Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency
Meenung Neiegkeeten

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency

LSA kléngt net ganz esou „renomméiert“ wéi „NASA“, mee et

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich
Meenung Neiegkeeten

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich

Am Bouneweger Casino, Sëtz vum Landesverband FNCTTFEL, haten sech d‘Salariéeën

„Casier-bis“ – Den oppene Bréif vun de Minister un d‘Press
Meenung Neiegkeeten

„Casier-bis“ – Den oppene Bréif vun de Minister un d‘Press

An hirem oppene Bréif un d’Lëtzebuerger Press, hunn de Justizminister,

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)

Eng eppes aner „gewerkschaftlech Rentrée“

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)

Et ass Hierscht. De vill erwaarten Hierscht mat sengem „Neistart“ soll elo Stattfannen. Mee och wa mir virum Summer nach erwaart haten, datt d‘Rentrée dëst Joer eng Neiufank géif bedeiten, esou musse mir feststellen, datt d‘Covid19-Pandemie nach net besäitegt ass.

Esouwuel sanitär, wéi och wirtschaftlech, an op sozialem Niveau si mir nach net aus der Kris. Mir musse wuel oder iwwel léiere mam Covid19 ze liewen an de Wee an eng gewëss Normalitéit erëmzefannen.

An dëse Wee wäert kee liichte sinn. Et wäert sech och net ouni den OGBL maache loossen. Ganz am Géigendeel. Wa mir politesch, ekonomesch a sozial e Wee fir eist Land fanne wëllen, da geet dat nëmmen am „matenaner“, am Sozialdialog tëscht de féierende Kräften, der Regierung, dem Patronat an dem Salariat.

Dofir appelléiert den OGBL eng weider Kéier un déi zwee aner Acteuren, sech gemeinsam un en Dësch ze setzen, dat a Form vum bewäerte Konzept, an der „Tripartite“.

D‘Neigestaltung vun der Aarbechtswelt nom Covid19-Ausnamezoustand vu de leschte Méint kann nëmmen op sozial gerecht Aart a Weis passéieren. Fir weider Ongläichheeten an eiser Gesellschaft ze verhënneren, fir grouss Frakturen ze vermeiden, fir Léisungen ze fannen, déi vun alle Säite gedroe ginn, fir reell d‘Wirtschaft unzekuerbelen an de Lounofhängegen an hire Familljen eng Zukunft ze bidden.

Den OGBL gesäit ee Wee aus dëser Kris – Eise (gemeinsame) Wee aus der Kris. Dee bedeit: Beschäftegung fir jiddereen; Kafkraaft fir jiddereen; e Wunnrecht fir jiddereen; Steiergerechtegkeet fir jiddereen; an eng staark Sozialversécherung fir jiddereen.

An all eenzele vun dëse Beräicher hu mir Visiounen a Fuerderungen. Am aktuellsten ass awer mat Sécherheet den Thema „Wunnengs-Noutstand“. Net nëmme well zwee Gesetzprojeten um Instanzewee sinn, déi d‘Situatioun mat Sécherheet net wäerte verbesseren. Net nëmme well d‘Wunnsituatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi brisant gëtt. Net nëmme well d‘Loyeren an Wunnengspräisser och no der Coronaviruskris exponentiell klammen.

Mee och well dësen Noutstand mëttlerweil bei jidderengem ukomm ass. D‘Residente vu Lëtzebuerg an déi vun der Groussregioun fänken un sech zur Wier ze setzen. Wut a Frustratioun si bei dësem Thema esou héich wéi nach ni an der Zivilgesellschaft. Mënschen ënnerschiddlechster Hierkonft, politescher Zougehéieregkeet a soziale Verhältnisser versammelen sech, bilde Veräiner, solidariséiere sech, protestéieren, stinn, op manifestéieren.

An den OGBL ass en Deel dovunner, den 10. Oktober huet eng éischt grouss Demonstratioun an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt. An et wäert weidergoen.

Dës Beweegung ass net méi opzehalen. D‘Logementskris mécht rosen. Well si eben net wéi d‘Covid19-Kris, oder d‘Finanzkris vun 2008 vu baussen op eis Land agebrach ass. Nee si ass eenzeg an eleng Hausgemaach.

D‘Verantwortung vun dëser Kris net zu gudder Lescht bei der Politik, bei de sech folgende Regierungen, déi eng no där anerer näischt géint de Problem ënnerholl hunn. Wéi wann de Buedem op deem gebaut gëtt, eng Wuer wier, onbegrenzt reproduzéierbar, hunn si de fräie Maart vun der Konkurrenz iwwer Joerzéngte verwalte gelooss.

Esou huet sech Joer fir Joer eng Präisspiral opgebaut, déi d‘Schéier tëscht Wunnengspräisser an Akommesentwécklung vun de Mënschen ëmmer méi ausenaner gedriwwen huet. Et gouf näischt ënnerholl géint d‘Juegd no Renditen a Spekulatioun. Am Géigendeel, skandaléiserweis goufen ëmmer weider Steiererliichterungen an esouguer Steierbefreiunge fir déi superräich agefouert.

Et ass eriwwer mam „Hänn an den Täschen halen“. Et gëtt net méi akzeptéiert, datt d‘Majoritéit vun der Bevëlkerung sech ee Liewe laang verschëlde muss, fir en Daach iwwert dem Kapp ze hunn, wärend ee puer wéineger sech stänneg iwwert den Ëmwee vun der Immobiliëspekulatioun beräicheren.

Dës Kris trëfft zéngdausende Menagen. Si entzitt ëmmer méi Mënschen d‘Grondrecht op Wunnen. Dës Kris muss elo direkt gestoppt ginn. Dëst verlaangt vun der Regierung déifgräifend Antikrisemoossnamen. Dat ass de Wee aus der Kris. Dat ass den Optrag vum OGBL un d‘Regierung.

Fir onst Grondrecht op wunnen, fir erschwéngleche Wunnraum, fir en dynamesche Wunnengsbau an ëffentlecher Hand. Fir ons Kafkraaft a fir de sozialen Zesummenhalt zu Lëtzebuerg.

Esou matgedeelt vum Nora Back, Presidentin vum OGBL, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Carte Blanche, gewerkschaftlech Rentrée, Krisenzäit, Logement, Nora Back, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel