Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt
attraction dating rtl2

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt

Och op der sich no Liewensmëttel ouni animalesch Inhalter? Da

bedste dating app for unge
attraction dating rtl2

https://moien.lu/grind-dating-app/

Während am Frankräich d‘Lag op der Wiederfront éischter „bedreelech“ ass,

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter
attraction dating rtl2

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter

Déi douce Temperature vun de leschte Woche sollten d’Automobilisten net

Den OGBL huet elo eng „Presidentin“

Um Freidegowend ass um Kierchbierg mat 97,5% vun de Stëmmen déi éischt Fra un d‘Spëtzt vun der Gewerkschaft gewielt ginn

Den OGBL huet elo eng „Presidentin“

Zanter de Sozialwahle war gewosst: den André Roeltgen ka säi Mandat net erneieren et muss den Zepter vun der gréisster a schéinster Gewerkschaft weidergereecht ginn. Et war dann och eigentlech kee Geheimnis, datt d‘Nofolleg am OGBL dem Nora Back zoustoe géif. Elo ass et amtlech.

Woubäi den André Roeltgen, jo schonn am Juli 2018 eng Moderniséierung a Verjéngung vum OGBL geschwat hat, deemools dem Nora Back awer nëmmen de Poste vum Generalsekretär zougestane gouf. Déi engagéiert Gewerkschaftlerin, déi sech am „Fleegestreik“ géint d‘Patronat duerchsetze konnt, ass bei de Komeroden entspriechend beléift. Iwwerraschend ass et also net.

Datt d‘Nora Back och Presidentin vun der Salariatskummer (CSL) ass, dierft e weidere Pluspunkt gewiescht sinn, dee vun den Delegéierten um Freideg bei der Ofstëmmung matgewierkt huet. Datt déi iwwerwältegend Majoritéit vun de ronn 400 Delegéierten (97,5%) him d‘Vertrauen ausgeschwat huet, u sech ganz normal. Den OGBL wëll sech schliisslech als Eenheetsgewerkschaft etabléieren.

Interessant mee och eppes „iwwerdriwwe politesch“, de Fait datt d‘Nora Back op „Erstaunt“ an „Iwwerwältegt“ gemaach huet, wéi d‘Resultat offiziell verkënnt ginn ass. Datt déi nei Presidentin vum OGBL gëschter nach emol betount huet, ni d‘Ambitioun gehat ze hunn dëse wichtege Posten ze iwwerhuelen, verwonnert. Säit iwwert engem Joer ass si déi designéiert Nofolgerin.

Vill „Show“

Si huet hire Memberen dann awer nach emol verséchert, datt si sech der Verantwortung bewosst ass, déi esou engem Mandat unhänglech ass. Si stellt um haidege Samschdeg déi grouss Prioritéite vun der Gewerkschaft vir, déi an den nächste fënnef Joer d‘Agenda vum OGBL bestëmme wäerten. Et ass dovunner auszegoen, datt den Aarbechtsminister Dan Kersch sech déi Ried unhéiere wäert.

Nach ass d‘Kris vum „sozialen Dialog“ deen d‘UEL a ganz besonnesch hire President Nicolas Buck provozéiert huet, net ofschléissend berengegt ginn. Et huet wuel eng (éischter erzwonge) Sëtzung vum Permanente Comité fir Aarbecht a Beschäftegung (CPTE) ginn, mee dat war en éischter symboleschen Akt, vu datt d‘Patronat nach ëmmer iwwerzeegt ass, datt do net ka verhandelt ginn.

Den André Roeltgen zitt sech dann awer net zréck. Iwwer 30 Joer als Gewerkschaftler aktiv, kann hien op vill Erfarung zréckgräifen, an hie wäert dem Nora Back säi wichtegste Beroder bleiwen. E Freideg ass et awer net nëmmen ëm d‘Successioun vum André Roeltgen an d‘Bestätegung vum Nora Back als Presidentin vum OGBL gaangen, och wann et dat ass wat d‘Leit wäerte behalen…

En Dënschdeg hat et jo déi aussergewéinlech Generalversammlung vum Landesverband ginn, bei där d‘Fiançaille vu FNCTTFEL & OGBL offiziell erkläert goufen. Och dat war esou erwaart ginn, schliisslech huet et zanter 2011 e Kooperatiounsaccord tëscht béiden Entitéite ginn. Gëschter hunn 99,6% vun den OGBL-Delegéierten d‘Fiançaille bestätegt. D‘Hochzäit ass fir de Juli 2020.

Den „Invité“

Als besonnesche Gaascht hat den OGBL de Nicolas Schmit – fréieren Aarbechtsminister an elo EU-Kommissär fir d‘Beschäftegung – agelueden. Dee war gutt gelaunt an huet gemengt, datt hien nach ëmmer d‘Gefill hätt ee vun „Hinnen“ (also e Gewerkschaftler) ze sinn. Hien dann och de Konflikt mat der UEL kommentéiert, wuel net ganz direkt mee schon esou datt et verständlech war.

Als EU-Kommissär ass dat einfach, well zum enge verflicht et zu näischt an zum anere veriergert et de politesche Géigner op nationalem Niveau. Ass awer éischter niewesächlech, well de Nicolas Schmit war zu Esch fir seng europäesch Prioritéite virzestellen. Hie géif sech elo fir en Europa asetzen dat méi sozial, méi gerecht a méi gréng ass. Politesche „wischiwaschi“ vum feinsten…

Wann e Sozialist op enger Generalversammlung vun enger Gewerkschaft, déi konservativ Politik vun der EPP verdeedegt, jo esouguer lueft – woubäi nach absolut guer näischt geschitt ass – dann och nach behaapt, datt dat net um Réck vum Salariat géif ausgedroe ginn, an dofir och nach vun der Assemblée mëttels Applaus bestätegt gëtt, kritt dat Ganzt eppes Kaffkaeskes…

Foto: D‘Nora Back iwwerhëlt d‘Presidence vum OGBL. Si ass mat 97,5% als Nofolgerin vum André Roeltgen bestätegt ginn. © OGBL

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, Eenheetsgewerkschaft, Generalversammlung, Kongress, Nicolas Schmit, Nora Back, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel