Search

You may also like

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt vun e Sonndeg, den

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)

E leschte Samschdeg si gläich e puer grouss Demonstratiounen zu

dislike
Wéi gutt kenns du d’Nordstad?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Nordstad?

[onionbuzz quiz-id=32][/onionbuzz] Och wann d‘Nordstad nach éischter eng Theorie wéi

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Watfireen 1. Mee?!?

Fir d‘zweet Joër hannertenee kënne mir eist traditionnellt 1.-Mee-Fest net esou feieren, wéi mir et gewinnt sinn. Op dem Dag, mat dausende Leit, engem flotte Programm op enger schéiner Plaz, enk zesummen, verbonne mateneen duerch esou Villes.

An dëst Joër ass et ëmsou méi traureg. Well dëst Joër och déi politesch Virfeier leider ewegfällt, well mer eis jo net kënne versammelen. An en 1. Mee ouni politesch Message war a bleift fir den OGBL ondenkbar! An duerfir hu mir eis fir dës Méiglechkeet entscheed, a well et jo awer net datselwecht ass, a well ee jo vu kengem kann erwaarden, sech 1 Stonn esou ee Video unzekucken, verspriechen ech och, datt et eng méi kuerz 1.-Mee-Ried gëtt.

Mä den 1.Mee, den Dag vun der Aarbecht, den Dag vum weltwäite gewerkschaftlechen Asaz fir Gerechtegkeet, fir Fridden an Demokratie, fir Fräiheet a Gläichheet, dee muss gefeiert a geéiert ginn! Fir d’Emanzipatioun vun de Schaffenden, fir hier Rechter, fir eng Welt wou jiddereen ouni Angscht an Ënnerdréckung senger Aarbecht kann nogoen.

Den 1. Mee ass och den Dag vum Fridden, an duerfir spillt den Asaz géint de Militarismus a géint d’Oprëschtung eng entscheedend Roll fir eis Gewerkschaft. An och dat mecht eis traureg, datt mer eise Friddensmarsch och net hunn dierfe maachen, dëst Joër.

Den 1. Mee ass en internationalen Dag, dee keng national Grenze kennt. An och dëst ass haut, wou mer virun zouenen nationale Grenze stinn, méi wichteg wéi je. An den 1. Mee dierf och net virun engem Coronavirus Halt maachen. An duerfir profitéieren ech vun der Geleenheet fir Iech all dobaussen merci ze soen.

Merci, dass Der dobäi sidd a bleift, an haut hei ageschalt hutt. Déi dausende Militanten, Gewerkschaftler, Personaldélégéierten déi an dëser schwéierer Zäit vun der Pandemie erëm do waren a sinn, fir d’Rechter vun de Leit ze verteidegen, fir fir eis demokratesch Matbestëmmung anzestoën.

Dir sidd aus alle Beruffer, aus allen ekonomesche Secteuren, vun ënnerschiddlechen Nationalitéiten, wunnt zu Lëtzebuerg oder an der Grenzregioun, sidd jonk oder al, Männer oder Fraen.

Dir sidd déi Leit, déi gelidden hunn an de leschte Wochen an och nach wäerten op d‘Zänn bäisse mussen, well se net kënne schaffe goën.

Well Äre Betriib zou huet

well Dir selwer krank oder vulnerabel sidd

oder well Dir doheem bei Äre Kanner bleift, déi net dierfen an d’Schoul

Dir sidd déi Leit, déi, mam Zil sech selwer an d’ganz Gesellschaft ze schützen, am Confinement liewen, doheem bleift, mat alle Suergen an Ängschten, déi dat mat sech bréngt.

Dir sidd awer och Pensionnéierter, déi vun Ufank un als „vulnerabel“ declaréiert gi sinn. Dir musst mat der Angscht liewen, datt de Virus Iech vläit am härtesten trëfft, a gläichzäiteg sidd Dir déi, denen hier Bewegungsfräiheet, Är Rechter a Fräiheeten sécherlech am stärksten ageschränkt gi sinn.

An da sidd Dir awer och all déi, déi un der 1. Front stinn, déi mussen mat der „Boule au ventre“ schaffe goen, fir dass eis Gesellschaft weider ka funktionnéiren. Dir sidd eis „Helde vum Alldag“, gitt haut gefeiert, mä wësst awer och haut schonn, dass mir zesumme musse kämpfen, datt déi Unerkennung och no der Kris net vergiess gëtt.

Mir hunn eng déif Dankbarkeet an eng Schold géintiwwer vun de ganze Gesondheets-, Pflege- a Sozialberuffer, vun de Spideeler, an den Alters- a Fleegeheemer, an de Behënnertestrukturen, an der Heemfleeg an an der Kannerbetreiung.

E besonneschen Hommage geet awer och un all déi Leit, déi d‘Servicer assuréiren an déi fir eis indispensabel sinn. Ech denken hei un d’Männer an d’Fraen déi transportéiren, depannéiren, botzen, d’Poubellen eidel maachen, déi di flécken, déi d’Sécherheet garantéiren. Et sinn déi di an der Landwirtschaft schaffen, an der Alimentatioun, an de Geschäfter. All déi Salariéen huelen Dag fir Dag e Risiko op sech, fir sech selwer an hier Familljen, fir eis z‘erméiglechen weiderzeliewen.

E grousse Merci un Iech all, un all eenzelnen dee weiderhi mat eis zesumme kämpft. Mir all zesumme sinn den OGBL. A mir all zesumme kënnen eis och där do Erausfuederung stellen. Am Interessi vun alle schaffende Leit, Pensionnéierten an hiere Familljen. Ech hu virdru gesot, datt et traureg ass, datt mer deen heutegen 1.Mee net kënne physesch zesumme feieren.

An et trëfft mech perséinlech och besonnesch, an dir wësst et, well et mäin éischten 1. Mee als Präsidentin vum OGBL ass. Mir sinn haut an eiser Gewerkschaft mat enger Situatioun konfrontéiert. déi et nach ni ginn ass. An duerfir wëll ech dem ganze Staff vum OGBL e rise Merci soë fir säin onermiddlechen Asaz, och a Coronazäiten, fir d’Saach, fir eis Memberen!

Well mir hu vill erlieft, déi lescht Wochen. Mir sinn duerch allméiglech Gefiller gaangen an et sinn an deem sougenannten „Etat de crise“ enorm vill Mesure getraff gi vun eiser Regierung, déi vill Impakt op eis alleguer hunn.

Um Dag vum haut sinn aleng 29 Derogatiounen um Aarbechtsrecht getraff gi wärend der Krisenzäit. An 41 Réglements grand-ducaux! Dat muss een sech emol virstellen, wou et soss oft heescht, dat geet net esou einfach, do muss een d’Base légale änneren, ass hei ganz vill, ganz schnell gaangen.

Den OGBL huet wärend dëser Zäit zu all dene Mesuren do lafend Stellung geholl, sief et iwwer Communiqué oder Video.

Ech wëll haut en éischten Tëschebilan zéien. Fir unzefänke kann ee soen, datt den OGBL sech awer duerchgesat kritt huet, fir an engem regelméissegen an direkte Kontakt mat Regierungsvertrieder ze stoën a mat gelauschtert ze ginn. Insgesamt sinn eng ganz Rei vu Mesure geholl ginn, fir déi schaffend Leit an hier Familljen, wat d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen, de Revenuen an den Existenzen unbelaangt.

Dës Mesure konnten op d‘Mannst deelweis verhënneren, datt aus der sanitärer Kris eng sozial an human Kris entsteet. A si hunn natierlech och de Rôle stabilisateur vun eiser sozialer Sécherheet gewisen, vun eisem Aarbechtsrecht a vun de Services publics am allgemengen.

Hei sinn zum Beispill:

  • Datt den Zougang zum Chômage partiel op all ekonomesch Secteuren opgemeet ginn ass, sou datt all Salarié am Land e Revenu behällt och wa säi Betriib huet missen zoumachen wärend der Kris
  • Datt et verbueden ass z‘entloossen am Chômage partiel
  • Datt mer en Accord an der Kris ënnerschriwwen hunn tëscht dem Aarbechtsminister an de Gewerkschaften, datt keen dierf am Chômage partiel ënnert de Montant vum Mindestloun falen
  • Datt d’Krankeschäiner an dëser Phase net an déi legal Limite vun den 78 Woche fale wou een dierf krankgeschriwwe sinn ier den Aarbechtskontrakt ophällt
  • Datt all Délaien fir Sozialpläng opgehuewe gi sinn
  • Datt de „Fin de droit au chômage“ wärend der Kris opgehuewen ass an sou keen an eng schlëmm Précaritéit rutscht
  • Datt e Congé pour raisons familiales extraordinaire an e Congé pour soutien familial agefouert ginn ass
  • Datt mer zesummen d‘Sécherheetsmesuren définéiert hunn déi musse gëlle fir eng Reprise vun der Aarbecht a sécheren a gesonde Konditiounen.

Dat sinn alles Mesuren, déi de Leit entgéintkommen. An ech wëll awer och ënnersträichen, datt vill vun dene Mesuren Äntwerte waren op Fuederunge vum OGBL zënter dem Ufank vun der Kris. Awer natierlech ass net alles gutt. A mir halen och net op, drun z‘erënneren. An net all d’Entscheedunge vun der Regierung an dëser Kris kënne mer guttheeschen.

Am Aarbechtsrecht z.B. ass mat Sécherheet, eng vun deene schlëmmste Mesuren déi, vun der Méiglechkeet, datt déi deeglech Maximalaarbechtszäit op 12 Stonne kann eropgesat ginn an an der Woch op 60 Stonnen an de Secteuren déi als essentiel définéiert gi sinn. Dat war an eisen Aen definitiv eng Feelentscheedung an eng onnéideg Mesure, déi just zu Laaschten ass vun dene Salariéen déi haut schonn ënnert Extrembedingunge mussen all Dag schaffe goen. Ausserdem war et eng Mesure déi verschidde Patronen op de Goût bruet huet an dozou verleet och an anere Secteuren Demanden ze maachen, respektiv ze mengen et kéint elo esou weidergoën.

Kolleginnen a Kollegen,

den OGBL wäert mat all dem néidegen Asaz duerfir Suergen, datt d’Aarbechtszäitderogatioun direkt an imminent no der Kris erëm verschwënnt. Mam OGBL kënnt et net zu enger Verschlechterung vun dem Aarbechtszäitgesetz.

Et ginn och nach eng Rei aner Punkten, déi ee muss kritiséieren.

Et huet ugefaange mat der Entscheedung den Etat de crise ze déclaréiren an domat de Leit massiv hier Fräiheeten an hier demokratesch Rechter anzeschneiden. Den OGBL bleift der Meenung, datt en hätt misste consultéiert ginn, virun dëser Entscheedung.

Aktuell si mer dann an ganz heftegen Diskussiounen iwwer d’Reprise vum Enseignement. Et ass op deem Punkt nëmmen eppes kloër: et bleiwe méi Froën op wéi et Äntwerte ginn. Wéi soll dat Ganzt organiséiert ginn? Wéi solle Kanner a Jonker sech un all déi Sécherheetsconsignen halen? Wéi kann en Educatiounsminister sech virstellen, datt eis Klengsten e ganzen Dag mussen an engem Klassesall riit sëtze bleiwen, mat enger Masque un, an op 2 Meter Distanz zu hiere Frënn? Ass dat alles nach pädagogesch vetrietbar? Wéi sollen déi zéch Maisons relais funktionnéiren? Wou kënnt dat néidegt Personal hier?

Firwat gëtt net méi op d’Enseignante an d’Educateure gelauschtert. Si sinn déi eenzeg richteg Experten an der Matière!? A si kënnen defintiv net fir d‘Gesondheet vun de Kanner a jugendleche Schüler verantwortlech gemeet ginn! Et sinn awer och an anere Beräicher nach vill Fuederunge vum OGBL net erfëllt.

A virun allem an dësem Moment. Mir fuerdere vun Ufank un en Aberuffe vun enger nationaler Tripartite. Am Ufank hu mer gesot kritt, et wier elo net de Moment, et hätt een elo aner Suergen. Den Austausch deen duerno stattfonnt huet war ëmmer mat eenzelne Ministeren. Dat war och wichteg a gutt.

Mä elo musse mir an der Presse liesen, datt eng Taskforce Exit tagt. D’Exitstrategie. Déi wéint därer mer wollten eng Tripartite. Déi gëtt elo an enger Taskforce diskutéiert, wou net ee Salariatsvertrieder dran ass. An dat ass inakzeptabel Kolleginnen a Kollegen. Den OGBL wäert sech dofir asetzen, datt op d’Interesse vun de Salariéë gelauschtert gëtt, an dëser schwéirer Zäit, well nëmmen esou kann déi Kris hei gestemmt ginn.

An en Enn vun der Coronakrise ass jo nach net a Siicht. All d’Mesure bis elo ware jo ausgeluet, fir eng Andämmung vum Virus. An och elo déi éischt Mesuren vum Déconfinement solle lues a lues passéiren, fir eng Iwwerlaaschtung vun eise Spideeler ze verhënneren.

Den OGBL huet dëse Kurs vun der Regierung ënnerstëtzt. Awer wat mer all net wëssen, ass wéini gëtt en Impfstoff oder wéini hu mer déi sougenannten „Herdenimmunitéit“ erreecht? D’Wëssenschaftler rechne fir Béides mat 2021. Onofhängeg dovun wéi lang et nach geet, eng ekonomesch Kris ass elo schonn net méi ze verhënneren.

Hypothetesch bleift awer haut nach hiert Ausmooss, hei am Land an och international, hier Dauer, hier Auswirkung op eenzel Secteuren an och hier strukturell Konsequenzen. A well nach souvilles onsécher ass, ass et wuel schwéier Strategien zur Krisebewältegung auszeschaffen.

Mä mir mussen gewerkschaftspolitesch Linnen opstellen an och vermëttelen, fir déi Disukussiounen déi elo stattfannen an déi richteg Richtung ze kréien. Mir mussen elo kucken d’Ausmooss an d’Dauer vun der wirtschaftlicher Rezession ze begrenzen.

Den OGBL fuedert, datt d’Arbechtslosegkeet an d‘Faillitë verhënnert ginn. Déi sozial Ongläichheeten an eiser Gesellschaft an eng weider Verschlechterung vun de Liewensbedingungen no der Kris musse bekämpft ginn! Och aner gesellschaftlech Prioritéiten wéi z.B. de Klimaschutz dierfen elo net vergiess ginn.

Kolleginnen a Kollegen,

Um Wee eraus aus der Kris, kann ech nëmmen een Appell maachen: et dierfen net déiselwecht Feeler wéi no der Kris 2008-2009 gemeet ginn! Den OGBL akzeptéiert kee Réckfall an eng Austeritéitspolitik hei am Land. Déi Politik, mat hiere fatale wirtschaftlechen a soziale Konsequenzen op ganz Europa huet gewisen, datt se di falsch ass.

A wat de John Castegnaro schon 1982 gesot huet, ass haut nach ëmmer wouer. Virun der Kris hunn se eis net gefrot fir d’Milliarde Gewënner ze verdeelen, da sollen se eis och elo no der Kris net froën fir d’Milliarden Defiziter ze bezuelen.

D’Erhuelung vun der Wirtschaft ass op en intakten Sozialstaat an op e finanzstaarke Staat ugewisen. Dës Kris huet erëm bewisen, wéi wichteg déi 2 sinn a watfireng stabiliséirend Roll se spillen. Den OGBL rifft d’Lëtzebuerger Regierung op, de Schwéierpunkt op eng Politik vun der Nofro ze setzen, déi eise Bannemaart stäerkt.

Dat geet iwwer 2 Weeër:

  • Kafkraaft vun den ënneschten a mëttleren Akommesschichte stäerken
  • An eng staatlech ëffentlech Investitiounspolitik.

D’Ofsécherung vun der Kafkraaft setzt viraus, datt déi staatlech Sozialleeschtungen an ëffentlech Sozialversécherung net ugepaakt ginn. An souguer plazeweis opgewäert ginn.

D’Ofsécherung vun der Kafkraaft bedeit doriwwer eraus awer och Villes méi: z.B. misst d‘Kannergeld elo direkt an ouni Diskussioun opgewäert ginn, sou wéi et zenter 2014 versprach ass

Un de Präisser vum Wunnengsmaart muss eppes passéieren a mir brauche staatlech Ënnerstëtzung am Logement

D’Allocation de vie chère misst opgewäert ginn

De Staat misst d’Käschte vun deem neie Congé pour raisons familiales extraordinaires iwwerhuelen, well déi Kanner jo net krank sinn, mee si konnte just net an d’Schoul

Och an der Steierpolitik muss eppes fir d’Menagë gemeet ginn: längst iwwerfälleg ass e Gesetz géint déi sougenannte kal Progressioun. Ausserdem wier et de falsche Wee d’Betriibsbesteierung weider erofzesenken. Betriiber kënnen net weider Cadoë gemeet kréien an d’Particulierë musse weider bezuelen.

Doriwwer eraus drängt sech an dëser Kris eng progressiv Zousazsteier bei Dividenden oder anere Kapitalerträg op.

Mir hunn haut schonn eng Schiflag bei der Verdeelung vun der Steierlaascht. A säit Jore fuedert den OGBL méi Steiergerechtegkeet. Elo ass de Moment, et ze maachen. An op kee Fall dierf et elo am Postkrisenszenario zu zousätzleche Steierbelaaschtunge fir déi ënnescht oder mëttel Akommesschichte kommen. Dat ass mam OGBL net ze maachen.

Bei de Léin erënnert den OGBL u seng Fuederung vun enger Erhéijung vum Mindestloun. Och d’Kollektivvertragsgesetz muss gestärkt ginn, fir d’Léin zu Lëtzebuerg kënnen ze stäerken.

Déi ausseruerdentlech Mesuren um Chômage partiel ware wichteg a gutt an dierfen elo op kee Fall direkt nom Etat de crise gestoppt ginn. Alles dat si Mesuren, déi de schaffende Leit an hiere Famillje géifen hëllefen.

Mä eppes huet dës Kris eis och nach geléiert. Mir brauchen héich ëffentlech Investitiounen. An der Gesondheet. An der Fuerschung, an der Bildung, allgemeng an den ëffentlechen Déngschtleeschtungen. Dat kascht eppes. An duerfir brauche mer Suen. An duerfir steet den OGBL zu weideren Emprunten vun eisem Staat. Mir hu Spillraum a kënnen a sollen dat maachen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

Kolleginnen a Kollegen,

Et ass de Betriiber vill gehollef gi bis elo. An den OGBL ënnertstëtzt dës Hëllefsmesure vun der Regierung un d’Betriiber. Well Betriiber hëllefen heescht och de Salariéen hëllefen. An dat geet awer nëmme wann e puer Konditiounen erfëllt ginn:

  1. Fir d’alleréischt mussen d‘Aarbechtsplaze garantéiert bleiwen. An dëse Betrieber dierf keen entlooss ginn
  2. An zweetens muss de Gros vun dësen Hëllefe vun de Betriiber rembourséiert ginn, wa si et erëm kënnen. Well dat sinn d’Sue vun eis alleguer, déi an d’Betriiber investéiert ginn, fir duerch déi Zäit ze kommen. A mir mussen déi Suen och erëmkréie wann et de Betriiber erëm gutt geet.

De Staat ass keng Mëllechkou, et dierf een et elo net iwwerdreiwen. Wann den OGBL Hëllefsmesuren ënnertstëtzt, kann et awer elo net sinn, datt et de Betriiber ni duergeet. Mir kënnen net zouloossen, datt d’Entreprisen, fir hier eege Profitinteressen ofzesécheren, froën datt se mat der Géisskan all hier lafend Käschte solle gedeckt kréien. An dat zu Laaschte vun de sozialen, wirtschaftlechen a gesellschaftlechen Interesse vun der Allgemengheet.

Kolleginnen a Kollegen,

Fir aus dëser Kris erauszekommen, musse mer eis gewerkschaftlech Ziler verfolgen: Aarbechtsplazen ofsécheren, keng weider Inegalitéiten an eiser Gesellschaft zouloossen, Précaritéit verhënneren an aus all dene Grënn musse mer déi wirtschaftlech Rezessioun sou gutt wéi méiglech opfänken an ofschwächen. An all déi Mesure mussen elo diskutéiert ginn. Zesummen.

An duerfir fuedert den OGBL vun der Regierung, datt den Nationale Koordinatiounscomité, Tripartite, aberuff gëtt. D‘Tripartite ass a bleift dat wichtegst Antikriseninstrument par Excellence, fir gemeinsam Léisungen ze sichen.

Am Interesse vum soziale Fridden a vun de wirtschafltechen, sozialen an allgemenge gesellschaftlechen Interessen.

Kolleginnen a Kollegen,

Mir erliewen eng ganz schwéier Zäit. Mat villen Erausfuederungen fir d’Betriiber, fir d’Leit alleguer, och fir eis als Gewerkschaft. An déi richteg Lektioune mussen aus dëser Kris gezu ginn. Mir erliewen haut wéi wichteg gutt ëffentlech Déngschtleeschtunge fir eis Gesellschaft sinn. Dat dierfe mer och no der Kris net vergiessen.

An dëser Kris gouf den Zesummenhalt an d’Solidaritéit tëscht all de Leit grouss geschriwwen. Dat sinn dem OGBL seng Wäerter. An déi gëllt et den 1. Mee ze feieren. Déi gewerkschaftlech Solidaritéit vun alle schaffende Leit, aus alle Beruffer a Qualificatiounen, ob aus dem ëffentlechen oder private Secteur, ob Mann oder Fra, ob Lëtzebuerger oder Auslänner, ob vun hei oder hannert der Grenz, an dëser Kris an och doriwwer eraus ass de richtege Wee an d’Zukunft.

An dësem Sënn, passt op Iech op a bleift gesond.

Vive den 1. Mee.
Vive den OGBL.

Hei d’Ried als PDF.

Related topics 1. Mee, Aarbecht, Bildung, Chômage Partiel, Coronakris, Ekonomie, Fuerderungen, Nora Back, OGBL, Schutzmask, Sécherheet, Video
Next post Previous post