Search

You may also like

Barrièrefräiheet fir Produiten an Déngschtleeschtungen
Neiegkeeten

Barrièrefräiheet fir Produiten an Déngschtleeschtungen

Leschte Mëttwoch hunn d‘Deputéiert an der Plenière vum Europaparlament mat

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm
Neiegkeeten

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm

Fir jiddereen deen och 2018 iwwert Schwäizer an éisträichesch Autobunn

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa
Neiegkeeten

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

2019 ass d‘Joer vun den Europawahlen, an nach iert et

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage

D’Chamber bereet sech drop fir een neit Gesetz ze stëmmen, fir esou ee legale Kader fir Stage fir Schüler a Studenten ze schafen. Zil ass et d’Rechter a Verflichtunge vun alle Concernéierte méi genee ze definéieren an ze schützen. Den Text geet allerdéngs laut der OGBL Jugend net wäit genuch.

Bei Stagen vu manner wéi 4 Wochen soll d’Bezuelung fakultativ sinn, an och eng Ofstufung vun den Indemnitéite no bestëmmte Konditioune si virgesinn. D’OGBL Jugend befiercht, datt dëst Gesetz et normaliséiere wäert, datt verschidde Patronen bei de Stagen iwwert d’Streng schloe wäerten.

D’Stagegesetz mécht et dann och eng Conclusioun de Bestëmmungen obligatoresch, ouni dobäi dat pedagogescht Zil vum Stage ze fërderen, oder d’Rechter an d’Obligatioune vun allen engagéierte Säiten ze identifizéieren. Heizou gehéieren de Stagiaire, sou wéi och de Stagepatron an d’Schoul.

Fir géint een Abus virzegoen fuerdert d’OGBL Jugend:

  • Datt déi pedagogesch Ziler vum Stage verstäerkt ginn an den Encadrement vun de Stagiaire verbessert gëtt. Schliisslech soll de Stagiaire Erfarunge sammelen a säi Wëssen verdéiwen, wouduerch hien/hatt alldeeglech Aufgaben erleedege muss;
  • Datt d’Remuneratioun vun alle Stage muss obligatoresch sinn, och wa se manner wéi 4 Wochen daueren. De Stagiaire erleedegt schliisslech ee gewëssen Aarbechtspensum, huet och Fraisen vum Deplacement an der Representatioun;
  • Datt wann nom Stage een Aarbechtskontrakt resultéiere sollt, d’Stagenzäit vun der Prouwzäit ofgezu gëtt;
  • Datt d’Stage-Periode un déi effektiv Aarbechtsperioden ugepasst gëtt, fir datt soziale Schutz garantéiert ka ginn;
  • Datt Stagen bei enger Entreprise, déi net vun engem Bildungsetablissement gefuerdert ginn, verbuede sinn;
  • Datt Kontrollen a Sanctioune virgesi ginn, fir géint d’Ausbeutung vu Stagiairen unzekämpfen.

D’OGBL Jugend wëll, datt de Status vum Stagiaire nei defintéiert an dat neit Gesetz ugepasst gëtt, fir esou eng qualitativ héichwäerteg Formatioun bidden ze kënnen an d’Jugend viru Prekaritéiten ze schützen.

Related topics bezuelte Stage, Bezuelung, Erfarung, Formatioun, OGBL Jugend, Reform, Soziale Schutz, Stagegesetz
Next post Previous post