Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

Chantier Luxtram – d’Stad gëtt nei organiséiert!
Neiegkeeten

Chantier Luxtram – d’Stad gëtt nei organiséiert!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier vum

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint
Neiegkeeten

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint

E Freideg huet de Barack Obama d‘Schweige vun de Republikaner,

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!

An der aller Seeërei zu Dikrech huet sech den OGBL kloer fir d’Chamber- a Sozialwahle positionéiert. Den OGBL-President André Roeltgen huet déi Grenzen opgewisen, déi mat der Gewerkschaft net ze iwwerschreide sinn: den Index an d’Pensiounen. No senger Ried ka kee Politiker oder Patron vu sech behaapten, et hätt een et net gesi kommen.

Beim grousse Meeting um „Virowend zum 1. Mee“, deem sech honnerte Militanten ugeschloss haten, waren och de Vizepremier Etienne Schneider an de Sozial Minister Romain Schneider uwiesend. An dat wat hinnen do ëm d’Ouere geflunn ass, dierft am Hibléck op d’Chamberwahlen am Oktober, fir zolidd Kappzerbrieches gesuergt hunn.

A senger Ried huet den OGBL-President däitlech gemaach, datt der Gewerkschaft elo genuch op der Nues gedanzt ginn ass. An Zäite vun enger bléiender Konjunktur géifen nëmmen déi „Déck“ sech d’Täsche voll stoppen, et géif elo héich Zäit datt och dem „klenge“ Salarié e Stéck vum Kuch zougestane gëtt. Et schéngt also nees un der Zäit de Klassekampf unzegoen…

D’Schéier tëscht „Räich“ an „Aarm“ schléissen

Wéi de liberale Premier bei senger Ried zur Lag vun der Natioun behaapt huet, datt dës Regierung et fäerdeg bruecht hätt den Ecart tëscht räich an aarm ze verkierzen, muss hien net dru geduecht hunn, datt ee beim OGBL och rechne kann. An den André Roeltgen kann s’Siicht vum Premier an dësem Punkt dann och net deelen.

Et wier schlicht an ergräifend net zoulässeg, datt e Salarié, deen de Mindestloun kritt, op Sozialhëllef ugewisen ass, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Dat an engem vun de räichste Länner op der Welt, deen och féierend ass, wat d’Produktivitéit ubelaangt. Den OGBL-President hält dann och un der Fuerderung fest, dësen ëm 10% ze hiewen.

Et géif een dann och net emol eng Grëtz noginn, an um Krautmaart sollten se dëse Schratt nach virum Enn vun der Legislaturperiod hikréien. Et wier nach Zäit eppes ze ënnerhuelen, a besonnesch déi Demokratesch Partei wier gutt beroden dëse Rot ze behäerzegen. Op Zäit spillen, ass mam Feier spillen!

Den André Roeltgen schéngt dann och iwwerzeegt ze sinn, datt ausser „déi lénk“ och d’LSAP an d’CSV hie bei dëser Fuerderung ënnerstëtzen. Fir den OGBL-President entsprécht d’Fuerderung no enger Erhéijung vum Mindestloun, dem europäesche Sockel vun de Sozialrechter, dee keen anere wéi de Xavier Bettel am Numm vun der Regierung ënnerschriwwen huet.

All noutwenneg Mëttel wäerten agesat ginn

Mee d’Warnung, datt zu engem heftege Sozialkonflikt komme kéint, woumatter duerchaus „Streik“ gemengt ass, riicht sech net nëmmen un d’Dammen an Hären aus der Regierung an dem Krautmaart. Nee hei huet de André Roeltgen och d’Patronat, a säi Verband d’UEL direkt uegschwat. Déi stäipen sech mat Hänn a Féiss géint eng Upassung vum Mindestloun an den Index.

A wat d’Pensiounen ugeet, esou huet den André Roeltgen kloer gemaach, datt ee sech mat aller Däitlechkeet géint all Partei wäert opstellen, déi sech net fir e staarke Pensiounsregimm asetzt.

Woubäi an dësem Kontext gewosst muss sinn, datt et net nëmmen ëm d’Chamberwahlen am Oktober geet, mee och ëm d’Sozialwahle vun 2019. Op den OGBL als Gewerkschaft awer nach Amstand ass d’Leit zum Klassekampf ze mobiliséieren, dat steet op engem anere Blat. Hien ass wuel laang an hefteg vun de Militanten ugefeiert ginn, mee fir e Streik brauch et méi Leit.

Foto: Net nëmmen de Mindestloun, den Index an d’Pensioune sinn dem OGBL wichteg. D’Gewerkschaft ass och net gewëllt zu Lëtzebuerg den Sozialdumping zouzeloossen, wéi dat aktuell vun der Luxtram SA beispillhaft ëmgesat gëtt. © PSI

Ähnlech Sujeten 1. Mee, Index, Mindestloun, OGBL, Pensioun, Sozialdumping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel