Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur
https://moien.lu/dating-christmas-ornaments/

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur

Patronat a Gewerkschafte ginn sech beim Ausschaffe vum Kollektivvertrag vun

matchmaking quiz buzzfeed
https://moien.lu/dating-christmas-ornaments/

when to talk about dating exclusively

D‘Zäite veränneren sech, déi Wäerter fir déi eis Elteren agestane

Lëtzebuerg: Ab haut kann een nees d’Stad „Iwwerblécken“
https://moien.lu/dating-christmas-ornaments/

Lëtzebuerg: Ab haut kann een nees d’Stad „Iwwerblécken“

De „City Skyliner“, deem et un Erfolleg am leschte Joer

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung

Et war geselleg um grousse Gewerkschaftsmeeting zu Péiteng, wou den OGBL seng „1. Mee“ Riede gehalen huet, well traditiounsgeméiss den „Dag vun der Aarbecht“ als Familljefest an der Abtei Neimënster zelebréiert gëtt. Dee gouf aus bekannte Grënn op de 9. Mee verluecht.

Den OGBL-President, André Roeltgen, dee wuel ganz zefridden op d‘Sozialwahlen zréckblécke kann – wann hien seng perséinlech Leeschtung ausklamert – huet seng Equippen hannert dem Slogan „OGBL de Constructeur vun der Zukunft“ versammelt kritt. E Slogan deen dann och net aus der Loft gegraff ass, ugesiichts den Erausfuerderungen, déi an noer Zukunft op eis duer kommen.

Esou ass den André Roeltgen determinéiert, d‘Positioun vun der gréisster Gewerkschaft am Land ze notzen, fir am Kontext vun der energetescher a finanzieller Transitioun, op de politeschen Discours anzewierken. Et dierft een elo keng Zäit méi verléieren, esou den OGBL-President, deen awer nach betount, datt de Kampf géint de Klimawandel, nëmmen eng vun den Erausfuerderungen duerstellt.

Verännerunge sinn ni einfach

An hie weess dann och wou sech d‘Schwaachstelle vun dësen Erausfuerderungen opdinn. Wann ee wierklech wëll, datt d‘Leit matmaachen, also eng Rei Gewunnechten „änneren“, muss séchergestallt ginn, datt och an Zukunft kee Mënsch op Mobilitéit muss verzichten an hire Besoin un Energie och bezuelbar bleift. Den André Roeltgen erwaart sech eng equitabel Verdeelung vun de Käschten…

Dat kléngt gutt, mee fir „de klenge Mann“ mat an d‘Boot ze huele muss en d‘Politik zum éischte Schratt beweegt kréien. Sollt et nees esou goen, datt Klimawandel an energetesch Transitioun um Bockel vum Salariat ausgedroe ginn, da kann een et och direkt si loossen. Um franséische Beispill gëtt demonstréiert wéi d‘Vollek mat de Féiss schäert, wann et dësem „politesch“ ze bont gëtt.

Einfach soe wie gemengt ass

An dat huet den OGBL-President dann och esou betount: „Wa sech d‘Bierger musse mobiliséieren, da muss datt och fir d‘Politiker gëllen“. Laut dem André Roeltgen wier et nämlech genee dat, wat de Populisten an d‘Kaarte spillt: vun de leit Saache verlaangen, déi ee sech selwer awer net wëll operleeë loossen. Consideréiert een nach d‘Austeritéitspolitik an der EU, kann engem Angscht ginn.

Verständlech deemno, datt den OGBL d‘Leit oprifft bei den EU-Wahle gutt uecht ze di wiem se hir Stëmm zoudroen. D‘Wahlempfeelung läit däitlech bei deene Kandidaten déi sech fir e méi soziaalt Europa engagéieren. Dat trëfft erstaunlecherweis op all d‘Parteien zou, déi sech zu Lëtzebuerg fir d‘EU-Wahlen opgestallt hunn, firwat et net vu Muttwëll gewiescht wier d‘Kand beim Numm ze nennen…

De Gruef nees zouschëdden

Grondsätzlech awer bleift d‘Haaptgeschäft vun der Gewerkschaft d‘Verdeedegung vun de sozialen Errongenschaften an d‘Antriede fir d‘Rechter vum Salariat. Den André Roeltgen wéist nach emol drop hin, datt zu Lëtzebuerg iwwer 17% vun der Bevëlkerung dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn an d‘Erhéijung vum Mindestloun, esou wéi zwee „nei“ Congésdeeg, nëmmen en Ufank kënne sinn.

Woubäi de Staat (an do wou dësen Haaptaktionär ass) mat der Erhéijung vun Taxen an/oder Tariffer d‘Hausse beim Mindestloun scho selwer nees agestach huet. Dës Consideratioun huet den André Roeltgen net berécksiichtegt, mee dofir nei Revendicatioune fir d‘Regierung virgestallt. Esou muss d‘Aarbechtsrecht dem digitalen Zäitalter ugepasst an d‘Sozialversécherung gestäerkt ginn.

Foto: © OGBL

Ähnlech Sujeten 1. Mee, André Roeltgen, Energetesch Transitioun, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel