Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Meenung Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)

De Wee doduerch: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich
Meenung Neiegkeeten

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich

Et kann een e Fussballsmatch dominéieren an um Enn awer

Fir geschwënn: Fest vun der Drauf an dem Wäin zu Maacher
Meenung Neiegkeeten

Fir geschwënn: Fest vun der Drauf an dem Wäin zu Maacher

De Picadilly war, an d‘Fouer kënnt schonn déi nächst Woch.

Wou ee Wëllen ass, ass och ee Wee

Noutstand, Wunnen a Coronakris

Wou ee Wëllen ass, ass och ee Wee

D’Coronakris huet de Wunnengsnoutstand zu Lëtzebuerg net ausgeléist, se ass awer am Begrëff hei d’Konsequenze weider ze verschäerfen. Beim Krisenufank ware bal 40 % vun de Menagen immens héije Wunnengskäschten ausgesat an iwwer 10 % vun de Menage hunn iwwer 40 % vun hirem verfügbaren Akommes fir d’Wunne missen opbréngen.

Déi aktuell Loun- an Akommesabousse bei de Lounofhängegen duerch ‘Kuerzaarbecht an de steigende Chômage, sou wéi déi prekär Situatioun bei engem Deel vun de Selbststännege féiert zu enger weiderer Hausse beim Undeel vun de Wunnkäschten am Verglach zum verfügbaren Akommes. An et sinn déi ënnescht Akommesschichten, déi dëser Entwécklung am stäerksten ausgesat sinn.

A senger Pressekonferenz vum 27. Mee huet de Wunnengsbauminister Henri Kox d’Erhéijung vun den Indemnitéite vum Logement, d’Verduebelung vun der Allocation de Vie Chère, d’Afréiere vun de Loyerspräisser an d’Verbuet vun Evakuéierungen matgedeelt.

Och wann den OGBL dës Moossname selbstverständlech begréisst, muss een awer zugläich ënnersträichen, datt, onofhängeg vun der Coronakris, d’Erhéijung vun der Mietzulage opgrond vun de galoppéierende Loyerspräisser souwisou fälleg war an datt déi elo virgehollen Upassungen just zum Deel der Entwécklung vun de Loyerspräisser gerecht gëtt.

Den OGBL fuerdert dofir eng zousätzlech Opbesserung vun der Mietzulage. Dat selwecht gëllt och fir d’Allocation de Vie Chère, déi säit 2009 (!) net méi erhéicht ginn ass an där hir Upassung säit laangem iwwerfälleg war. Aus dësem Grond dierf déi elo virgehollen Erhéijung ënnert kengen Ëmstänn nom 31. Dezember nees zeréckgezu ginn, mee muss och doriwwer hinaus gëllen.

D’Moossname vum Afréiere vun de Loyerspräisser verdéngen eng héich Opmierksamkeet

De Coronavirus huet et gepackt, wat säit Joren beim Noutstand Wunnen an der Präisexplosioun beim Loyer vun duerchschnëttlech 5 – 7 % ënnerlooss ginn ass. De Beweis ass elo ganz am Sënn vum Spréchwuert „Wou ee Wëllen ass, ass och e Wee“ erbruecht. Den OGBL fuerdert, datt dës Moossnam iwwert d’Frist vum 31. Dezember hinaus gëlle muss, an zwar esou laang bis endlech eng nei gesetzlech Präisbrems fir de Loyer agefouert ass, déi wierkungsvoll d’Präisentwécklung andämmt an am Eeklang mat der Akommesentwécklung vun der Bevëlkerung, an éischter Linn mat der ënneschter Akommesschicht, steet.

De Bestand vu soziale Wunnenge läit aktuell ënnert 5 %. En huet sech säit Joerzéngten am Verhältnis zum gesamte Wunnengsbestand dauernd verréngert, trotz der Krisenentwécklung am Wunnberäich, déi ëmmer schlëmmer ginn ass. Zënter Jore fuerdert den OGBL, datt de Bestand u soziale Wunnengen der Héicht vum Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg, aktuell bei 18 %, entsprieche muss. Dëst bedeit am Kloertext, datt dat vum Wunnengsbauminister ugekënnegt Ausmooss vun der Fërderung vum soziale Wunnensausbau a senge Projet alles anescht wéi genuch ass.

Dës Kritik vum OGBL stell op kee Fall déi ageschloe Richtung a Fro. Weder d’Kreatioun vun engem Spezialfong fir de soziale Wunnengsbau, nach déi immens wichteg Intentioun fir ëffentlech u Grondstécker oder Wunnraum ze kommen, si falsch. Allerdéngs geet d’Breet vum geplangte Bauprojet, nach déi vir d’Fonge virgesi finanziell Mëttel, absolut net duer, fir dem Predikat vun enger ambitionéierter ëffentlecher Investitiounspolitik an dësem prioritäre Beräich gerecht ze ginn.

Dofir schléit den OGBL dem Minister an der ganzer Regierung vir, de Spezialfong ëm op mannst dat Zéngfacht ze erhéijen.

Wouhier sollen d’Sue komme, fir déi vum OGBL proposéiert Finanzéierung vum Spezialfong?

D’Äntwert ass ganz einfach. Iwwert d’Ëmsetzung vun der zweeter grousser politescher Prioritéiten, nämlech déi vun der Andämmung vun der Präisexplosioun. Dat geet net ouni eng wierksam Bekämpfung vun der ausuferender Spekulatioun am Immobilieberäich a bei de Grondstéckspräisser. Dëst Zil ass just iwwert den Hiewel vun der Steierlegilsatioun ze erreechen.

Déi ugekënnegt Reform vun der Grondsteier eegent sech beschtens dozou. Den OGBL fuerdert eng Grondsteier, déi d’Prinzip vun der Steierfräiheet fir d’Eegenheem opweist. Fir de multipelle Besëtz muss ab engem bestëmmte Gesamtwäert d’Grondsteier a Form ee progressive Steiersaz unhuelen. Wien 10-, 20-, 50- oder 100-fachen Immobilien- a Grondbesëtzer ass, deem soll „progressiv“ den Ureiz geholl ginn, sech nach weider op d’Käschte vum Rescht vun der Bevëlkerung mat Grond- an Immobiliebesëtzer ze seenen. A gläichzäiteg säi finanzielle Beitrag leeschten, fir déi duerch d’Buedem- an Immobiliespekulatioun verursaacht sozial Schied op mannst deelweis auszegläichen.

Doriwwer hinaus fuerdert den OGBL d’Reform vum sougenannten „spezialiséierten Investitiounsfong“ (FIS), deen erwisenermoossen den héchsten Ausdrock vun der Buedem an Immobiliespekulatioun zu Lëtzebuerg an der Ëmverdeelung a Konzentratioun am Interessi vun de Räichen ass. All steierlech Virdeeler vum FIS am Bezuch op Immobilien a Grondstécker mussen dringend ofgeschaaft ginn, an zwar ouni Ausnam.

Nieft der wierksamer Bekämpfung vun der Präisexplosion géifen dës gesetzlech Steiermoossnamen déi finanziell Mëttel, souwuel fir d’Speisung vum staatleche Spezialfong, wéi och fir den am Beräich vun der kommunaler Autonomie ze fërderende soziale Wunnengsbau, bereetstellen.

Wou bleift d’Klimapolitik, déi sech den neie soziale Frakturen an der Hausse vun der sozialer Ongläichheet verschléisst?

Et geet net duer, et dauernd unzesoen, ouni et ëmzesetzen. Déi ugekënnegt Hausse vun de staatleche Bäihëllefe fir d’Sanéieren an Investitiounen am Wunnberäich bis zum 31. Mäerz 2021 droen op kee Fall em Prinzip vun der gerechter Klimaschutzpolitik Rechnung wëll si opgrond vun der feelender sozialer Staffelung déi akommesschwaach Hausbesëtzer benodeelegen an dofir net den energie- a klimaschutzpolitesche Wierkungsgrad erreechen dee si kéinten a missten hunn.

Den OGBL fuerdert déi direkt Erhéijung vun der Bäihëllef fir akommesschwaach Menagen!

Matgedeelt vum OGBL

Opmaacherbild: © Nolan Issac / Unsplash

Ähnlech Sujeten Chômage, Coronakris, Henri Kox, Loyer, Noutstand, OGBL, Präisexplosioun, Soziale Wunnengsbau, staatlech Bäihëllef, Wunnengskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel