verhandlungen, engersäits vun der Erhéijung vun der Essenszoulag, déi dës Woch vun der Ofgeuerdnetekummer ugeholl ginn ass, anerersäits vun der Ofschafung vun der 80-80-90-Reegelung wärend der Stagezäit, déi viru kuerzem op den Instanzewee bruecht ginn ass.

Déi zweet Mesure begréisst den OGBL, den sech ëmmer géint déi 80-80-90-Reegelung gewiert huet, natierlech. Si huet awer och Auswierkungen op de Stage fir kommend Léierkräft an der Primärschoul- Och dëst Thema ass beim Treffe behandelt ginn, woubäi den zoustännegen OGBL-Syndikat, den SEW/OGBL, heizou nach weider Diskussioune mam Minister Hansen, wéi och mam Bildungsminister Claude Meisch wäert hunn.

Am Zesummenhang mat de Globalverhandlungen fir de gesamten ëffentleche Secteur huet den OGBL och seng Fuerderung no engem eenheetleche Kollektivvertrag fir all Salariéë beim Staat an bei de Gemenge virgedroen, den um bestoende Kollektivvertrag fir d’Salariéë beim Staat, sou wéi dem Südgemenge-Kollektivvertrag opbaue kéint.

Eng weider Fro war d’Absence vun enger Verbindung tëscht der Lounentwécklung un der Universitéit zu Lëtzebuerg an dem ëffentleche Fuerschungszentrum mam Ëffentlechen Déngscht, wéi et virun 2003 nach de Fall war. Mëttlerweil ass et vun der Paie hir méi attraktiv ginn, an engem Lycée ze schaffen, wéi als Fuerscher oder Professer un der Universitéit, oder an engem CRP ze sinn. Dofir stellt den OGBL d’Fuerderung och an dësem Beräich Globalverhandlunge fir den ëffentleche Secteur ze integréieren. Ëmmerhin handelt et sech heibäi och ëm „établissements publics“.

Nach een Thema war déi am Regierungsprogramm virgesinn Opwäertung vun der Karriär vu Fluchlotsen, wat den OGBL begréisst. D’Gewerkschaft a seng Kooperatiounspartner GLCCA wäerten deem Minister heizou konkret Virschléi virleeën.

Den OGBL ass ënnert anerem och nach op déi vun Tendenzen zur Externaliséierung vun eenzele Beräicher agaangen, déi oft an ëffentlecher Hand waren, besonnesch am Beräich vum Entretien an dem Nettoyage vu Gebaier, souwéi vu Kantinnen. D’Gewerkschaft fuerdert eng Ëmkéierung vun dëser Tendenz, déi eng indirekt Privatiséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen duerstellt. Eng weider behandelt Fro huet d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz fir de Salarié beim Staat betraff.

De Minister vum Ëffentlechen Déngscht huet d’Umierkunge vum OGBL opmierksam verfollegt a versprécht, déi eenzel Froen am weidere Verlaf vu sengem Mandat am Dialog mat alle betraffene Parteien ze behandelen.

Opmaacherbild: © OGBL

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, ëffentlechen Déngscht, GLCCA, Marc Hansen, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel