Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria
Neiegkeeten

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria

Fir déi ronn 2 Millioune Mënschen am Nordoste vu Nigeria,

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL
Neiegkeeten

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL

E pakende Film iwwert dat wat an engem virgeet, a

money
De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!
Neiegkeeten

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Den Europadag deen all 9. Mee an der europäescher Unioun

OGBL: Knapp derlaanscht ass och derlaanscht!

Dat hat den André Roeltgen esou net gesi kommen an elo sollt och d‘Mandat weidergereecht ginn

OGBL: Knapp derlaanscht ass och derlaanscht!

Am Kontext vun de Sozialwahlen hat sech déi gréisst Lëtzebuerger Gewerkschaft OGBL villes virgeholl. Si wollten den Doublé an eigentlech d‘Aféierung vun enger Eenheetsgewerkschaft. Dat ass net gelongen, mee e seriéise Grond sech ze beschwéieren hunn déi Escher net. Si sinn nach ëmmer onbestridden déi stäerkste Kraaft, woubäi et dës Kéier dann awer eng Iwwerraschung huet.

Esou huet den André Roeltgen net den Zousproch vum Wahlvollek erhalen, fir net ze soen, datt hie regelrecht an den Abseits gedrängt ginn ass. Hien huet et a sengem Secteur esou just op d‘Plaz vum 2. Suppleant bruecht an ass de facto net an d‘Salariatskummer gewielt ginn. Hie sollt dann och net President vun der CSL ginn, an esou mat enger „Lëtzebuerger Traditioun“ briechen…

Bis ewell – aus historescher Siicht – hunn déi verbrauchten OGBL-Presidenten, e bëssi esou wéi déi Politiker, déi zu Lëtzebuerg eigentlech net méi gebraucht ginn, an zu Bréissel tëschegelagert ginn, d‘Presidence vun der CSL iwwerdroe kritt. An eigentlech, esou zumindest de Skript vum OGBL-Wahlkampfregisseur, sollt den André Roeltgen dem Jean-Claude Reding säi „Mandat“ ierwen.

Géi direkt, dann hues de et hannert der

Als President vun der gréisster Gewerkschaft, huet den André Roeltgen awer net d‘Vertraue vun senge Membere verluer, hei huet de „Salarié“ mat senger Stëmm dem OGBL-President de Fouss gestallt. Onerwaart an iwwerraschend? Eigentlech net, wann een sech op dem Gewerkschaftler säi Wahlkrees bezitt. Woubäi seng designéiert Nofolgerin, Nora Back, wiesentlech méi beléift schéngt.

Si schléit hire Mentor ëm Längen (+1.126 Stëmmen), an dierft sech elo musse fir eent vun de sech presentéierende Mandater entscheeden. Déi éischt Presidentin vum OGBL oder Boss vun der CSL? Dat sinn zumindest d‘Optiounen déi sech hei ubidden. Géif sech d‘Nora Back fir d‘Gewerkschaft entscheeden, sollt allerdéngs net nach bis Dezember gewaart ginn, fir den Zepter weiderzeginn.

Mee bis dohinner war et awer emol um André Roeltgen, sech mat enger „Analys“ de Medien ze stellen. Esou gëschter geschitt, wou den OGBL-President awer emol mat de gudden Noriichten ugefaangen huet. Et gëtt also festgestallt, datt een nach ëmmer déi schéinst a gréisste Gewerkschaft ass, dat globaalt Resultat – scho wéinst dem „historesche Rekord“ – net a Fro ze stellen ass.

Jo mee… an… awer…

Den historesche Rekord ass awer den Ament dat eenzegt wat dem OGBL-President dierft gefalen. D‘Konkurrenz huet sech bei de Sozialwahlen och gutt positionéiert kritt. Esou zoppt den LCGB deenen Escher ganzer dräi Mandater an der Salariatskummer, an dat ass eng Hausnummer. Gutt dat ännert un der absoluter Majoritéit näischt, mee d‘Eenheetsgewerkschaft ass nach net fir esoubal.

Heifir ass et dann och berechtegt sech dem André Roeltgen senger perséinlecher Leeschtung eppes méi unzehuelen. A sengem Grupp „Autres Services“, huet den OGBL iwwer 90% vun de Stëmmen erhalen, woubäi hie vun de Wieler ëmgaange gouf. Elo wier de „Chef“ gutt beroden drop uecht ze doen, datt säi Resultat sech net negativ op de Fonctionnement vun der Gewerkschaft auswierkt.

Als éischt „Konsequenz“ huet den OGBL-President annoncéiert, datt hien am Dezember net méi fir de Poste kandidéiere wäert. Domatter gëtt automatesch de Wee fräi fir déi am Summer 2018 nei gewielten OGBL-Generalsekretärin, Nora Back. An natierlech kéint dës engagéiert Militantin a Gewerkschaftlerin och d‘Direktioun vun der CSL iwwerhuelen. Mee firwat bis Dezember waarden?

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, CSL, Nora Back, OGBL, Salariatskummer, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel