Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmme wat ee gesäit, existéiert och
Neiegkeeten

Nëmme wat ee gesäit, existéiert och

Et gëtt vill vu Representatioun geschwat. A wéineg doriwwer, wéi

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!
Neiegkeeten

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!

Zur summerlecher Zäit, an der sech haaptsächlech ëm d’Wuelbefanne vu

De Christophe Hansen zum Green Deal, Zweete Weltkrich a méi
Neiegkeeten

De Christophe Hansen zum Green Deal, Zweete Weltkrich a méi

Zu Stroossbuerg steet dës Woch eng Plenarwoch un, bei där

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg

De Roeltgens Änder veriergert iwwert déi liberal Regierungspolitik

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg

Et ass, d‘Joer ass jo och nach nei, déi éischt gréisser Sëtzung vum OGBL-Nationalcomité gewiescht an deen huet sech mat der politescher Aktualitéit beschäftegt. Heibäi ass sech och eppes méi genee mat der Regierungspolitik beschäftegt ginn, a wat déi gewëllt ass géint d‘Aarmut an déi sozial Ongerechtegkeeten ze ënnerhuelen.

Keng esou einfach Aufgab wéi en et gemengerhand gäre wéilt unhuelen. Ëmmerhin ass den OBGL d‘Hausgewerkschaft vun de Sozialisten, an déi hunn och Regierungsverantwortung iwwerholl. Sech iwwert e liberale Premier iergeren, well d‘Steierpolitik nëmmen Entreprise begënschtegt, werft och e schlecht Liicht op de Wirtschafts-/Vizepremierminister.

Wéi och ëmmer. Fakt ass, datt déi éischt Gewerkschaft am Land der Regierung virwerfe muss, datt si sech déi falsch Prioritéite gesat huet. Schonn 2017 wiere Steierkaddoen, Steiervergënschtegungen a villes méi fir d‘Entreprisen zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Elo soll de Steiersaz fir Entreprisen nach emol erofgesat ginn. Wann ee weess dat déi „ganz déck“ grad emol 2,2% Steiere bezuelen…

Dem OGBL-President André Roeltgen jiddefalls gefält dat alles net, an hie fäert dann och net dat däitlech auszeschwätzen. Wat d‘Regierung domatter ustellt, féiert eenzeg an eleng zu enger méi Ongerechtegkeeten. An hie kënnt, wéi aus Aktualitéitsgrënn net anescht ze erwaarden och op de grousse Rendez-vous vun Davos ze schwätzen, wou déi Räich d‘Weiche fir d‘Zukunft stellen.

Kee Naturgesetz

„Mir ginn all kéiers d‘Dronkenellen aus, wann ech matkréien, datt déi 26 räichste Mënschen op der Welt esou vill besëtzen, wéi d‘Halschent vun der Mënschheet“, iergert sech den André Roeltgen a bezitt sech op den Oxfam-Bericht. „Dës Evolutioun ass awer kee Naturgesetz. Si ass d‘Folleg vu politeschen Entscheedungen, an et ass och eenzeg d‘Politik, déi sech deem entgéintstelle kann“.

Den OGBL, dee matten an der Campagne zu de Sozialwahle stécht, riicht en Appell un d‘Regierung sech nach emol der Fiskalitéit vun den Entreprisen an dem Kapital unzehuelen. Zudeem misst sech dem Mindestloun ugeholl ginn, déi wuel gehéicht ginn ass, dat awer net an engem Mooss, deen als „Zefriddestellend“ ze bezeechnen ass. Bei de sozialen „Transferten“ misst et och besser ginn.

Alles Moossnamen esou den OGBL-President, déi nees zu eppes wéi engem „Gläichgewiicht“ an der Relatioun Patron / Salarié féiere kéinten. Esou Wierder héiert een op Patronatssäit net esou gären, an d‘Patronatsverbänn géifen sech es net midd, ze konteren et wéilt een e Gewerkschaftsstaat erriichten. Kléngt no Kapital-Populismus, an ass et mat aller Wahrscheinlechkeet och.

Wat maachen?

D‘Lëscht mat de Fuerderunge vum OGBL ass laang… ganz laang. Ganz uewen op dëser Lëscht: déi besonnesch Steierregimmen, déi zum Zweck hunn déi Räich ze „entlaaschten“. Zudeem sollen déi Mënsche mat héijem Akommes méi staark belaascht, an eng Steier op Finanztransaktiounen agefouert ginn. Et wier elo laang genuch „iwwerluecht“ ginn, elo wier et un der Zäit ze handelen.

Interessant d‘Revendicatioun, e Mechanissem op d‘Been ze stellen, mat deem de Steiersaz quasi automatesch un d‘Inflatioun ugepasst gëtt. Dat wier eng probat Léisung, fir der sougenannter „kaler Progressioun“ ze begéinen. Fir elo méi Steiergerechtegkeet an enger neoliberaler Gesellschaft erbäizeféieren, missten dës Froen awer an de Fiskalitéit-Debat afléissen. Optimistesch ass anescht.

Den André Roeltgen stellt awer Fest, datt déi ongläich Verdeelung vum Räichtum déi éischt Ursaach vum Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg ass. E Risiko deen tendenziell no uewe weist. Hei spillen och déi befrist Aarbechtsverträg an den Interim eng eekleg Roll. Hei gëtt absichtlech d‘Precaritéit gefërdert, Mënschen an d‘Ofhängegkeet gezwongen, Perspektiven ofgeschaaft.

Noutwenneg Verännerungen

An dësem Kontext misst et dann och zu enger Reform vum Gesetz zu de Kollektivverträg ginn, wat och zu enger Upassung vum Aarbechtsrecht féiere muss. Dat gesot, a wëssend datt den OGBL der Familljeministesch, Corinne Cahen (DP), de Réck stäipt, déi Beruff a Famill ënnert een Hutt brénge wëll, muss et erlaabt sinn déi Punkten zu deenen et ënnerschiddlech Usiichte gëtt, ze ernimmen.

Datt et periodesch zur Upassung vun de Familljenzoulage komme muss, dat bei Berécksiichtegung vum mediane Loun – esou wéi dat jo schonn 2014 versprach gouf – sollt elo endlech ugepaakt ginn. D‘Indexéierung, déi vun der Regierung um Enn vum Mandat versprach ginn ass, kann et net sinn. A géif een et eescht mengen, d‘Familljeliewen ze stäerken, hätt ee längst Propose virgeluecht.

Wat d‘Verlängerung vum Elterecongé, iwwert d‘Dispositioun vum onbezuelte Congé, betrëfft, esou gëtt den OGBL ze bedenken, datt een hei zolidd muss uecht doen, datt et net zur Diskriminatioun vun deene Salariéeë kënnt, déi sech esou eppes net leeschte kënnen. Enger Kombinatioun: Deelzäit schaffen aus familiäre Grënn, a Reform vun der Aarbechtszäit, ass d‘Gewerkschaft net opposéiert.

Remark:

D‘Aarmut an déi sozial Ongerechtegkeete bekämpfen, datt ass den Job vun de Gewerkschaften. Si sinn op hir eegen Aart a Weis eppes wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun, an den Designéierte „Sozialpartner“ vum Staat. Si vertrieden, am Géigesaz zum Patronat – zumindest um Pabeier – déi gréisste Wielerschicht. Et sollt een unhuelen, d‘Leit wëssen a behäerzegen dat.

Ass awer net de Fall, soss hätt et bei der Chamberwahlen aner Resultater misse ginn. Dat erkläert sech och: owes gëtt um Comptoir iwwert de béise Patron hiergefall, a Moies stécht een dësem dann nees de Kapp hannen eran. Ass eppes mat den Hoer erbäigezunn, mee wien der Usiicht ass, datt d‘Politik ausschliisslech d‘Patronat verdeedegt, muss sech eng besser Regierung wielen…

Ähnlech Sujeten OGBL, OGBL-Nationalcomité, Regierungsprogramm, Sozialwahlen 2019, Steierdumping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel