Search

You may also like

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart
Neiegkeeten

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart

Bei beschtem Wieder haten eng ronn 3.000 motorsportbegeeschtert Zuschauer de

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër
Neiegkeeten

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP passt sech den neien Erausfuerderungen un a

Stengefort: Rendez-vous vun de jonken Alen an de ale Jonken
Neiegkeeten

Stengefort: Rendez-vous vun de jonken Alen an de ale Jonken

De ganze Weekend war Stengefort am „Young- an Oldtimer“ Féiwer,

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef

Nodeems de Lëtzebuerger Staat um Europäesche Geriichtshaff nees Onrecht kritt huet, ass elo zur Summerperiod een neie Gesetzesprojet deposéiert ginn, bei der d’Studiëbäihëllef verännert soll ginn. Dobäi handelt et sech schonn ëm déi 4. Reform vun der Legislatioun an dëser Aart.

Als Erënnerung: Den neie System zur Studiëbäihëllef ass Enn 2010 a Kraaft getrueden. Schonn deemools huet den OGBL dës finanziell Moossnam kritiséiert. Zwee Argumenter stoungen dobäi am Virdergrond: Zum enge sinn héich Zommen un d’Majoritéit vun de Menage verschwent ginn an zum anere sinn d’Grenzgänger diskriminéiert ginn. Si konnten nämlech net vun der finanzieller Hëllef profitéieren.

Aus dësem Grond ass den OGBL souwuel um europäesche, wéi och nationalen Niveau a Beruffung gaangen.

Den aktuelle Gesetzesprojet bréngt kleng Verbesserunge mat sech. Duerch d’Reform gëtt och eng grouss Zuel u Studenten, déi direkt un der Grenz liewen, mat abezunn. Dës weidere ginn dräi Kritäre mat agefouert: D’Referenzperiod gëtt verlängert, ugrenzend Zonë gi berécksiichtegt an och de Student selwer kann de Lien zu Lëtzebuerg uginn.

Den OGBL fënnt et allerdéngs schued, datt nach ëmmer eng diskriminatoresch Klausel besteet, déi net mat der fräier Zirkulatioun vun den Aarbechter iwwerenee stëmmt. De Prinzip, de Lien zu Lëtzebuerg maachen ze mussen, ass an den europäesche Reegelen néierens opgezielt. Donieft gëtt nach de riskante Verglach tëscht der Ëffnung vun der Studiëbäihëllef zur Alterspensioun gemaach.

Dobäi erënnert den OGBL drun, datt si vun Ufank un d’Positioun vertrueden hunn, datt Studiëbäihëllef – déi d’Kannergeld am Studium ofléist – eng Sozialleeschtung ass, vun der all Salarié ouni Aschränkunge profitéieren dierfe sollt, onofhängeg dovu wou e wunnt. Dës Reform wäert wuel net déi lescht sinn.

Matgedeelt vum OGBL – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics finanziell Hëllef, Kannergeld, OGBL, Reform, Sozialleeschtung, Studiëbäihëllef
Next post Previous post